lb fr pt en
Bëschofswei . Ordination épiscopale  
24. September 2019

E Bëschofsstaf fir den nei ernannte Weibëschof Leo Wagener

Um Méindeg Nomëtteg huet eng Delegatioun aus der Por Monnerech-Schëffleng-Steebrécken de Staf an der Kathedral iwwerreecht

Eng Delegatioun vun der Par Monnerech-Schëffleng-Steebrécken huet dem Mgr. Leo Wagener de Bëschofsstaf iwwerreecht: de Paschtouer Charles Bremer, d’Mme Marie-Josée Schaul, de Marcel Schaul an den Théo Bormann

No der Ukënnegung dass den Här Leo Wagener, zum Weibëschof fir d’Äerzdiözes Lëtzebuerg ernannt ginn ass, hunn sech an der Par Monnerech-Schëffleng-Steebrécken NOTRE-DAME-DE-L’ÉVANGILE e puer Leit zesummen gesat an sech Gedanken gemaach fir him e Kaddo ze maachen. Den Här Wagener war ganzer 16 Joer (vun 1990-2006) Paschtouer vun der fréierer Par Steebrécken/Biergem gewiescht. An dëser Zäit huet hien zesummen mat den Parleit villes geschafft an op d’Been gestallt. Iwwer dës Zäit eraus sinn och nach gutt Kontakter bliwwen an weiderhin Frëndschaften gefleegt ginn. Hien selwer war wärend dëser ganzer Zäit eng Stäip an een gudden Frënn fir vill vun sengen Parleit gewiescht. D’Iddi war schnell fonnt. Parleit wollten fir hien zu enger Stäip ginn, duerch d’Uschafen vun engem Bëschofsstaf. Schnell konnt d’Iddi och realiséiert ginn, zemols vill Persounen dëse Projet finanziell ënnerstëtzt hunn. Hinnen op dëser Platz een groussen Merci gesot.

De Bëschofsstaf ass e Kaddo vun der Par Monnerech-Schëffleng-Steebrécken Notre-Dame-de-l’Évangile.

D’Zeechnungen vum Bëschofsstaf an d’Finitiounen vun den Holzarbechten huet den Här Paschtouer Charles Bremer realiséiert. Fir den Staf selwer, huet hien 255 Joer aalt Eechenholz zu Verfügung gestallt. Et war eng al Dunn aus engem historeschen Gebai. Dësen ass net drechselt, mee fir d’éischt preparéiert an duerno ronn op der Hand gehuwwelt ginn. D’Krëmm, den ieweschten Deel vum Staf, ass aus engem Stéck Holz vun enger aler Drauwenpress gemaach ginn. D’Holzarbechte goufen zu Réimech an der Schräinerei Bichler ugefäerdegt. Den Nodus, een Schifersteen vun Houschent, kënnt aus dem Heemecht-Duerf vum Här Wagener. Dësen gouf zu Idar-Oberstein bei der Firma Fürstenberg-Franzmann a Form geschlaff. D’Sëlwerarbechten schlussendlech goufen an der Goldschmadd vun den Marienbrüder vun Schönstatt zu Vallendar ausgefouert an do gouf den Bëschofsstaf och zesummen gesat.

Den neien Bëschofsstaf weist sech an senger Form einfach an trotzdeem elegant. Traditionell an modern. D’Krëmm ass ugehaucht un den Bëschofsstief aus der Romanik. Den Assemblage vun Eechenholz, Schifer an Sëlwer mécht dësen Staf zu eppes besonneschem. Déi perfekt Main d’Oeuvre léisst den Staf zu engem Unikat ginn.

Dësen Staf soll säin Besëtzer uechter säin ganzen Ministère als Weibëschof begleeden, fir hien eng Stäip sinn, an hien un seng Verbonnenheet mat sengen „fréieren“ Parkanner erënneren.

Charles Bremer

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu