lb fr pt en
Sonndesmass  
26. Januar 2023

D’Mass vum 29. Januar gouf vun Diddeleng iwwerdroen

Den 29. Januar gouf d’Sonndesmass vun Diddeleng iwwerdroen. Et huet d’Chorale Saint-Martin Diddeleng gesong. Dirigentinne waren d’Monique Biren-Kettel an d’Simone Schalz-Kirsch, Organist den Alessandro Urbano. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

D’Chorale Saint-Martin Diddeleng stellt sech viir

Mir sinn en Damme-Kierchechouer, deen 1937 gegrënnt gouf an zanter hier net méi aus dem Diddelenger Parliewen ewechzedenken ass.
Als dynamesch Equipe vun ongeféier 30 Sängerinnen weise mer d‘ganzt Joer iwwer vill Engagement an dat, Dank dem onermiddlechem Asaz vun eisen zwou Dirigentinnen, dem Monique Biren-Kettel an dem Simone Schalz-Kirsch.
Mir prouwen Donneschdes ab 19.30 Auer am Centre St Martin. Nei Sängerinnen sinn hei allzäit häerzlech wëllkomm.
Ob an de Sonndesmassen, de Requiemen, den Hochzäiten, de kierchleche Feierdeeg, de spirituellen oder awer och de weltleche Concerten, mir freeën eis ëmmer fir Iech dierfen ze sangen.

De musikalesche Programm vun der Mass

Entrée Prélude
Agangslidd Laudamus Canon Donald Moore
Kyrie Messe de la réunion Laurent Grzybowski / Jo Akepsimas
Gloria Gloire éternelle Michael Altenbourg
Zwëschegesank Bénis le Seigneur, ô mon âme Liturgie byzantine
Alleluia Messe de la réunion Laurent Grzybowski / Jo Akepsimas
Gowelidd Let our praise to you Malcolm Archer
Sanctus Messe de la réunion Laurent Grzybowski / Jo Akepsimas
Anamnes Gloire à toi Messe de la réunion Laurent Grzybowski / Jo Akepsimas
Agnus Dei Messe de la réunion Laurent Grzybowski / Jo Akepsimas
Kommioun Âme du Christ Joseph Gelineau
Schlusslidd Cantate Domino Ruth Morris Gray
Sortie Fanfare Jacques-Nicolas Lemmens

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu