lb | fr | pt | en |
D’Mass um 23. Sonndeg am Joreskrees gouf vun Habscht iwwerdroen
D’Sonndesmass de 4. September gouf vun Habscht iwwerdroen. D’Patricia Frères huet gesong, op der Uergel begleet vum Abbé Joël Santer. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 10.30 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Mass zu Habscht
Dëse Sonndeg gëtt d’Tëleesmass erëm eng Kéier aus der Nikloskierch vun Habscht iwwerdroen. Et séngt d’Patricia Frères, eng lëtzebuergesch Sopranistin mat enger ongewéinlecher, ausdrocksstaarker, emotionaler Stëmm. Si ass éischter op de Bühne vun der Oper a vum Musekstheater am Ausland doheem. Dat hält si awer net of, dëse Sonndeg mat hirer waarmer Stëmm all déi ze begeeschteren, déi d’Sonndesmass mat der chrëschtlecher Gemeinschaft zu Habscht matfeieren. Och hir Stëmm wëllt „Gottesdéngscht“ sinn, an esou wëllt si dozou bäidroen, dass mer all duerch d’Konscht vum Gesang nach méi am Häerz getraff ginn. Op der Uergel gëtt si begleet vum Abbé Joël Santer.
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée | Improvisatioun iwwer d’Agangslidd | |
---|---|---|
Agangslidd | Wer glaubt ist nie allein | H. Horoba / Ch. Dostal |
Kyrie | Messe in F für Singstimme mit Orgelbegleitung | Alois Edendorf |
Gloria | Messe in F für Singstimme mit Orgelbegleitung | Alois Edendorf |
Alleluja | Alléluia | LD 206 |
Credo | Messe in F für Singstimme mit Orgelbegleitung | Alois Edendorf |
Offertoire | Dir, dir, Jehova, will ich singen | J. S. Bach (14) |
Sanctus | Messe in F für Singstimme mit Orgelbegleitung | Alois Edendorf |
Agnus Dei | Messe in F für Singstimme mit Orgelbegleitung | Alois Edendorf |
Kommioun | Jesu, Jesu, du bist mein | J. S. Bach (34) |
Schlusslidd | Je vous salue, Marie | LD 522 |
Sortie | Praeludium & Fuga » (BWV 556) | J. S. Bach |