lb | fr | pt | en |
Schléifs du?
Schein oder Sein? Wegweiser zum 33. Sonndeg am Joreskrees vum Fränk Strock (18.11.2018)
Wa meng Bom, déi virun 30 Joer gestuerwen ass, d’Nochriichte gekuckt huet, sot si oft: „D’Welt geet ënner!” Obwuel si zwee Weltkricher matgemaach huet, konnt si sech net mat de Katastrophen ufrënden. Ma, ech froe mech heiansdo, wat si haut géing soen: Nach méi Naturkatastrophen (verheerend Bëschbränn a Kalifornien, d’léscht Joer a Portugal, laang Drëchend bei eis, an am Mëttelmierraum gi si de Reen net Meeschter, asw.), Terrorismus a Krich; an dann nach déi vill Leit op der Flucht aus hire Länner. An da kënnt de Rietsruck an eisen demokratesche Länner dobäi. Alles dat hat si nom Zweete Weltkrich net méi gesinn.
Donieft stellt eis d’Caritas alljoers Zuele vir, déi weisen, dass d’Gefor, fir an d’Aarmut ofzerutschen, ëmmer méi grouss gëtt. D’Zuel vun de Leit, déi eng sozial Ënnerstëtzung vum Staat brauchen, geet an d’Luucht, obwuel de Räichtum vum Land eropgeet.
An eis Kierche ginn ëmmer méi eidel. An eise Masse gesi mir nach haaptsächlech al Bopen a Bomen. Sinn déi aner Leit net méi interesséiert un der Relioun an u Gott? Brauche si keng Spiritualitéit méi?
An all deem stellen ech mir d’Fro: So Jesus, schléifs du, wa mir am Stuerm ënnerginn? (Mk 4, 38)
E fräikierchleche Kolleg sot mir: „Den Här kënnt geschwënn erëm!“
Op dat esou ass, wees ech net, ma ech weess, dass Jesus eis invitéiert, virun ze maachen, seng gutt Nochriicht weiderzedroen bei d’Mënschen, a seng Léift weiderzeginn. An net nëmmen um Sonndeg deenen Aarmen, deene wou et manner gutt geet, eis Frëndschaft unzebidden.
Alles vergeet eng Kéier, just Gott net!
Source: wort.lu