lb fr pt en
Aktivitéiten 2018 . Activités 2018  
8. Oktober 2018

E Ginkgo-Bam fir 30 Joer Massendénger am Gaart vum Bëschofshaus geplanzt

„Équipe Lëtzebuerger Massendénger“: Équipe mat Dekanatsvertrieder agesat

Den 20. September 2018 huet den Här Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich SJ eng Équipe mat Dekanatsvertrieder fir d’Massendénger an eiser Äerzdiözes agesat.

Dëse Grupp ronderëm d’Tanja Konsbrück (Direktesch) an dem abbé Jean-Pierre Reiners (Nationalaumônier) besteet aus folgende Memberen:

Norden: Hélène Neissen-Schneider
Osten: Luc Zimmer
Stad: Jakob Zeilinger
Süden: abbé Ricardo Monteiro
Zentrum: abbé Tristan Häcker

Am Gaart hanner dem Bëschofshaus gouf deen Owend vun eeleren an den neie Memberen zesumme mam Här Äerzbëschof ee Ginkgo-Bam gesat. Iwwer 30 Joer goufe vill gutt a staark “Wuerzelen” fir d’Lëtzebuerger Massendénger gesat, ee Bam konnt wuessen a soll laang a vill Blieder droen an nach vill wuessen.

Dee selwechten Owend huet den Här Äerzbëschof, déi vu puer Massendénger frësch renovéiert Raimlechkeete vun der Zentral, ageseent.

D’Zentral op 5, avenue Marie-Thèrese an der Stad, ass reegelméisseg wärend der Schoulzäit besat. Wëllt Dir eng aner Kéier laanscht kommen, da mellt Iech via Mail oder Telefon um 44 743 243 fir ee Rendez-Vous.

Hei ee puer geplangten Aktivitéite fir d’Massendénger an hir Responsabel:

Ufank November: Editioun vum neie liturgesche Kalenner fir d’Sakristeien a fir d’Massendéngerresponsabel

 17.11.2018: feierlech Pilgermass zu Iechternach zur Éier vum 2.Schutzpatréiner vun de Lëtzebuerger Massendénger

 11.12.2018: Begéigungsowend beim Här Äerzbëschof zesumme mat der “Equipe Lëtzebuerger Massendénger” fir all Massendéngerresponsabel am Bëschofshaus.

 30.3.2019: 23. MAFREMA (viraussiichtlech zu Ettelbréck)

 19.04. + 20.04.2019: Klibberen an den Dierfer

 25.05.2019 (?): Pligermass fir all Massendénger an der Kathedral

 26.05.2019: Schlussprëssessioun an der Stad

 11.06.2019: Sprangprëssessioun zu Echternach

 ëm den 09.07.2019: Tarcisiusfeier an der Par Äischdall-Helpert Saint Willibrord

 10.09.2019: diözesane Pilgerdag zu Banneux (B)

Fir all Informatiounen:
Kuckt op eiser Homepage an/oder abonnéiert Iech op eis Newsletter.

Tanja KONSBRUCK
tanja.konsbruck@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu