lb | fr | pt | en |
„Ech si ganz frou dierfe Kaploun ze sinn“
Interview mam Priisteramtskandidat Vincent De Smet
Am Virfeld vu senger Priisterwei den 10. Oktober an der Kathedral huet de Priisteramtskandidat Vincent De Smet op eis Froe geäntwert.
E Samschdeg, den 10. Oktober 2020 huet den Äerzbëschof Jean-Claude Kardinol Hollerich den Diakon Vincent De Smet zum Priister fir d’Äerzdiözes Lëtzebuerg geweit.
Kuckt hei de Replay vun der Zeremonie.
De Vincent De Smet ass 32 Joer al a kënnt vun Ettelbréck, wou hien och seng Schoule gemaach huet: als éischt eng Léier an der Verwaltung, dono eng 13e Commerce. Uschléissend huet hien e Propädeutikumsjoer (Aféierungsjoer) am „Grand Séminaire de Luxembourg“ an der Stad gemaach. Vun do aus ass hien dunn an de Service vun den Abonnementer vum „Luxemburger Wort“ schaffe gaangen. No enger Rei Joren am Aarbechtsliewen ass hien dunn am September 2014 an den iwwerdiözesane Priisterseminaire, Studienhaus St. Lambert zu Lantershofen bei Bonn geschéckt ginn, fir Theologie ze studéieren. Zënter senger Wei zum Diakon den 18. Mee 2019 schafft de Vincent De Smet als Diakon an der Par Musel a Syr Saint-Jacques.
No der Priisterwei ass d’Primiz e Sonndeg, den 11. Oktober, um 15 Auer zu Ettelbréck virgesinn.
Unterstützen Sie die vollständige Instandsetzung des Instrumentes mit Ihrer Spende!