lb fr pt en
Sonndesmass  
15. Juni 2023

D’Mass um 11. Sonndeg am Joreskrees gouf vun Éinen iwwerdroen

Den 18. Juni gouf d’Sonndesmass vun Éinen iwwerdroen. Et huet den Ensemble vocal Ste Cécile Ehnen, begleet vum Sträichquartett vum Lëtzebuerger Kammerorchester gesong, Organist war de Paul Wio. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

Den Ensemble vocal Sainte-Cécile Éinen

Den Ensemble vocal Sainte-Cécile Éinen féiert a solistescher Besetzung déi laang Traditioun vun der Chorale Sainte-Cécile Ehnen weider, déi 1852 als eelsten Duerfveräin gegrënnt gouf.
D’Sänger setzen sech fir de Musel-Répertoire an, z. B. mat hirer CD „Léiderschall am Museldall“, si organiséiere klassesch Concerten doheem an am Ausland, si encadréiere kulturell Manifestatiounen. Säit e puer Joren sangen si d’Radios-/Tëleesmass an der ronner Kierch zu Éinen.

Déi Mass vun dësem Joer, bei däer e Sträichquartett vum Lëtzebuerger Kammerorchester matwierkt, bréngt e Programm mat Lëtzebuerger geeschtlecher Musek.
Ët séngt den Ensemble vocal Ste Cécile Ehnen: Anne Berna, Lynn Schumacher, Jean-Marie Sadler, Carlo Entringer, begleet vum Sträichquartett vum Lëtzebuerger Kammerorchester: Anastassia Milka, Solomiyia Storozhynska, Jean-François Mein, Maria Kulikowa. Organist: Paul Wio

De musikalesche Programm vun der Mass

Uergel: Entrée Fantaisie in d-Moll Jos Kinzé
Agangslidd Maria Mater Jesu Jean-Pierre Beicht
Kyrie Kyrie - Messe in F-Dur (1884) Laurent Menager
Gloria Gloria - Messe in F-Dur Laurent Menager
Alleluja Alleluja René Ponchelet
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Super flumina Babylonis (1943) Jean-Pierre Schmit
Sanctus Sanctus - Messe in F-Dur Laurent Menager
Wandlung Adagio (1957) Jos Kinzé
Vater unser Pater noster Luc Rollinger
Agnus Dei Agnus Dei - Messe in F-Dur Laurent Menager
Kommiounslidd O salutaris Nicolas Schuh
Schlusslidd De Wéngertsmann (1934) Nik Entringer
Uergel: Sortie Sortie brève Do majeur Jos Kinzé

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu