lb fr pt en
Hierdebréiwer & Messagen . Lettres pastorales & messages  
7. März 2022

Begéinen, lauschteren, discernéieren - synodal ënnerwee

Bëschofswuert fir d’Faaschtenzäit 2022

Léif Bridder a Schwësteren am Glawen,

Mir sti matten an der diözesaner Phas vun der Synod 2021-2023. Zréck vu menger Ad limina-Visitt zu Roum proposéieren ech Iech um Ufank vun der Faaschtenzäit e gemeinsame Wee op Ouschteren hin ze goen, an dat am Geescht vun der Synodalitéit. Wat domat gemengt ass, huet eise Poopst François mat einfache Wierder an der Priedegt an der Erëffnungsmass vun der Synod zu Roum, den 10. Oktober 2021, esou erkläert: Eng Synod ofzehale bedeit, op deem selwechte Wee ze goen, zesummen ënnerwee ze sinn.

Wéi gesäit dee Wee konkreet aus? Kucke mir dofir op den Här Jesus selwer, dee jo „de Wee, d’Wourecht an d’Liewen“ (Joh 14,6) ass. Mam Poopst François wëlle mir eis op déi dräi Verbe vum synodale Wee konzentréieren: begéinen, lauschteren, discernéieren.

Begéinen

Mat de Lockerunge vun de sanitäre Mesuren ass et méi liicht ginn, fir sech nees ze begéinen. Bei alle Virsiichtsmoossnamen, déi ëmmer nach ubruecht sinn, wéi Masken droen an Distanzen anhalen, begéine mir eis erëm méi an der Famill, op der Aarbechtsplaz an an der Fräizäit. Mir liewe weider mam Coronavirus, wéi och mam Virus vun der Angscht a vum Decouragement. Loosse mir eist Liewen awer net nëmmen dovu bestëmmen.

Och an der Kierch ass nees méi Begéinung méiglech. D’Synod ass an deem Sënn eng Chance, fir eis nei zesummen ze fannen an eis erfueren ze loossen, datt mir um gemeinsame Wee mat Jesus Christus sinn. Domat schléisse mir un de Motto „zesumme Kierch sinn“ vum Bistumsjubiläum 150 Joer Diözees Lëtzebuerg am Joer 2020 un. Villes ass an deene vergaangenen zwee Joer vu Pandemie leie bliwwen, munches ass méiglecherweis ofgestuerwen. Eng Partie vun eise Matchrëschte wäerten och de Wee an eis Veräiner a Gottesdéngschter aus verschiddene Grënn leider kaum méi zréckfannen. Dat soll eis awer net dovunner ofhalen, fir dem Opruff vum Poopst François nozekommen an an eiser Diözees, wéi an allen Diözeesen op der Welt, e synodale Prozess ze woen. Et schéngt mir haut méi wéi jee wichteg ze sinn, sech ze begéinen, openeen ze lauschteren an am Hellege Geescht ze discernéiere wat fir Schrëtt mir gemeinsam goe sollen, fir datt eis Kierch méi lieweg gëtt.

Den Här Jesus selwer ass immens ville Mënsche begéint. Sief et dem räiche Mann, dee freet „Wat muss ech maachen, fir dat éiwegt Liewen ze kréien?“, oder dem blanne Bartimäus, dee freet, datt hie ka gesinn, wéi villen anere Fraen a Männer, déi him mat hire Froen an hirem Leed um Wee begéint sinn.

Seng Begéinung mat den Emmausjünger awer ass eng vun deene schéinsten am Evangelium. Um Owend vum Ouschterdag sinn déi zwee Jünger déck enttäuscht vu Jerusalem fortgaangen. Si hate gehofft, datt de Jesus, deen esou vill Grousses gewierkt hat, och dee wier, deen Israel erléise géif. Matten an hirem desillusionnéierte Gespréich „ass de Jesus selwer op si duerkomm an ass mat hinne virugaangen“ (Lk 24,15). Dat soll och eis encouragéieren zesummen ze kommen a mateneen iwwer alles ze schwätzen, wat eis an der Kierch beweegt: esouwuel dat manner Schéint an Enttäuschent wéi dat Schéint an Hoffnungsvollt, eis negativ Erfarungen an oder mat der Kierch, wéi eis gutt Erliefnesser, eis Roserei iwwer dëst oder dat, awer och eis Dankbarkeet – jo, alles dierf zur Sprooch kommen. Da si mir a gudder Gesellschaft, well de Jesus ass och da bei eis a geet mat eis virun, esou wéi mat den Emmausjünger. Als Äerzbëschof vu Lëtzebuerg fäerten ech net, fir all Stëmmen ze lauschteren: déi eng méi aus der Mëtt vun der Kierch, déi aner vun hirer Peripherie oder och doriwwer eraus.

Lauschteren

Déi tëschemënschlech Kommunikatioun ass net ëmmer einfach. Deen ee seet eppes, awer deen anere versteet eppes anescht. Mir kënnen hei vu Spezialisten aus der Kommunikatioun léieren, wéi an eise Versammlungen a Begéinunge besser openee lauschteren.

De Kommunikatiounspsycholog Friedemann Schultz von Thun seet, datt all Message véier Säiten huet: d’Sachebene, den Appell, d’Bezéiungsebene an d’Selbstoffenbarung. Fir datt den Empfänger richteg héiert, wat de Sender vun der Botschaft seet, muss ee sech dëse véier Säite bewosst sinn, wéi wann ee mat véier Ouere lauschtere géif. Dobäi kënnt dann och nach déi non-verbal Kierpersprooch, also wéi ech eppes soen.

Um Wee no Emmaus huet de Jesus fir t’éischt emol gutt nogelauschtert. De Kleopas huet him et lafe gelooss an hir Erliefnesser an hir gebrachen Hoffnungen erzielt. „Die Sache Jesu“ war, mënschlech gesinn, mat sengem Dout um Kräiz gescheitert. Eréischt duerno huet de Jesus geschwat an hinnen alles, ugefaange mat dem Moses a mat alle Prophéiten, an en neit Liicht eragestallt, an d’Liicht vum Herrgott sengem Heelsplang fir d’Mënschheet.

Bleif bei eis, wëll et gëtt esou lues Owend, den Dag geet op en Enn.

De Jesus ass hirer Opfuerderung nokomm. Hien huet net nëmmen d’Sachebene consideréiert, datt et scho spéit am Dag war, mee virun allem huet hien hiren Appell gehéiert, hien soll si dach wannechgelift net eleng loossen.

Déi drëtt Säit vun der Ausso ass wuel déi, datt déi zwee Pilger am gaange sinn, eng Bezéiung vu Vertrauen zum Jesus opzebauen. Hire Wonsch ass et, déi weider ze verdéiwen.

A schliisslech enthält hir Ausso och e Message iwwer si selwer, nämlech datt net nëmmen den Dag zu Enn geet, mee och si selwer um Enn sinn, wa si eleng gelooss ginn.

Wéi si du bei Dësch waren an hien den Herrgott gelueft, d’Brout gebrach an hinnen et ginn huet, du sinn hinnen d’An opgaangen a si hunn hien erkannt.

Discernéieren

Dat drëtt Verb vum synodale Wee setzen d’Jünger ëm, nodeems de Jesus net méi siichtbar an hirer Mëtt war. Si kucken zréck, erënnere sech a soen een zum aneren: „Huet net eist Häerz gebrannt, wéi hien ënnerwee mat eis geschwat huet?“ An hir Decisioun ass séier gefaasst: si mussen ëmkéieren an hannescht op Jerusalem goen, zréck an d’Gemeinschaft vun den Apostelen, fir hinnen vun hirer Erfarung mam Operstanenen ze erzielen. „Déi selwecht Stonn nach hu si sech op de Wee gemaach.

Léif Bridder a Schwësteren, dëst ass d’Gronddemarche vun eisem synodale Prozess haut, zu där ech Iech häerzlech invitéieren an encouragéieren:
An der Begéinung ënnerteneen a mat Jesus Christus an eiser Mëtt, openee lauschteren;
op eise gemeinsame Wee zréckkucken, fir ze entdecken, wou eist Häerz gebrannt huet, wou mir vum Hellege Geescht am Häerz beréiert goufen;
a schliisslech zesummen discernéieren, wat de nächste Schrëtt ass, dee mir ze maachen hunn, fir datt eis Kierch eng gutt Zukunft huet.

Fir datt eis dat hei zu Lëtzebuerg an an der Weltkierch mat dëser Synod geléngt, wëll ech mat deem Gebiet zum Hellege Geescht schléissen, dat de Poopst François um Ufank vum synodale Prozess proposéiert huet:

Komm, Heiliger Geist,
der du neue Sprachen erweckst und Worte des Lebens auf die Lippen legst,
bewahre uns davor, eine museale Kirche zu werden,
die schön, aber stumm ist,
die viel Vergangenheit, aber wenig Zukunft besitzt.

Komm unter uns,
auf dass wir uns in der synodalen Erfahrung nicht von Ernüchterung überwältigen lassen, die Prophetie nicht verwässern,
nicht darin enden, alles auf unfruchtbare Diskussionen zu reduzieren.

Komm, Heiliger Geist der Liebe,
öffne unsere Herzen für das Hören.
Komm, Geist der Heiligkeit,
erneuere das heilige und gläubige Volk Gottes.
Komm, Schöpfer Geist,
erneure das Angesicht der Erde.

Amen.

Lëtzebuerg, um Fest Kathedra Petri, den 22. Februar 2022

+ Jean-Claude Kardinol Hollerich
Äerzbëschof vu Lëtzebuerg

Bëschofswuert fir d’Faaschtenzäit 2022
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu