lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vun Aasselbur iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf um 1. Adventssonndeg, den 2. Dezember, um 9 Auer aus der Kierch vun Aasselbur iwwerdroen. D’Chorale Ste Cécile Aasselbuer huet ënnert der Leedung vum Monique Palzer-Weber gesongen, op der Uergel huet d’Anne Weis-De Jongh begleet.
D’Chorale Ste Cécile vun Aasselbuer feiert Gebuertsdag
Am Kader vun eisem 150. Jubiläum sange mir och dëst Joer ganz traditionell eis Radiosmass. An eise Chroniken ass ze liesen, dat mir eis éischt Radiosmass 1964 gesongen hunn! Waren et deemools 25 Männer, déi déi Mass gesongen hunn, si mer haut nach 21 Leit am gemëschte Chouer, dee säit 1980 besteet.
Fir eise Jubiläum gebührend ze feieren, hate mir iwwert ganzt Joer vill Concert’en, e Konveniat an e Sängertreffen. An op eisen Ofschlossconcert wëlle mir Eech nach häerzlech invitéieren. Ënnert dem Patronnage vum “Klenge Maarnicher Festival” hu mir sonndes, de 16. Dezember 2018 ëm 16 Auer e Concert an eiser Kierch. Et trieden op: De Vokal-Ensembel Affetto, en tschechesche Männerquartett, mat der Organistin Markéta Schley-Reindlovà. Den Entrée ass fräi.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée: Uergel | Prélude sur “Venez divin Messie” | Charles Collin |
---|---|---|
Agangslidd | Venez divin Messie | P. Roquet / P. Barjon |
Kyrie | Messe “Vienne ton Royaume” | Michel Wackenheim / Charles Wackenheim |
Alleluja | Still zünden wir ein Licht nun an | Lorenz Maierhofer |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Sind die Lichter angezündet | Hans Sandig / Erika Engel |
Sanctus | Messe “Vienne ton Royaume” | Michel Wackenheim / Charles Wackenheim |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Messe “Vienne ton Royaume” | Michel Wackenheim / Charles Wackenheim |
Kommuniounslidd | Peuple béni de Dieu | Jo Akepsimas / Michel Scouarnec |
Schlusslidd | Peuples qui marchez | Jo Akepsimas / Michel Scouarnec |
Sortie: Uergel | Dimanche de l’Avent | Charles-Alexis Chauvet |
Chouer: Chorale Ste Cécile Aasselbuer
Dirigentin: Monique Palzer-Weber
Organistin: Anne Weis-De Jongh
- D’Mass op Pällemsonndeg gouf aus der Kierch vum Houwald iwwerdroen
- D’Sonndesmass gouf vun Hueschtert iwwerdroen
- D’Sonndesmass gouf vun Hemstel iwwerdroen (10.01.2021)
- D’Sonndesmass gouf um éischten Oktavsonndeg aus der Kathedral iwwerdroen
- Op ’Wäisse Sonndeg’ gouf d’Sonndesmass vun Uespelt iwwerdroen