lb fr pt en
Kontakter . Contacts  
12. März 2019

Ëmweltschutz

Den Internet verbraucht massiv Energie, och wann dat op den éischte Bléck net duerno ausgesäit.

Am Sënn vun der Poopstenzyklika Laudato ’si hëlt d’kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg den Ëmwelt- a Klimaschutz am Beräich vum Web eescht. Duerfir gräife mir op Systemer (Webserveren, Email-Adressen, asw.) vun der Firma Infomaniak Network zréck, déi sech engagéiert, d’Ëmwelt esou gutt ewéi méiglech ze schützen.

Wat heescht dat konkret?

Energie

  • D’Firma ass no ISO 50001 zertifiéiert, d. h. d’Firma engagéiert sech kontinuéierlech hir Energie-Efficacitéit ze verbesseren an dobäi moossbar Resultater ze liwweren.
  • D’Firma benotzt exklusiv zertifiéiert erneierbar Energie an net iergendee Stroum aus onbekannte Quellen.
  • D’Firma kompenséiert hiren CO2-Ausstouss duebel (200 %) duerch d’Ënnerstëtzung vun der Fondatioun MyClimate.

Rechenzentren

  • D’Firma huet nëmme Servere mat Low-Voltage-Technology, déi manner Stroum verbrauchen a manner Hëtzt ofginn.
  • D’Firma setzt Serveren an, déi manner hëtzt-emfindlech sinn a woubäi eng einfach Loft-Killung duergeet; am Wanter gëtt d’Hëtzt benotzt, fir d’Büroe waarem ze halen.
  • Al Servere ginn exklusiv an der Schwäiz recycléiert an net an Entwécklungslänner exportéiert, wou villes ouni Kontroll “entsuergt” gëtt.

Ökologesch a sozial Verantwortung

  • D’Firma cotiséiert an eng ethesch Pensiounskeess, déi hir Investissementer no ökologeschen a soziale Critèren aussicht an net nëmmen nom gréisste Rendement kuckt.
  • Naturschutzorganisatioune gi mat 1 % vum neien Ëmsaz ënnerstëtzt.
  • D’Firma ass ISO 14001 zertifiéiert, d. h. si ass verflicht, d’Konsequenze vun hirer Aktivitéit op d’Ëmwelt ze moossen an ze verklengeren.

Mobilitéit

  • D’Firma gëtt hire Mataarbechter, déi zu Fouss ginn oder de Velo resp. den ëffentlechen Transport benotzen, eng Prime.
  • Dëngschtreese ginn esou wäit ewéi méiglech ofgeschaaft an duerch Video- oder Audiokonferenzen ersat. Wann dat net méiglech ass, ginn d’CO2-Emissioune vollstänneg kompenséiert.

Offall

  • D’Firma benotzt exklusiv elektronesch Archiver a verzicht drop, eppes jorelaang op Pabeier ze halen.
  • Rechnunge gi just elektronesch verschéckt, net als Bréiwer.
  • Sämtlech Offäll gi recycléiert (ausser biologescher).

Akaf

  • D’Firma keeft esou wäit ewéi méiglech Produkter, déi nobäi fabrizéiert goufen.
  • Firmaen, déi sech der Ëmwelt verpflicht hunn, gi favoriséiert.
  • Et gëtt grondsätzlech recycléierbaart Material benotzt.

D’Ekipp vu cathol.lu

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu