lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf op Päischte vu Buer iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf um Päischtsonndeg, den 9. Juni, um 10.30 Auer aus der Kierch vu Buer iwwerdroen. D’Chorale Buer-Méischdref huet ënnert der Leedung vum Léon Nies gesongen, op der Uergel huet de Claude Nies begleet.
Chorale Buer-Méischdref
Viru 25 Joer hunn d’Choralle vu Bur a Méischdref decidéiert, an Zukunft zesummen ze sangen, ouni awer hir Eegestännegkeet opzeginn. Eng Zesummenaarbecht, déi bis elo beschtens funktionéiert.
Eis 27 Sängerinnen a Sänger verschéineren mat vill Begeeschterung an Asaz d’Gottesdéngschter an deenen zwou Uertschaften.
Nieft deem Musikaleschen leeë mir awer och vill Wäert op d’Gesellegkeet.
Fir datt mir nach laang kënnen esou sangen wéi bis elo, brauche mir nei Sängerinnen a Sänger. Wie Loscht huet fir ze sangen, kann emol an eng Prouf (Mëttwochs vun 19:30 bis 21:00) bei eis kucke kommen.
Kontaktéiert w.e.g. am Viraus den Dirigent um Telefon 730001.
D’Radiosmass sangen mir e Sonndeg, den 9. Juni, ënnert der Leedung vum eisem Dirigent Léon Nies an eisem Organist Claude Nies.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée: Uergel | Marche N. 129 | G.F. Haendel |
---|---|---|
Agangslidd | Komm Hl. Geist | Lux. Diözesangesangbuch |
Kyrie | Guardian Angel Mass | M.L. Nemmers |
Gloria | Dir Gott sei Ehre und Lob | E. Baranger |
Zwëschegesank | L’Esprit de Dieu | L. Deiss (Mg 1047) |
Alleluja | La paix de Dieu pour les nations | J. Berthier |
Credo | gëtt gebiet | |
Fürbitten | Oh Lord hear my Pray’r | |
Gowelidd | Veni Creator | Mg 240 |
Sanctus | Guardian Angel Mass | M.L. Nemmers |
Anamnèse | Geheimnis vum Glawen | |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Guardian Angel Mass | M.L. Nemmers |
Kommuniounslidd | Pain des Merveilles | M. Scouarnec / J. Clanché |
Danksagungslidd | Pange Lingua | M. Wittal |
Schlusslidd | Schau Hl. Apostel | Mg 898 |
Sortie: Uergel | Sarabande D-minor | G.F. Haendel |
Chouer: Chorale Bur-Méischdref
Dirigent: Léon Nies
Organist: Claude Nies
- D’Mass um 7. Sonndeg gouf vun Habscht iwwerdroen
- D’Sonndesmass gouf op Ouschteren vu Walfer iwwerdroen
- D’Mass um 30. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Knapphouschent iwwerdroen
- D’Mass um 31. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Knapphouschent iwwerdroen
- D’Mass um 23. Sonndeg am Joreskrees gouf vun Habscht iwwerdroen