lb | fr | pt | en |
Fotograféier e Rousekranz an/oder eng Muttergottesstatu
Aktioun “Oktav2020” vun de Lëtzebuerger Massendénger
Dëst Joer ass et eng méi “besonnesch” Oktav – d’Oktav ass an der Kathedral vum 02.05.-17.05.2020 a mir dierfen net dohin. An dat an deem Joer, wou den Nationalaumônier vun de Lëtzebuerger Massendénger déi Éier huet, fir Oktavpriedeger ze sinn.
Dir dierft awer d’Maria froen, datt si eis all beschütze soll. Als Massendénger wësst dir, datt bäi de Prëssessiounen an och bei ganz villen anere Momenter wärend der Oktavzäit de “Rousekranz” gebiet gëtt.
Rousekränz – Statuen a Biller vun der Muttergottes
Elo ass et un iech fir eis Fotogalerie “Rousekränz” a “Muttergottesstatu” ze fëllen: Also lass: knipst e Rousekranz (oder och méi): de Rousekranz vun der Kommioun, der Mamm hiren, dem Papp säin, ee selwer gebastelten, ee geluechten (z. B. mat Blummen, Steng asw.), ee gemoolten… eng Virlag fannt dir op eiser Homepage.
Vläicht begéint dir och bei engem Spadséiergang eng Muttergotteststatu (an der Kierch, an enger Nisch vun engem Haus, an engem Fiels asw.) oder dir hutt eng doheem. Fotograféiert déi Statu a mailt se mat enger kuerzer Beschreiwung, wou dir d’Statu geknipst hutt (z. B. Kierch Konsdref). Vill Spaass!
D’Foto/Fotoen einfach op d’Mailadress massendenger@cathol.lu mailen. Op der Homepage vun de Lëtzebuerger Massendénger ass eng Galerie mat all äre Fotoen:
- Oktav2020: Statuen a Biller vun der Muttergottes
- Oktav2020: Rousekränz
Zousätzlech kënnt Dir Iech op eisem YouTube-Kanal e puer Videoen ukucken, déi mir zougeschéckt kritt hunn: YouTube Lëtzebuerger Massendénger
Bléift all gesond a monter!
Bescht Gréiss aus der Massendéngerzentral
- Oktav 2017 . Octave 2017
- Oktav 2016 . Octave 2016
- Das Oktavbild des Tages . L’image du jour de l’Octave
- Oktav 2021 . Octave 2021
- Tréischterin am Leed . Consolatrice des Affligés
- „Consolatrix mit stilisierten Stadtmotiven“
- Wéi gëtt de Votivaltoer opgeriicht?
- (Bal) 400 Joer Oktavgeschicht. Konstanten a Bréch
- Entstehung, Entwicklung und Bedeutung der Muttergottes-Oktave
- En neien Ufank woen