lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vu Weiler-zum-Tuerm iwwerdoen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf den 30. Abrëll, um 9 Auer aus der Kierch vu Weiler-zum-Tuerm iwwerdroen. D’Chorale Weiler-zum-Tuerm/Haassel huet ënnert der Leedung vum Horaţiu Dragan gesongen, op der Uergel huet d’Simone Appelbaum-Goebel begleet.
No 8 Joerzéngte Männerchouer vun 1890 bis 1969 gouf mat der Grënnung vum gemëschte Gesangveräin d’Basis fir eng nei Ausriichtung geschaf. An de leschte Jore konnten di 11 Dammen a 7 Hären ënnert dem Impuls vun der Presidentin Josée Schlammes-Krier, geleet vum Dirigent Horatiu Dragan, ënnerstëtzt a begleet vun der Organistin Simone Appelbaum-Goebel, de Repertoire duerch eng Rei zäitgeméiss, uspriechend Kompositiounen erweideren. De Weiler Gesank mécht sech eng Éier doraus, bei all Optrëtt méistëmmeg Gesäng zu vollster Zefriddenheet virzedroen. Prouwe si mëttwochs owes zu Haassel am Veräinshaus – all nei Sängerin oder Sänger empfänkt d’Chorale Weiler/Haassel mat oppenen Ärem. En éischte Kontakt kënnt Dir huele mam Sekretär André Welfring (Tel.: 23 66 86 75).
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Uergel: Entrée | Alla Marcia | Thomas Adams |
---|---|---|
Agankslidd | Jubilez, criez de joie | Fr. Jean-Baptiste Du Jonchay |
Kyrie | Enfant bien-aimé (Messe: vienne ton royaume) | Michel et Charles Wackenheim |
Gloria | Gloria (Messe de St Paul) | Louis-Étienne de Labarthe |
Alleluja | Alleluia Madrigal | Donald Moore |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowebereedung | Remplis ma bouche | Lucien Deiss |
Sanctus | Pure and holy | Bob Farnsworth, Michel Hudson |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Agneau de Dieu (Messe: vienne ton royaume) | Michel et Charles Wackenheim |
Kommioun | Je viens vers toi les mains ouvertes | Jean-Claude Gianadda |
Schlusslidd | I’ve got a feeling | Lorenz Maierhofer |
Uergel: Sortie | Improvisation sur le “Te Deum” | Charles Tournemire |
Chouer: Chorale Sainte Cécile Weiler-zum-Tuerm/Haassel
Dirigent: Horaţiu Dragan
Organistin: Simone Appelbaum-Goebel