lb fr pt en
Sonndesmass  
7. März 2024

D’Sondesmass um 4. Faaschtesonndeg gouf vu Clierf iwwerdroen

Den 10. Mäerz gouf d’Houmass vu Clierf iwwerdroen. D’Chorale Sainte-Cécile Clierf huet ënnert der Direktioun vum Erik Schmidt gesong, begleet op der Uergel vum Anne Weis. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

D’Chorale Sainte-Cécile Clervaux

De Clierfer Gesangveräin ass am Joer 1898 als Männerchouer gegrënnt ginn. Haut huet de Kierchechouer 36 aktiv Memberen, 18 Dammen an 18 Hären. D’Chorale steet ënnert der musikalescher Leedung vum Erik Schmidt an d‘Anne Weis-De Jongh ass d’Organistin.

Mir sangen d’Mass um Sonndeg an op de kierchleche Feierdeeg, bei Begriefnisser an fir Hochzäiten. All 2 Joeren steet bei eis e Chrëschtconcert op Stiefesdag um Programm. D’ lescht Joer hu mir eisen 125. Geburtsdag gefeiert. Mir prouwen ëmmer donneschdes a bei eis ass jidderee wëllkomm fir matzesangen.

De musikalesche Programm vun der Mass

Uergel: Entrée Gospel Fanfare Noel Rwasthorne
Agangslidd Sur les routes de l’alliance C. Bernard / M. Quaring
Kyrie Messe de la divine Miséricorde L.-E. de Labarte
Tëschegesank Ich bin der gute Hirt Raimund Kreidi
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Gib mir die richtigen Worte M. Siebald / K. Heizmann
Sanctus Messe de la divine Miséricorde L.-E. de Labarte
Vater unser Eise Papp am Himmel L. Krein
Agnus Dei Messe de la divine Miséricorde L.-E. de Labarte
Kommiounslidd Danke für das Brot J. Demandt / S. Fietz
Schlusslidd Segen will uns tragen L. Maierhofer
Uergel: Sortie Unbreakable Dietrich Wierczeyko

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu