lb | fr | pt | en |
En neie Logo fir de Fonds d’avenir
Zesumme fir d’Kierch vu muer
Fir engagéiert Fraen a Männer an hirer pastoraler Missioun ze ënnerstëtzen, huet d’Fondatioun Sainte-Irmine de Fonds d’avenir gegrënnt. Zil vun dësem Fong ass et, zur materieller Ofsécherung vun den Haaptamtlechen, Geeschtlech a Laien, bäizedroen. Zanter dem Akraafttriede vun den neie Relatiounen tëscht Staat a Kierch 2016 huet de Bistum ronn 40 Leit, virun allem Priister, op seng eege Käschten agestallt.
Zanter senger Grënnung an dank der Hëllef vu generéisen Donatricen an Donateuren konnt de Fonds d’avenir e Basiskapital vu méi wéi 3 Milliounen Euro opbauen. Vun 2024 un iwwerhëlt d’Stëftung via d’Recettë vun de Placementer éischt Paie vu jonke Priister a Laien am kierchlechen Déngscht.
Dëst ass eng gutt Geleeënheet, fir en eegene Logo fir de Fonds d’avenir ze lancéieren! De Logo gëtt et an enger lëtzebuergescher an an enger franséischer Versioun.
Ënnerstëtzt och Dir den Zukunftsfong vun der Kierch mat engem Don, engem Ordre permanent, enger Donatioun, bei engem Familljenevenement oder duerch eng testamentaresch Dispositioun an hëlleft esou, d’Astellung vu Geeschtlechen an haaptamtleche Laien matzedroen. Villmools Merci!
D’Kierch vu muer brauch eis all!
Méi Informatiounen op: www.irmine.lu
- Erhéijung vun den Done vu 34 % – D’Fondatioun Sainte-Irmine huet wärend dem Exercice 2022 am ganzen 2.040.832 € gesammelt
- Nouveau logo pour le Fonds d’avenir
- Ënnerstëtzt di pastoral Aarbecht vun der ACFL
- Depuis 10 ans au service de l’Église et de nos semblables
- Zanter 10 Joer am Déngscht vun der Kierch a vun eise Matmënschen