lb | fr | pt | en |
Laudato Si’ 2022
14. November 2022
Laudato Si - Walking Tour (13.11.2022)
Kuckt d’Fotogalerie
Eng honnert Leit hunn sech beim Thillenbierg zesummefonnt, fir ronderëm d’Thema vu Laudato Si eng “Marche eucharistique” duerch de Parc Grouwen ze maachen.
D’Equipe war frou niewent dem Weibëschof Leo Wagener och eng Rei ukrainesch ’Walker’ begréissen ze kënnen. Fir hinnen an aneren eng optimal Bedeelegung ze erlaben, stoung eng Iwwersetzung an d’Ukrainescht an an d’Franséischt zur Verfügung.
De ’Walking Tour’ war a véier Etappen agedeelt, déi déi véier Deeler vun der Eucharistie novollzunn hunn. De virleschten Halt war d’Eucharistiefeier am Kiosk virun dem beandrockende Panorama vun Déifferdeng.
Zum Ofschloss gouf op e klenge Patt mat verschiddenen Zorten Kuch invitéiert
Kuckt och . Voir aussi
- Die Enzyklika Laudato Si’ . L’encyclique Laudato Si’
- Laudato Si’-Woche 2020: Die ganze Welt im Zeichen der Solidarität
- Laudato Si’ 2024
- Semaine Laudato Si’ 2021
- Enzyklika „Laudato Si’“: „Ganzheitliche Ökologie als neues Paradigma der Gerechtigkeit“
- Prendre soin de notre maison commune
- Die integrale ökologische Bekehrung fordert uns heraus
An dëser Rubrik . Dans cette rubrique