|
12 visiteurs en ce moment |
![]()
Net nëmme vun der Fënster vum Paschtoueschhaus aus...
Priisterjoer 2009-2010
Vu Juni 2009 bis Juni 2010 dauert dat vum Poopst Benedikt XVI. ausgeruffent „Joer vum Priister“, dat soll ëm d’Herz-Jesu-Fest 2010 mat engem weltwäite Priistertreffen zu Roum säin Héichpunkt an Ofschloss fannen. Promoteur vun dëser Initiativ ass nieft dem Poopst selwer de Kardinol Hummes, Präfekt vun der réimescher Kleruskongregatioun, déi dat Ganzt superviséiert, koordinéiert an, wat den universalkierchleche Volet ugeet, organiséiert. Ulass ass dat 150. Doudesjoer vum Curé d’Ars, dem hl. Jean-Marie Vianney, deen als Virbild vu priisterlecher Existenz virgestallt gëtt, ë. a. mat dësem zentralen Zitat vun him: „D’Priistertum ass d’Léift vum Häerz vu Jesus“, woumat och de Link mat Herz-Jesu-Fest an der H.J.-Spiritualitéit hirgestallt ass. Christus präsent setzenD’Leitwuert vum Priisterjoer ass „Trei a Christus, Trei vum Priister“. De Geeschtleche soll duerch Wuert an Handelen Christus sichtbar maachen an dobäi am Einklang mat senger Verkënnegung liewen, sech perséinlech ëmmer méi staark zeréckhuelen an de Personnage vu Jesus Christus an him seng Botschaft an d’Mëtt stellen. Sënn an Zweck vum Priisterjoer ass, den Engagement an d’Ideal vun de Priister ze würdegen, fir Priisterberuffungen ze werben an ze bieden, d’priisterlech Identitéit an d’Theologie vum geweiten Amt ze verdéiwen, d’Spiritualitéit bei jidderengem vun hinnen ze erneieren, schléisslech d’Geeschtlech ze encouragéieren, net zulescht hir Fidelitéit an de missionaresche Geescht ze fërderen („Il est fondamental d’être un missionnaire capable de renouveler l’élan sacerdotal et de se sentir joyeux et convaincu de sa mission et du fait que celle-ci a un sens fondamental pour l’Eglise et pour le monde… Il réalise aussi un énorme travail dans la société, car il sème de grandes valeurs humaines…, pour qu’ils soient heureux, vu que l’on peut être heureux dans le sacrifice et dans la fatigue“, esou de Kardinol Hummes). En filigrane dréngt an den offiziellen Dokumenter och d’Trauer an den Ierger iwwer ontrei Priister duerch, déi sech z. B. a punkto Pädophilie eppes zuschold komme loosst an esou d’kierchlech Gemeinschaft präjudizéiert hunn. Missionaresch FreedD’Spiritualitéit, déi am Hannergrond steet, ass déi hei. D’Priistertum gëtt ganz vu Christus hir gedeit („Ihre Identität und Sendung gründen in der Gemeinschaft mit Christus, in den sie sich fortschreitend hineinversetzen und mit dem sie immer mehr eins werden sollen.“ Benedikt XVI.). De Kardinol Hummes formuléiert nach folgend Zil: „favoriser la tension des prêtres vers la perfection spirituelle“. Background ass eis postmodern Kultur vu Relativismus, Urbanismus, Pluralismus, Laizismus, déi ëmmer méi wäit vu Kierch a Chrëschtentum ewechréckelt, als Defi „non pas pour condamner le monde, mais pour le sauver… Le Prêtre doit faire cela avec son coeur, en étant ouvert, sans diaboliser la société, … mais emprunt de cette joie missionnaire de vouloir conduire les personnes à Jésus Christ“ (Kard. Hummes). De Priister ass ze gesinn am Kontext vun der Kierch, an deër e wierkt a vun deër en kengesfalls däerf isoléiert sinn. En ass Minister, d. h. Dénger, vun der Eucharistie a vum Beichtsakrament – woubäi d’eege Beicht eng grouss Bedeitung a sengem Liewen anhuele muss –, nieft senge Responsabilitéiten an der Verkënnegung, der Zesummenaarbecht mat de Laien, der Dringlechkeet vun der Missioun an eiser Kultur, déi net nëmmen ze verwerfen, mä och offen ass fir d’Evangelium (Benedikt XVI.: „Wir werden den Samen des Wortes Gottes nicht nur vom Fenster unseres Pfarrhauses aus säen, sondern wir werden ins offene Feld unserer Gesellschaft hinausziehen, angefangen bei den Armen, und so auch alle Ebenen und Institutionen der Gesellschaft erreichen.“) Aktives a SpirituellesInszenéiert gëtt d’Joer vum Priister a Form vu Bréifer, Messagen, Priedegten, Audienze vum Poopst a vum Kardinol Hummes oder och Schreiwes vu ville Bëschofen un hir Geeschtlech. D’Priisterjoer soll iwwerall gefeiert ginn. An de Bistümer, de Paren a Gemeinschaften soll e Veranstaltungsprogramm entworf ginn, an dat mat Kreativitéit. Zu Lëtzebuerg huet den diözesane Priisterrot e Vademecum erausginn mat allerhand Proposen (Spirituelles, Offeren aus de Medien, konkret Aktiounen) fir d’Geeschtlech an eiser Erzdiözes, awer och zum Deel fir hir Mataarbechterinnen a Mataarbechter respektiv déi Gemeinschaften, déi si leeden a begleeden. Eng Rei vun Initiativen si vu Roum ugereegt ginn. Allgemeng (Kard. Hummes): „Les diocèses doivent entreprendre des initiatives d’approfondissement et de célébration pour porter aux prêtres le message que l’Eglise les aime, les respecte, les admire, qu’elle est fière d’eux.“ Proposéiert gi Studiendeeg, Konferenzen an Tagungen, wëssenschaftlech Studien a Publikatiounen, reliéis an ëffentlech Feieren, Gebied a Meditatioun, Priisterreträten an Zäit fir perséinlech Reflexioun. Zu Lëtzebuerg wäert de kommenden 19. Januar eng „Journée presbytérale“ ofgehale ginn mam Kardinol Danneels vu Bréissel als Animateur. D’Geeschtech ginn och allgemeng invitéiert, déi konkret Liewesëmstänn bei sech selwer ze iwwerpréifen, am Sënn vun enger „verifica“ an der ëmmer neess nei ustoender Bekéirung. Et soll e Joer si vu Gebied vum Priister, mat de Priister a fir d’Priister, mat der Eucharistie als Mëttelpunkt, ë. a. der eucharistescher Anbetung. All Lokalkierch gëtt agelueden, e puer exemplaresch Priistergestalten aus hirer Geschicht als Inspiratiounsmodeller ze presentéieren. Et sollen net onbedéngt nei Initiativen ergraff gi mussen, mä dat, wat souswisou leeft, méi bewosst gelieft oder gemat ginn. D’Priisterjoer ka fir all Geeschtlechen eenzel an och fir de Presbyterium, d. h. hir bridderlech Gemeinschaft an der Diözes ëm de Bëschof erëm, eng Chance sinn, hir Beruffung ze verdéiwen an nei Akzenter ze setzen. Besonnesch sollt och doriwwer nogeduecht ginn, wat wiesentlech zum Déngscht vum geweiten Amtsträger gehéiert a wat aner Matchrëschte genee esou gutt oder vläicht besser maache kënnen. Georges Hellinghausen Vademekum zum Priesterjahr.
Vade-mecum pour l’Année du prêtre 365 pensées pour l’Année sacerdotale Faaschtepriedegte vum Abbé Patrick Hubert iwwer den Déngscht vum Priister Spezifesch Internet-Säite fir d’Priisterjoer gët et ënner:
25. November 2009
|
AGENDA
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||