lb fr pt en
Den emeritéierten Äerzbëschof . L’Archevêque émérite  
6. Mee 2024

Mir gratuléieren!

Eise fréieren Äerzbëschof Monseigneur Fernand Franck feiert 90 Joer

Klickt op d’Foto fir eis Billergalerie

Gebuer de 6. Mee 1934 zu Esch-Uelzecht, gouf de Fernand Franck den 29. Juni 1960 zu Münster a Westfalen zum Priister geweit. Hie war noenaner Kaploun zu Déifferdeng-Foussbann, Paschtouer a Clausen, a vun 1977 bis 1990 huet hien zu Roum als Generalsekretär vun zwee Päpstleche Missiounswierker an als Conseiller ecclésiastique vun der Lëtzebuerger Ambassade beim Hl. Stull gewierkt, bis hie vum Poopst Jean-Paul II. den 21. Dezember 1990 zum Äerzbëschof vu Lëtzebuerg ernannt ginn ass. Den 2. Februar 1991 gouf hien an der Kathedral an der Stad Bëschof konsekréiert an huet dunn 20 Joer laang als ieweschten Hiert d’Geschécker vun der Lëtzebuerger Kierch mat Klugheet an Ëmsiicht geleet.

Den Äerzbëschof Franck huet eis kathoulesch Gemeinschaft an dat drëtt Joerdausend gefouert, ënnert anerem duerch d’Ofhale vun der Diözesanversammlung „Kierch 2005“. Bei dësem Bréckeschlag konnt hien op säi laangjäregen Generalvikar Mathias Schiltz als enkste Mataarbechter an op déi verschidden diözesan Réit (dee vun him agesate Bëschofsrot, de Priisterrot, Laierot, Katholikerot asw.) zielen – „synodal“ veranlaagt ante litteram.
Bis haut bleift de Monseigneur Fernand Franck eiser Äerzdiözes verbonnen a verfollegt mat Interessi a wakeregem Gespier hir Entwécklung. Och ass hien, esou wéi zu senger Amtszäit, dem Klerus an den engagéierte kierchleche Mataarbechterinnen a Mataarbechter verbonne bliwwen a gëtt ëmmer nees gäre vun hinnen opgesicht, vu jidderengem geschätzt wéinst senger Jovialitéit a Mënschlechkeet. A bis haut leescht hie konkret Déngschter als Grand Prieur vun der Lëtzebuerger Statthalterei vum Ritteruerden vum Hl. Graf zu Jerusalem a Präsident vun der Kaiser-Karl-Gebietsliga fir de Fridden ënnert de Vëlker; net zulescht och bei anere Geleeënheeten, wou seng bëscheeflech Servicer gebraucht ginn.

D’Lëtzebuerger Kierch wënscht sengem fréieren Äerzbëschof Gottes Seegen an all erdenklech Guddes fir säi ronne Gebuertsdag a freet sech drop, mat him nach hoffentlech laang Jore kënne Gemeinschaft an Ëmgank ze fleegen.

Merci, Monseigneur, fir alles an nach vill vill Joren derbäi!

Photogalerie vun der Pontifikalmass fir de 90. Gebuertsdag vum Mgr Fernand Franck de 6. Mee 2024

Kuckt och de Sondesinterview op RTL mam Mgr Franck (5.5.2024)

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu