lb fr pt en
Hierdebréiwer & Messagen . Lettres pastorales & messages  
1. März 2020

Bekéierung zu Christus – ekologesch a pastoral

Bëschofswuert fir d’Faaschtenzäit 2020

D’Faaschtenzäit huet de leschte Mëttwoch mam Äschermëttwoch ugefaang an hält mat der Ouschternuecht op. Si huet d’Zil, eis op d’Feier vum éischterlechen Triduum virzebereeden, fir eis nees méi déif mat Jesus Christus, dem Gekräizegten an Operstanenen, ze verbannen.

Et ka sinn, datt mir eis vun der Hetz an dem Stress, déi d’Liewen haut méi wéi jee prägen, méi oder manner vun Him distanzéiert hunn.

Fir nei an d’An ze faassen, wat eis chrëschtlech Identitéit ausmécht, ass d’Faaschtenzäit e privilegiéierte Moment am Joer. Et geet drëm, eis dem Jesus nees méi resolut zouzewenden, säi Wuert ze héieren an et an eisem Liewen ëmzesetzen. Dofir brauch et ëmmer nees Momenter vu Bekéierung. Profitéiere mir also zesummen an den nächste sechs Wochen, fir eis nei op dem Jesus säi Wuert vum Liewen anzeloossen an eiser Beruffung als Chrëschte méi Profil ze ginn.

Ufank Oktober 2019 duerft ech, um Uschloss un de Konsistorium, an deem de Poopst Franziskus mech zum Kardinol kreéiert huet, un der Amazonas-Synod deelhuelen.

Si huet mat engem Opruff zu enger ganzheetlecher Bekéierung opgehalen. D’Ofschlossdokument mam Ënnertitel Neue Wege für die Kirche und für eine ganzheitliche Ökologie schwätzt vu véier Zorte vu Bekéierung: pastoral, kulturell, ekologesch a synodal. Mat dësem Bëschofswuert wëll ech Iech zwou dovu ganz besonnesch un d’Häerz leeën.

Ekologesch Bekéierung

Gott huet eis d’Äerd uvertraut, net fir se auszebeuten an ze zerstéieren, mee fir se verantwortlech ze bebauen an ze behidden (Gen 2,15). De Poopst Franziskus huet schonn am Joer 2015 a senger Enzyklika Laudato si‘ drop higewisen, datt alles matenee verbonnen ass, an datt dowéinst Ekologie a sozial Gerechtegkeet ganz staark zesummenhänken. Dofir musse mir eis bewosst ginn, datt eise westeuropäesche Liewensstil zu engem gudden Deel d’Natur iwwerstrapazéiert an op Käschte vu villen Aarmen a Benodeelegte geet.

Duerch enormen CO2-Ausstouss, deen d’Industrie an d’Mobilitéitswiesen nach ëmmer produzéieren, duerch iwwerméissege Konsum vu bëllegem Fleesch an Technologie schuede mir der Ëmwelt an droe selwer zur Ausbeutung vu Länner a Géigenden ewéi den Amazonas bäi.

Dës Länner sinn dacks räich u Buedemschätz an Holz. Si selwer leiden ënnert der Gier vun internationale Konzerner a ginn ëmmer méi aarm. Och wa mir déi Situatioun net vun haut op muer ännere kënnen, sou si mir dach als Kierch gefuerdert, eis ze positionéieren an eis kloer op d’Säit vun deenen Aarmen an deenen Ausgebeuteten ze stellen. Eis individuell an och kierchlech ekologesch Bekéierung soll en Ustouss si fir deen noutwendege gesellschaftleche Wandel, grad hei zu Lëtzebuerg.

Duerfir proposéieren ech Iech, folgend Piste vun haut u gemeinsam ze goen:

Eise Konsum op méiglechst fair gehandelt Produiten ze baséieren, näischt ze verbëtzen, a sech och emol eng Kéier eppes net ze gënnen, mat Bléck op déi, déi sech dee Luxus net leeschte kënnen.

Bei der Gestaltung vun eisem Liewensstil solle mir un d’Klima denken a versiche méiglechst ëmweltfrëndlech ënnerwee ze sinn: zu Fouss goen, mam Vëlo fueren oder den ëffentlechen Transport huelen, wann et geet, sinn do ze recommandéieren. E chrëschtleche Gest wier dann nach, dat, wat mir domadder spueren, engem gudde Wierk zoukommen ze loossen.

Eppes Zweetes, wat ech Iech un d’Häerz leeën, ass de Verzicht op Fleesch um Freideg. Doduerch, datt mir d’ganzt Joer iwwer freides kee Fleesch iessen, kënne mir en Zeeche setzen, datt mir géint déi bëlleg an exzessiv Fleeschproduktioun sinn, déi dacks op Käschte vu Mënsch an Déier an aarme Länner geet.

Schliisslech wëll ech Iech d’Dëschgebiet nei un d’Häerz leeën. Zesummen an der Famill oder och eleng, doheem oder dobaussen, mécht eis och e ganz kuerzt Gebiet virum Iessen, wéi z. B. „Herr segne uns und die Gaben, die wir von Deiner Güte empfangen haben.“ bewosst, wat fir eng Chance et ass, datt mir all Dag eppes um Teller hunn.

Dofir solle mir Merci soen an och un déi denken, déi vill manner hunn ewéi mir an déi den Här Jesus Christus genee esou gären huet wéi eis.

Dës dräi Piste stinn an direkter Verbindung zu de chrëschtlechen Übunge vun Deelen, Faaschten a Bieden, déi eis d’Kierch um Ufank vun all Faaschtenzäit an Erënnerung rifft. Si sollen eist „Zesumme Kierch sinn“ besonnesch an dem Jubiläumsjoer vun eiser Diözees prägen.

Pastoral Bekéierung

D’Kierch ass vun hirem Wiesen hier eng missionaresch Kierch, déi ëmmer zu de Mënsche geschéckt ass. An enger Gesellschaft, déi rasant ännert, si mir als Kierch dofir gefuerdert, nei Weeër an der Pastoral anzeschloen.

Zanter Mee 2017 si mir mat den Neie Paren ënnerwee. Dat bréngt natierlech e pastoraalt Ëmdenke mat sech. Mäi Wonsch ass et, datt mir eis no elo bal dräi Joer an den Neie Paren den Ëmstänn entspriechend „wunnlech“ afannen.

Och wa sécher nach net iwwerall alles zu honnert Prozent an der Rei ass, sou sinn dach schonn immens vill Efforte vu ville Leit gemaach ginn, déi trei zur Kierch stinn. Si si bereet, an deenen neie Strukture mëttelfristeg eng Zukunft opzebauen, an där mir eis kierchlech doheem kënne spieren.

Besonnesch deenen, déi sech an den neie Pastoralréit, am Kierchefong mat sengen 33 Conseils de Gestion Paroissiaux a sengen 106 neie Kierchefabricken an op villen anere Plazen an eise Paren engagéieren, soen ech e grousse Merci. Mir dierfen net an der Vergaangenheet stoe bleiwen, mee bereet sinn, nei Weeër ze goen.

Am risegen Amazonasgebitt gëtt vu „Besuchspastoral“ geschwat. Och heiheem, besonnesch iwwer Land, gëtt a munnechen Dierfer nëmme sielen Eucharistie gefeiert oder e Gottesdéngscht ugebueden. D’Zuel vun de Kanddafen, den Éischtkommiounen an den Hochzäiten tendéiert ëmmer méi no ënnen.

Hei sinn um lokale Plang d’Pastoralekippe mat de Gleewege gefuerdert, z’iwwerleeën, wéi eng Kierchen a Kapellen an Zukunft vun der Gemeinschaft kënne gehale ginn. Och wa mir als Kierch weiderhi mat alle Kräften am Déngscht vu Gott a vun de Matmënsche stinn, kënne mir net méi alles ofdecken ewéi fréier. Obwuel verschidde Paren territorial gesi wierklech grouss sinn, an et intern kulturell Differenze gëtt, wëll ech Iech ëmsou méi encouragéieren, verantwortungsvoll a solidaresch zesumme Kierch ze sinn an un engem Strack ze zéien.

Besonnesch um Häerz läit mir weiderhin d’Suerg fir déi al a krank Leit, wéi och d’Jugendpastoral an d’Katechees vun eise Kanner. An dëse Beräicher brauche mir dréngend nei Mataarbechterinnen a Mataarbechter, déi sech als Haaptamtlech oder als Benevole engagéieren. Et ass a bleift eng fundamental Missioun als Kierch, eis eeler a krank Leit, wéi och eis Kanner an eis Jugendlech op hirem Wee ze begleeden!

Mat der Aféierung vum Sonndeg vum Wuert Gottes um 3. Sonndeg am Joreskrees huet de Poopst Franziskus eis drop higewisen, wéi fundamental d’Helleg Schrëft an eise Liturgien an an eisem Liewen ass, fir eng lieweg Bezéiung mat Jesus Christus an ënnerteneen ze nieren. Grad déi nei pastoral Weeër sollen eis zu de Quelle vum Glawe féieren, wéi eisem Weibëschof Leo säi Bëschofssproch et suggeréiert. Da gi mir eng missionaresch Kierch, déi sech ganz zu Jesus Christus bekéiert an déi Suerg dréit fir dat „gemeinsaamt Haus“ vun alle Mënschen.

Léif Bridder a Schwësteren,

loosse mir eis an dëser Faaschtenzäit nei op Hien an, dee mir op Gréngendonneschdeg, Karfreideg an Ouschteren als dee feieren, dee säi Liewen aus Léift fir all Mënschen higinn huet.

Maria, d’Mamm vum Erléiser an och eis Mamm, d’Patréinesch vu Stad a Land, soll eis op dësem Wee an dësem Jubiläumsjoer 2020 an doriwwer eraus mat hirer Firsprooch begleeden.

Lëtzebuerg, um Fest Kathedra Petri, den 22. Februar 2020

+ Jean-Claude Kardinol Hollerich
Äerzbëschof vu Lëtzebuerg

Dëst Bëschofswuert ass an alle Gottesdéngschter vum 1. Faaschtesonndeg virzeliesen.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu