lb fr pt en
Hierdebréiwer & Messagen . Lettres pastorales & messages  
13. Mee 2015

„Eng besser Zukunft ass eng Erausfuerderung fir eis all!“

Bëschofswuert fir de Caritas Challenge 2015

Eng méi mënschlech Gesellschaft opzebauen ass wierklech eng Erausfuerderung. Et geet net vum selwen. An et geet net duer, anerer drun z’erënneren, dass si et misste maachen. Eng méi gerecht Welt ass ee Challenge fir eis alleguerten!

D’Caritas invitéiert eis all Joer am Mee, déi Erausfuerderung unzehuelen, an zwar ganz perséinlech oder och zesumme mat anere Mënschen, wéi z.B. mat eisem Veräin, eisem Club, eiser Entreprise. Dat, wat fréier d‘“Quinzaine“ vun der Caritas am Mount Mee war, heescht säit e puer Joër „Caritas Challenge“. Et läit nämlech un eis alleguerten, ob sech eis Gesellschaft verännert oder net.

De Jesus seet an der Biergpriedegt eppes ganz Couragéiertes: „Ihr seid das Salz der Erde! (…) Ihr seid das Licht der Welt!“ (Matthäus 5, 13+14) E schwätzt net vun deenen aneren, mee vun eis. Si mir eis bewosst, dass mer Salz si fir des Welt? An dass ouni eist Engagement des Gesellschaft de Goût verléiere kéint? Si mir eis bewosst, wéi wichteg mir sinn? Dass mir alleguerten d’Hoffnung op eng besser Welt representéieren?

Caritas Challenge ka villes bedeiten. Et kann heeschen: ech ginn anescht ëm mat mengem Noper, deen aus engem anere Land kënnt. Oder: ech weise mech solidaresch mat deenen, déi eng Nout leiden, a ginn d’Kleeder vu menge Kanner weider, déi elo grouss sinn. Et kann awer och bedeiten: ech organiséieren eppes, fir een Zeechen ze setzen. Vill Veräiner an Entreprisen maachen ee Fest, fir den Erléis der Caritas weiderzeginn. Kanner spenden d’Iwwerweisunge vun hirer Kommioun fir d’Flüchtlingen. Jugendlecher maachen als Firmungsgrupp eng Aktioun fir déi obdachlos Mënschen. Firmaen bidden hir Servicer un oder iwwerreechen ee Scheck. Et ass phantastesch, op wat fir eng Ideeën d’Leit kommen.

Virun allem bedeit et awer: mir engagéieren eis fir déi benodeelegt Kanner a Jugendlech zu Lëtzebuerg, déi eis Géigewaart an eis Zukunft sinn. Mir engagéieren eis, fir dass si déi professionell Hëllef kréien, déi se brauchen. Dofir ënnerstëtze mer virun allem extra Schoulklassen fir jonk Flüchtlingen a Migranten, d’Vakanzkolonien vu Young Caritas an och déi sozial Butteker vun der Caritas. Bei allem geet et ëmmer em datselwecht: de Challenge, dass eis Welt méi mënschlech gëtt. Ganz konkret. Elo.

Ech soen der Caritas Merci, dass si säit ville, ville Jore mat hire Benevole Quêteusen a Quêteuren déi Erausfuerderung unhuelen. Ech soen Iech all Merci, dass mir ëmmer besser verstinn, dass „Caritas“ eng Saach vun eis all ass. Ech soe Merci, well ech mer sécher sinn, dass mer méi dënn je bereet sinn ze weisen, zu wat fir enger Hoffnung de Glawen u Jesus Christus eis inspiréiert. Loosse mer de Mount Mee notzen, fir ee kloert Zeechen ze setzen: déi Jonk leien eis um Häerz!

Ech wënschen iech all dem Härgott Säi räiche Seegen fir äre karitativen Asaz a fir är Aarbecht am Déngscht vun deenen aneren!

+ Jean-Claude Hollerich
Ärzbëschof vu Lëtzebuerg

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu