lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vu Bartreng iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf den 8. Oktober um 9 Auer aus der Kierch vu Bartreng iwwerdroen. D’Chorale Ste Cécile Bartreng huet ënnert der Leedung vum Oksana Schroeter gesongen, op der Uergel huet den David Del Nin begleet.
Chorale Ste Cécile Bartreng
De Bartrenger Cäcilieveräin ass am Joer 1903 als Männerchouer gegrënnt ginn; zanter 1965 ass et e gemëschte Chouer an zielt haut 23 aktiv Sängerinnen an Sänger vun 8 verschiddenen Nationalitéiten.
De Präses ass den Här Paschtouer Paul Goerens an d’Leedung vum Chouer läit zanter Januar 2010 an den Hänn vun der Madame Oksana Schroeter.
D’Chorale sengt d’Massen op den Feierdeeg, Hochzäits- an Begriefnismassen esou wéi d’Samschdesowesmass an d’Sonndesmass op engem Weekend am Mount. Geleeëntlech sengt d’Chorale och e Concert a si bedeelegt sech un den Aktivitéite vun der Poar a vun der Gemeng.
D’Prouwe si mëttwochs vun 19.30 bis 21.30 Auer an all nei Sänger(innen) sinn häerzlech wëllkomm. Informatiounen kritt Dir um Tel. 310454 oder 691-295523 (Allard).
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée: Uergel | Plein Jeu (de la Suite du deuxième ton) | Louis-Nicolas Clérambault |
---|---|---|
Agangslidd | Rassemblés par Jésus Christ | Claude Bernard, Laurent Grzybowski |
Kyrie | Missa brevis in C | Robert Jones |
Gloria | Messe Peuple de Dieu | Charles-Eric. Hauguel, arr. Patrick Colombo |
Zwëschegesank | Alleluia irlandais | O’Carroll / J.-Paul Lécot |
Credo | Je crois Seigneur | Paul Zurfluh / Maurice Debaisieux |
Gowebereedung: Uergel | Basse de Cromorne (de la Suite du deuxième ton) | Louis-Nicolas Clérambault |
Sanctus/Benedictus | Missa brevis in C | Robert Jones |
Anamnèse | Messe Peuple de Dieu | Charles-Eric. Hauguel, arr. Patrick Colombo |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Missa brevis in C | Robert Jones |
Kommuniounslidd | Vienne ton règne | M+T: Robert Lebel |
Schlusslidd | Je vous salue Marie | Jean-Baptiste de Jonchay |
Sortie: Uergel | Caprice sur les Grands Jeux (de la Suite du deuxième ton) | Louis-Nicolas Clérambault |
Chouer: Chorale Ste Cécile Bartreng
Dirigentin: Oksana Schroeter
Organist: David Del Nin