lb fr pt en
Aktivitéiten . Activités  
20. November 2019

Zanter 48 Joer am Chile aktiv

De Pater Julien Braun SCJ, Partner vun Adveniat Lëtzebuerg, gouf vum Weibëschof Mgr. Leo Wagener empfaangen

Um Dënschdeg Mëtteg, 19. November, gouf de Pater Julien Braun SCJ vum Weibëschof Mgr. Leo Wagener am Bistum empfaangen.

De Julien Braun ass Lëtzebuerger Herz-Jesu-Priester a wierkt zënter 48 Joer am Chile. Aktuell ass hien an der Por Santo Cura de Ars zu Santiago de Chile engagéiert. De Julien Braun ass laangjährege Partner vun Adveniat Lëtzebuerg a seng pastoral Aarbecht gëtt vun der Fondation Sainte-Irmine ënnerstëtzt.

De Mgr. Leo Wagener an de Pater Julien Braun hunn sech an enger ganz fraterneller Atmosphär ausgetosch iwwer d’pastoral Realitéiten an d’Liewen aus dem Glawen eraus am Chile an heiheem zu Lëtzebuerg.

Martine REGENWETTER
martine.regenwetter@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu