lb | fr | pt | en |
D’Mass um 29. Sonndeg am Joreskrees gouf vun Elleng iwwerdroen
De 16. Oktober gëtt d’Sonndesmass vun Elleng iwwerdroen. Et sangen d’Chorales Réunies A.E.M., Dirigent ass de Stéphane Siebert, Organist de Sydney Scho. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Chorales Réunies A.E.M.
Wéi an esou ville Chorale, sinn och an de Choralen aus der Gemeng Munneref d’Kierchesänger ëmmer méi rar ginn. Aus deem Grond hunn hir Memberen sech am Joer 1992 an enger grousser Chorale zesummefonnt an esou war d’Chorale AEM gebuer. Den A steet fir Altwies, den E fir Elleng an de M fir Munneref.
Eng grouss Gemeinschaft, der et vun elo un nees méiglech war, op Feierdeeg stëmmeg ze sangen, sech ze ergänzen an esou zur Verschéinerung vu sämtleche Gottesdéngschter bäizedroen, an dëst zum Luef vum Herrgott.
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée | Plein jeu improvisé | Sidney Scho |
---|---|---|
Agangslidd | Si le Père vous appelle | LD 107 |
Kyrie | Messe Soleil des Nations | Marcel Dazin / AELF |
Gloria | Louange et gloire à ton nom | Elisabeth Baranger |
Alleluja | Messe Soleil des Nations | Marcel Dazin / AELF |
Offertoire | Danken und Teilen | LD 575 |
Sanctus | Messe Soleil des Nations | Marcel Dazin / AELF |
Agnus Dei | Messe Soleil des Nations | Marcel Dazin / AELF |
Kommioun | En mémoire du Seigneur | LD 302 |
Schlusslidd | Segne du Maria | (Komponist onbekannt) |
Sortie | Improvisatioun mariale | Sidney Scho |