lb | fr | pt | en |
D’ Mass vum 12. September 2021 gouf vun Habscht iwwerdroen
D’Sonndesmass vum 12. September gouf aus der Kierch vu Habscht iwwerdroen. Et séngt d’chrëschtlech Gemeinschaft vun Habscht mam Kantor André Wio. Op der Uergel spillt den Abbé Joël Santer. D’Mass gëtt als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Sonndesmass vun Habscht
Erëm eng Kéier invitéiert d’Par Äischdall-Helpert St-Willibrord zur Matfeier vun der Sonndesmass aus der Nikloskierch vun Habscht. Zesummen wëlle mer äis um Sonndegmueren eng Stonn huelen, fir äis zesummen ze bieden an ze sangen, fir dem Härgott säi Wuert ze lauschteren a fir Eucharistie ze feieren. Eis Mëttelen si bescheiden, mä et geet jo nët ëm dat Äusserlecht, mä et geet ëm eng inneg Bezéiung zu Jesus Christus.
Dëse Sonndeg ass och de Weltdag vun de soziale Kommunikatiounsmëttel. An d’Tëleesmass ass ee Kommunikatiounsmëttel, matdeem d’Kierch vu Lëtzebuerg versicht, vill Mënschen, besonnesch déi Eeler a Kranker ze erreechen. Duerfir ee grousse Merci un déi Responsabel am Bistum an och un d’Leit an der Technik, déi et erméiglechen, dass mer Sonndeg fir Sonndeg, och op dësem Wee, Eucharsistie feiere kënnen.
Et sief drunn erënnert, dass d’Tëleesmass nëmme méiglech ass duerch déi vill Donateuren, déi dëst Mëttel vun der Evangeliséierung dotkräfteg ënnerstëtzen.
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée: Uergel | Improvisatioun iwwer d‘Ufanklidd | |
---|---|---|
Agangslidd | Unser Leben sei ein Fest | LD 579 |
Kyrie | Kyrie | GL 156 |
Gloria | Ehre sei Gott in der Höhe | GL 168-2 |
Alleluja | Halleluja | GL 176-6 |
Credo | Credo in unum Deum | GL 177-1 |
Gowelidd | Improvisatioun iwwer een Thema | |
Sanctus | Saint est le Seigneur | LD 255 |
Agnus Dei | Agneau de Dieu | LD 281 |
Kommioun | Sonatina aus Kantate „Gottes Zeit ist die allerbeste Zeit“ | Johann Sebastian Bach |
Schlusslidd | Sagt an, wer ist doch diese | Magn. 588 |
Sortie: Uergel | Voluntary X | John Alcock |