lb fr pt en
150 Joer Diözees Lëtzebuerg . 150 ans diocèse de Luxembourg  
3. Dezember 2019

Gebietsowender op der Giischterklaus am Kader vum 150. Anniversaire vun eiser Diözes

by Jim Wanderscheid - intranet.cathol.lu cc_by-nc-nd

Zënter ongeféier 40 Joer gëtt den éischten Donneschdeg vum Mount op d’Giischterklaus gepilgert an do fir eis Kierch a Beruffunge gebiet. Den 150. Anniversaire vun eiser Diözes wëlle mir op der eelster Mariewallfaart am Land am Gebiet begleeden. An dësem Jubiläumsjoer wëlle mir ons déi Owender an der Ubiedungszäit mat Hëllef vun Texter vu bekannten an onbekannte Perséinlechkeeten aus der Lëtzebuerger Kierchegeschicht un d’Hand huele loossen an eist Liewe vun dëse Leit inspiréiere loossen.

Datumen

5.12.2019, 2.1.2020, 6.2., 5.3., 2.4., 7.5. (Muttergottesoktav, déi och op der Klaus gefeiert gëtt), 4.6., 2.7., 6.8., 3.9., 1.10., kee Gebiedsowend am November (Willibrordus-Oktav zu Iechternach), 3.12.

Oflaf

  • 18:30 Auer: Rousekranzgebiet
  • 19:00 Auer: Hl. Mass mat Priedegt an Uergelmusik, duerno eucharistesch Ubiedung mat Texter vu jeweils enger Perséinlechkeet aus der Kierch zu Lëtzebuerg bis ca. 20h45/21h00 Auer
Girsterklaus 2020
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
WhatsApp 352 691 12 97 76
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu