lb fr pt en
Jahr C (2015-2016)  
16. Januar 2016

Zeeche fir d’Botschaft vu Gott

17.01.2016

Joh 2,1-12

An der Sammlung „Kinderbriefe an den lieben Gott“ geet Rieds vu flotten Erfahrungen, wéi Kanner se maache kënnen. Ee Beispill: „Lieber Gott, mein Vater sagt, er möchte für nichts in der Welt Deinen Posten haben, er ist Elektromechaniker. Könntest Du nicht dafür sorgen, dass er nicht so viel arbeiten muss? Ihr solltet beide nicht so viel arbeiten. Deine Patricia.“

Oder: „Lieber Gott, ich möchte wetten, dass Du noch nie Diät essen musstest. Ich habe es langsam satt. Andrea.“ Weider: „Lieber Gott, wer hat eigentlich Weihnachten erfunden? Es ist zu schön. Warst Du es ? Ich mag die Engel mit den Goldflügeln an unserm Christbaum so gern. Deine Felizitas.“

Dës Kanner hunn eng Erfahrung vu Gott gemaach, andeem se dëse Gott als en Du ëmfonnt hunn. Si hunn en als e Gott erfuer, dee si och gär huet. Si kënne mat him schwätzen, him schreiwen, him hir kleng an hir grouss Suergen a Freede soen. Si vertrauen drop. Do ginn et keng Spréch, déi dëse Kanner Gott einfach verbidden, oder schlecht maachen.

Grad dorëms geet et an der Geschicht vun der Hochzäit vu Kana. Wat hei geschitt, nennt de Johannes en Zeechen. Gott weist seng Léift a seng Herrlechkeet. Jo, hie weist, wien hien ass, a wien deen ass, deen e geschéckt huet. Wat ëmmer och geschitt ass zu Kana, eent ass sécher: Hien, Gott, steet op der Säit vun de Mënschen. D’Freed vun de Mënschen, d’Gléck, d’Heel leien him um 
Häerz. D’Fest vum mënschleche Liewe soll eng Réussite ginn. Dofir steet Jesus an. Net abstrakt, net liewensfern, neen, déi Hochzäit soll als richtegt Fest an der Freed geléngen. Déi Mënschen, déi dat erlieft hunn, hunn dat net vergiess, an dofir ass et opgeschriwwe ginn. Hien huet an dësem Zeechen d’Geheimnis vu Gott offenbaart, dee se vun elo un zäertlech Abba, Pappa, nenne kënnen.

Gott ass Léift. Jesus huet dës Erfahrunge vermëttelt, datt dëse Gott net Liewe vergëft mä entfaalt, erfëllt, begléckt. Dat anzegesinn ass net sou schwiereg. Schwiereg ass oft et ze erfueren. Scho munchereen ass dorunner zerbrach, datt kee Mënsch, esou wéi Jesus, hien erliewe loosse kann, wéi Gott ass. D‘Kanner, déi déi Bréif geschriwwen hunn, haten esou Mënsche fonnt. An dofir froen ech mech, mir, déi mir dësen Text liesen, déi mir doriwwer meditéieren, treffe mir Mënschen, déi eis an dëser Aart ze liewe bestäerken? An domadder och eise Glawen ënnerstëtzen, datt Gott Léift, Freed, Gléck an Heel 
fir jiddwereen ass. Hëllefe mir Mënsche weider, droe mir eise Glawen am Gesiicht, droe mir 
eis Freed an den Hänn, droe mir se op de Lëpsen? Si mir dankbar, wa mer aner Mënschen treffen an hinnen dës Freed matdeele kënnen?

Léif Frënn, et ass wichteg, datt jiddweree vun eis selwer zu enger Plaz gëtt, zu engem Mënsch gëtt, vun der Gottes-Erfahrung, zu engem Weeweiser fir déi aner, wou Jesus duerchschéngt a verkënnegt gëtt, souguer ouni datt een doriwwer schwätzt. Am Evangelium vum Johannes heescht et, datt mir Zeeche sinn. Vill Mënschen, déi sech ploen, fir d’Gottesfro ze léisen, sichen no sou Zeien, a se kucken dobäi besonnesch op déi, déi behaapten, u Gott ze gleewen. Un dëse Mënschen an un hirem Verhale vis-à-vis vun deem Gott a vun de Matmënschen entscheed sech dann oft, zu wat se sech decidéieren. Mir si jiddefalls wichteg an dësem Prozess. Looss mer mat Vertrauen dës Verantwortung an dës Chance an eisem Liewen unhuelen. Haut, um Weltdag vun de Migranten a vun de Flüchtlingen, ass et wichteg, datt mer en Zeeche setze vun där Léift vu Gott zu all Mënsch, och zum Friemen, dee bei eis kënnt.

(Quelle: Luxemburger Wort)

Fernand HUBERTY
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu