lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vu Viichten iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf den 19. Mäerz aus der Kierch vu Viichten iwwerdroen. D’Chorales réunies Colmar/Berg-Vichten hunn ënnert der Leedung vum Henri Bissen gesongen, op der Uergel huet den Aly Schartz begleet.
Chorales réunies Colmar/Berg-Vichten
Wéi déi meescht traditionell Gesangveräiner a Lëtzebuerg haten och d’Chorale Ste Cécile vu Colmer an d’Union Chorale vu Viichten ëmmer manner Sängerinnen a Sänger, déi bereet waren, regelméisseg an d’Prouwen an an d’Massen ze kommen. Den Henri Bissen ass souwuel zu Colmer wéi och zu Viichten Dirigent an hien huet deen een oder anere Sänger vun engem Veräi bei deen anere matgeholl, fir auszehëllefen. Sou koum et derzou datt ëmmer méi gemeinsam gesongen an och geprouft gouf, bis mir lues a lues zesummegewuess sinn. Einfach Weekend-Masse séngt nach jiddereen eleng an der Kierch an all Veräin huet och nach seng Statuten, säi Comité a seng Keess fir sech. Mä fir de Rescht maache mir elo villes gemeinsam: Plangen, Prouwen an Optrieden.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Uergel: Entrée | Toccata in C Dur | Johann Pachelbel |
---|---|---|
Agangslidd | L’aveugle-né | Johann Rosenmüller |
Kyrie | Waldler Mass | Musek: Ferdinand Neumaier; Lëtzebuerger Text: Jean Gengler |
Zwëschegesank | Dans nos silences, Seigneur viens nous sauver | Jean Noël Klinguer |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | You raise me up | Brendan Graham & Rolf Lovland, arr. Roger Emerson |
Sanctus | Waldler Mass | M: Ferdinand Neumaier; T: Jean Gengler |
Akklamatioun | L’amour a vécu parmi nous | |
Vater unser | Vater unser | M & T: Hanne Haller |
Agnus Dei | Frieden | Gotthilf Fischer, arr. Peter Brettner |
Kommiounslidd | Ouvre mes yeux, Seigneur Jésus | Michel Wackenheim, arr. Patrick Colombo |
Schlusslidd | Du aus Davids Stamm geboren | LD 532 |
Uergel: Sortie | Praeludium in d Moll | Vincent Lübeck |
Chouer: Chorales réunies Colmar/Berg-Vichten
Dirigent: Henri Bissen
Organist: Aly Schartz