A sengem neie Buch « De Glawen an d’Gespréich bréngen. Aktualitéit an Traditioun » veröffentlicht de Jean Ehret, e Lëtzbuerger Geeschtlech am pastoralen an am akademeschen Beräich täteg, 24 Radio-Emissiounen, gehalen tëschen 2009 an 2011, fënnef Priedegten an eng Adventsmeditatioun.
An all dësen Texter geet ët him ëm de kathoulesche Glaawen an der Ausernanersetzungen mat moraleschen, politischen, kulturellen, reliéisen, literareschen a spirituellen Themen.
Esou geet direkt am Ufank vum AIDS Rieds an der virbildlecher Haltung vun der katoulescher Kierch, déi oft negativ a falsch dirgestallt gëtt. Déi 5 Minuten Reliounschronik am Mount, vun denen déi veröffentlecht Texter hierkommen, kënnen sech dann och als Korrektiv vun onberechtegter Kritik géint d’kathoulesch Kierch verstoen.
Dës kathoulesche Glaawen, dat geet aus den Emissiounen vum Jean Ehret erfir, ka verstane ginn wéi eng « Software fir dem Mënsch säin existentiellt an interaktivt Navigatiounssystem ». Hien ass esou eng Hëllef fir e wierkleche gemeinsame Fortschrëtt, wëll de kathoulesche Glaawen versteet de Mënsch nët als en isoléiert Wiesen, mee als Geschöpf vum Härgott. Domat ass och d’Liewen nët einfach Schicksal, eng Astellung, déi Konsequenzen op Bildung muss hunn. An enger Emissioun iwwert Universitéiten heescht ët, datt eng kathoulesch Universitéit dofir suergt, datt en net zu engem Fachidiot gëtt, mee eng ëmfassend Bildung kritt, di all Säite vum Mënsch betrëfft.
De Lieser vun dësem Buch versteet besser wat e kathoulesche Priester ass, a wéi eng Roll d’Laien an der Welt vun haut spillen, wat ee kann iwwert dat Béist an d’Leed aus der Perspektiv vum Glaawen soen oder wéi Gnood an Ästhetik matenaner verbonnen sinn. Et gëtt een och d’Argumentatioun vum Popst Benedikt XVI. gewuer, géint all réliéise Fundamentalismus an all Versuch, Relioun als reng Privatsaach ze gesinn. Interessant ass dem Jean Ehret seng Bemierkung, datt den Ënnerscheed vun de chrëchtleche Konfessiounen am Fong manner wichteg ass wéi den Ennerscheed tëschen denen déi un d’Verbindlechkeet vun der Helleger Schrëft an der Traditioun gleewen an deenen fir déi si just nach en historescht Dokument ass, un deem een sech vague kann inspiréieren.
Géint all reliéisen oder athéisteschen Fundamentalismus fiert dem Jean Ehret säi Bus intelligent a respektvoll den demokrateschen Prozess : Et ass fir hien grad esou falsch ze soen, « eng reléis motivéiert Meenung wier nët berechtegt sech ze äusseren, wéi ze mengen se misst alles bestëmmen ».
Intellektuell op der Héicht a literaresch gutt formuléiert sinn dem Jean Ehret seng Interventiounen, esouwuehl um Radio wéi op dem Priedegtstull. Si hunn theologeschen Niveau, si respektvoll an engagéiert, stellen falsch Evidenzen a Fro, a verloossen ni den authenteschen kathoulesche Glaawen, deen eis westlech Gesellschaften haut esou néideg hunn.
Um Schluss kann ech mech nëmmen dem Äerzbeschof Jean-Claude Hollerich uschléissen, wann hien am Virwuert vum Buch schreiwt : « ech géif mech freeën, wann et net nëmmen Chrëschten géif erreechen an esou vill Leit zum Nodenken an Diskutéieren aluede kéint ».
Jean Ehret, De Glawen an d’Gespréich bréngen. Aktualitéit an Traditioun,
BoD, Norderstedt, 2011, 192 S.
ISBN 978-3842379107.
Et kritt een d’Buch an all Librairie an och um Internet. – Och als E-Book, fir 9,99 €, ASIN B006286526, an Internetslibrairien erofzelueden.