lb fr pt en
Priedegten 2023  
10. Mee 2023

Ënnert dem Kräiz

Lauschtert a liest d’Oktavpriedegt vum Renée Schmit (10. Mee 2023)

Aus dem heiligen Evangelium nach Johannes (Joh 19,25-27)

Bei dem Kreuz Jesu standen seine Mutter und die Schwester seiner Mutter, Maria, die Frau des Klopas, und Maria von Magdala. Als Jesus die Mutter sah und bei ihr den Jünger, den er liebte, sagte er zu seiner Mutter: Frau, siehe, dein Sohn!

Dann sagte er zu dem Jünger: Siehe, deine Mutter! Und von jener Stunde an nahm sie der Jünger zu sich.




Här Kardinol,
Léif Leit alleguer,

Wéi ech als Studentin 1990 an der Clinique Sacré-Cœur ee Stage gemaach hunn, huet d’Schwëster Marguerite mech moies no der Paus eng Kéier um falsche Fouss erwëscht. An engem Zëmmer vum 3. Stack war kuerz virdrun ee Mann gestuerwen, an ech sollt d’Famill begleeden. Dorop war ech natierlech net virbereet an hat och bis dato nach ni een Doudege gesinn.

D’Zëmmerdier ass opgaangen an eng eeler Fra souz ganz opgeléist um Doudebett vun hirem Mann. Eng ganz Éiwegkeet huet d’Fra dunn d’Liewe vun hirem Mann an d’Geschicht vun hirer Koppel erzielt an dertëscht ëmmer nees probéiert, deen Doudege mat léiwe Geste lieweg ze maachen. Villes ass mir an deem Moment duerch de Kapp an duerch d’Häerz gaangen, mee intuitiv hunn ech verstanen, datt et net un de grousse Wierder wier. Mäin rouegt Dosi war gefrot, mäin oppent Ouer a meng Zäit, fir de Schmäerz mat der Fra einfach auszehalen.

Ënnert dem Kräiz! Wéi dacks stounge mir selwer schonn op dëser Plaz, wann ee léiwe Mënsch gestuerwen ass, wann d’Wierder oder d’Lidder eis am Hals stieche bloufen, wann d’Mamm oder de Papp no laanger Krankheet heem gaangen ass, wann ee Kand virun den Eltere gestuerwen ass oder ee jonke Mënsch grausam aus dësem Liewe gerappt gouf, wann talentéiert Artiste vun engem Moment zum aneren aus desem Liewe gerappt goufen an d’Uergel vun engem Dag zum anere stomm bliwwen ass, a mir kéinte mat esou ville Beispiller weiderfueren.

Den Doud, léif Pilgerinnen a Pilger, kënnt heiansdo onerwaart a vill ze fréi. Net sielen hunn déi, déi esou getraff ginn an zréckbleiwen d’Gefill, datt d’Liewen ongerecht mat hinnen ass. Iwwerhaapt deet sech eis Gesellschaft schwéier mam Doud. Hie gëtt gär verdrängt an d’Auserneesetze mat de Sënnfroe vum Liewe kritt am Allgemengen net vill Plaz ageraumt. Wat zielt ass d’Liewen hei an elo.

Och mir Chrëschten hänken um Liewen, mee mir wëssen, datt mir dem Doud net kënnen auswäichen. Eist Oktavevangelium stellt eis d’Kräiz vum Jesus virun Aen. Golgotha, d’Plaz vu senger Käizegung, louch baussent de Stadmauere vu Jerusalem a war eng Plaz vun der Schmot. Do ass hien elo ukomm, hien de Rabbi vu Nazareth, op deen der esou vill hir Hoffnung gesat haten. Dofir verwonnert et net, datt a senger leschter Stonn nëmmen nach déi Noost bei him sinn.

Fir d’éischt ass do mol säi Liblingsjünger, dee sécher mat Absicht net mam Numm genannt gëtt. Da seng Mamm an d’Maria, dem Klopas seng Fra, héchstwarscheinlech eng Wittfra, déi vläicht och nach zur Famill gehéiert huet. Duerno gesi mir d’Maria vu Magdala, eng ëffentlech Sënnerin, déi am iwwerdroene Sënn duerch hire Liewenswandel fir vill Leit scho gestuerwe war, mee där de Jesus zu engem neie Liewe gehollef hat.

Si all huet d’Kräiz elo zesumme geféiert an si kucke vun ënne ganz hëlleflos op de Jesus, deen a senger Agonie ass. Et ass den Ufank vun enger Kärgemeinschaft, déi an der Erënnerung un de Jesus an an der Kraaft vum Hellege Geescht wuesse wäert. Si all hu ganz ënnerschiddlech Liewensparcoursen, mee si si gëeent duerch de Jesus: de Jünger, d’Mamm, d’Schwëster, d’Wittfra an d’Sënnerin.

Et fält op, datt ënnert deenen, déi dem Jesus d’Trei hale bis zum Schluss vill Frae sinn. Fraen, a besonnesch Mammen, si mat dem Wéi vertraut a lafen net esou séier virun him fort. Mee och de Liblingsjünger, dee Jünger, an deem mir eis erëmerkennen dierfen, ass do. Hien ass dee Jünger, dee beim Leschten Abendmahl zum Häerz vum Jesus gedréint war. Elo gëtt ënnert dem Kräiz säin Häerz zerrappt.

An da geschitt eppes Onerwaartes. Eng leschte Kéier kuckt de Jesus seng Mamm un a bei hir de Jünger, deen hie gären hat. Doropshi seet hien zu senger Mamm: „Fra, kuck däi Jong!“ an zum Jünger: „Kuck, deng Mamm!“ – Dëst sinn dem Jesus seng lescht Wierder. Ënnert dem Kräiz verbënnt hien seng Mamm mam Jünger an de Jünger mat der Mamm. Well de Jünger och eisen Numm droe kann, dofir ass Maria och eis uvertraut a mir hir. „Und von jener Stunde an nahm sie der Jünger zu sich.“ Eng Rei vun Exegeten iwwersetzen dëse Saz mat „…huet si de Jünger a säin Eegent geholl“. Domat ass sécher méi geméngt, wéi datt de Jünger d’Maria bei sech a säin Haus opgeholl huet, fir datt si versuergt wier. Et geet ëm eng déif ënnerlech Verbindung, aus där eraus d’Kierch lieft. Déi lescht Sätz vum Jesus schafen neit Liewen. Säi Stierwen um Kräiz gëtt zu der Gebuertsstonn vun der Kierch.

Léif Leit,

Ënnert dem Bléck vum Gekräizegte gëtt d’Liewe verännert. Och eng kleng Kierch ass dem Bléck vum Gekräizegten ausgesat. Grad wa villes am gaangen ass ze stierwen: d’Zuel vun de Gleewegen, d’Aschreiwungen an der Katechees besonnesch no der Kommioun, Desakralisatioun vu Kierchen a Kapellen, kënne mir den Doud net méi verdrängen.

Vläicht geet et eis dann ewéi der aler Fra um Bett vun hirem verstuerwene Mann, déi deen nees wollt lieweg maachen. Lues a lues huet si awer geléiert eng räich Vergaangenheet lass ze loossen an ze begruewen, wat gestuerwe war.

Mir kënnen a brauchen Doudeges an der Kierch net zu engem neie Liewen ze erwächen. Mir brauchen och de Courage fir dat ze begruewen, wat scho laang dout ass. Awer d’Evangelium seet eis, datt Christus seng Kierch net stierwe léisst. Aus dem Doud entsteet eppes Neies. De Jesus vertraut dem Jünger seng Mamm un, well hien e Projet vu Liewe fir si huet. Fir de Jünger gëtt Maria zum sécheren Zeeche vun Hoffnung a vun Trouscht a fir Maria gëtt de Jünger zum Häerz, dat si ophëlt.

Léif Schwësteren a Bridder,

Bei all deem hunn ech spontan un den Eric-Emmanuel Schmitt missen denken, ee bekannte franséische Schrëftsteller aus eiser Zäit. Hien ass als Atheist grouss ginn, mee léisst sech duerch verschidden Ëmstänn drop an, un enger klassescher Pilgerfaart an d’Hellegt Land deelzehuelen. Zu Jerusalem um Wee op Golgotha huet hien e mystescht Erliefnis vun der Presenz vu Christus. Et ass, wéi wann op sengem ganze Liewe géif en intensiven a waarme Bléck rouen, deen hien ëmäerbelt an net méi lass léisst.

A sengem leschte Buch Le défi de Jérusalem [1] liwwert den Eric-Emmanuel Schmitt säin Temoignage. No enger Privataudienz beim Poopst François schwätzt hie vu sengem staarken Erliewen op Golgotha an de Medien a seet dat hei: „Cette expérience me donne confiance dans l’amour, dans la vie à partager aux autres […] Il ne faut pas essayer de résoudre le mystère, mais il faut le fréquenter.“

Ass et net och dat, wat eis d’Oktav-Evangelium mat op de Wee gëtt: Mir solle Vertrauen hunn an d’Liewen, wou den Herrgott op eis waart fir d’Liewe mat aneren ze deelen. Och am Leed kënnt et drop un, d’Geheimnis net wëllen ze léisen, mee an d’Geheimnis eran ze wuessen.

Maria an de Jünger hunn dat gemaach. Duerch dem Jesus seng Wierder ass d’Maria fir de Jünger e séchert Zeeche vun Hoffnung a vun Trouscht ginn, a fir d’Maria ass de Jünger d’Häerz ginn, dat hien ophëlt. Amen.


[1Eric-Emmanuel Schmitt, Le défi de Jérusalem, Albin Michel, 2023.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu