+Äerzbistum
+Parverbänn
+Servicer
+Mouvementer
MOBILE
 
Kontakt
 
Plang vum Site
 
Presse
 
Chargement...
Kuckt och ...
 
Lettres pastorales / Hirtenbriefe
Accueil - den Aneren unhuelen
Beschofswuert fir d’Pastoralthema

Accueil - den aneren unhuelen: dat ass, wat Chrëschten, chrëschtlech Gemeinschaften, d’Kierch vu Jesus Christus auszeechent an auszeechne soll. Accueil – als Äntwert op d’Wierke vum Härgott a Jesus Christus: “Gott hat d’Welt sou gär, datt hie säin eenzege Jong hierginn huet: … Hien huet wéi mir gelieft an allem äis gläich, ausser der Sënd” [1].

Mir si fundamental vu Christus ugeholl, adoptéiert [2] an duerch d’Sakrament vun der Daf Glidder um Läif vu Christus. Jesus Christus huet sech ernidderegt, bei di Klengst erofgebéckt a senge Frënn d’Féiss gewäsch. Sou vill sinn d’Mënschen dem Härgott wäert!

Ech si frou eiser Kierch zu Lëtzebuerg d’Pastoralthema “ACCUEIL – pour une Eglise d’accueil et d’écoute” fir dat kommend Aarbechtsjoer mat op de Wee ze ginn. Dat Thema ass an der Pastoralkonferenz ausgeschafft ginn an entfaalt sech an den dräi fundamentalen Dimensiounen vum kierchleche Liewen: Verkënnegung – Liturgie – Dingscht. All kierchlecht Liewen a Schaffen huet zum Zil, äis méi christusförmig [3] ze maachen: sou wéi hien äis ugeholl huet, sou solle mir een den aneren unhuelen.

I.

Den Aneren ass fir d’alleréischt den Härgott. Accueil heescht da lauschteren op Gottes Wuert, Gott an eisem Liewen zouloossen. D’Bezéiung zum Härgott muss Prioritéit am kierchleche Liewen hunn: Mënsche solle mam Härgott, mat Jesus Christus, mam Hellege Geescht a Relatioun kommen, Gott soll an hiert Liewen erakommen. Dat gëllt fir äis Chrëschten, dat gëllt fir déi Mënschen, déi mir a Wuert a Beispill mat bei den Härgott huelen. Dofir brauche mir selwer ëmmer nei Vergewësserung a Verdéiwung am Glawen. D’Wuert vum Härgott muss äis zur deeglecher Nahrung ginn, an der Liturgie, mä och an der perséinlecher Meditatioun an am Bibel-Deelen an der Gemeinschaft. Glawe mateneen austausche muss eng Selbstverständlechkeet ginn: wéi anescht kéinte mer Glawen un anerer weiderginn, wa mer ënnert äis net iwwert dee Glawe schwätzen an äis een deen aneren net an deem Glawen ënnerstëtzen a stäerken?

Ech encouragéieren d’Memberen an den Aarbechtsgruppen an de Porverbandsréit, d’Propositiounen an d’Pisten ze notzen, déi ausgeschafft gi sinn – an ech invitéieren all Gleeweg, en Effort ze maachen, fir d’Wuert vum Härgott an d’Mëtt vum Liewen eran ze huelen a matenee Glawen ze deelen, fir esou am Glawen ze wuessen.

II.

De Gottesdéngscht vun der Kierch ass no den Aussoe vum 2. Vatikanesche Konzil d’Quell an den Héichpunkt vun all chrëschtlechem Liewen. An der Liturgie geschitt Begéinung vu Gott mam Mënsch op eng zeechenhaft a wierksam Manéier. Gott beréiert de Mënsch duerch säi Wuert an duerch d’Sakramenter vun der Kierch, Gott kënnt de Mënschen duerch d’Zeechen a Symboler, iwwert d’Schéinheet vu Faarwen an der Musek, duerch d’Architektur an d’Konscht. Schéi Kierchen a suergsam gestallt Liturgien maachen de Mënschen et méi liicht, den Härgott an hiert Liewen eranzeloossen.

Liturgie léisst sech leede vun dem fundamentalen Accueil, deen den Härgott fir de Mënsch huet. “O wie achtet die Liturgie den Menschen in seiner heiligen Würde – wie ehrfürchtig und groß denken wir in der Kirche vom Menschen!” [4] De Gottesdéngscht vun der Kierch steet am Schnëttpunkt vun der Relatioun mam Härgott an der Bezéiung zu de Mënschen.

Ech invitéieren d’Liturgiegruppen an de Porverbänn, sech weider a nach méi ze engagéieren, fir mat de Priister a villen anere Leit, de Kiercheraum an de Gottesdéngscht zu Begéinungsplazen mam Härgott ze machen.

D’Kierchen sollen op sinn, zumindest zäitweileg, fir datt Mënschen do Stëllt a Rou am hekteschen Alldag kënne fannen a sech duerch e schéine Raum vu Gott beréiere loossen.

Accueil am Kader vun der Liturgie heescht, selwer Gottes Geschenk unhuelen an engem intensive sakramentale Liewen, an och alles maachen, fir datt anerer a jiddereen d’Geschenk vum Härgott proposéiert kritt.

Di grouss Vilfalt vu Gottesdéngschtformen soll nei entdeckt ginn, di vill verschidden Déngschter an der Liturgie solle nei belieft ginn. Dobäi muss d’Eucharistiefeier als Héichstform vu Liturgie och wierklech zur feierlechster Mëtt vun der chrëschtlecher Gemeinschaft opgewäert ginn.

III.

Accueil – den aneren unhuelen, heescht der Gesënnung vum Jesus a sengem Wuert entspriechen: Géi an handel genee sou! [5] Den aneren ass vu vireran deen anere Mënsch, egal wien a wou a wéi en ass.

Denkt drun [6], wat Gott gemaach, wéi hien a Jesus Christus un iech gehandelt huet! Soll däi Brudder an deng Schwëster an dengem Aen manner Wäert hun wéi an den Ae vum Härgott?

Den aneren huet sou vill Gesiichter! Et ass den aneren an der eegener Famill, et ass de Noper an deen, mat deem ech am Gottesdéngscht am Porverband zesumme sinn, et ass den aneren op der Aarbecht, et ass de Friemen, dee vu wäit kënnt an eis Sprooch net schwätzt, et ass deen, deen anescht lieft, dee vum Liewen aus der Bunn gehäit gouf, et ass deen, deen Affer ass vu Katastrofen, vun Honger, vu Krankheet, vu Gewalt, vun Ongerechtegkeet a Récksiichtslosegkeet. Hinnen all en Accueil an eisen Häerzer an an eise chrëschtleche Gemeinschafte bereeden, ass en Défi, deem mer äis net kënnen entzéien!

A kéngem Porverband däerft et un engem Diakoniegrupp feelen, deen derfir suergt, datt jidder Eenzelnen an di ganz Gemeinschaft opmierksam bleiwt fir den Aneren, a bësonnesch fir deen, deen a Nout ass. Dee Grupp soll och dofir suergen, datt eis kierchlech Hëllefswierker an hirem Engagement fir di Aarm an di Äermst generéis ënnerstëtzt ginn.

E besonneschen Appel maachen ech fir den Accueil vun de Jugendlechen, déi sech op d’Weltjugenddeeg [7] 2011 zu Madrid virbereeden: si sollen an eise Gemeinschaften oppen Häerzer an oppen Äerm fanne fir hir Démarche, fir hir Iwwerleeungen an Aktivitéiten.

D’Thema ACCUEIL ass déif a wäit: ech wënschen, datt et zu engem Leitfuedem fir eist kierchlecht Liewe gëtt. Ech vertrauen eis chrëschtlech Gemeinschaften dem Gebied an dem Schutz vun eiser Patréinesch an Tréischterin un. Si huet op eng aussergewéinlech Manéier Gottes Wuert ugeholl, him an hirem Liewen all Plaz ginn an et an hirem Häerz opbewahrt [8]: sou ass si d’Mamm vum Erléiser ginn, sou ass a bleift si eis Mamm a Schwëster am Glawen.

Lëtzebuerg, den 8. September 2010

[1] cf. Joh 3,14; 4; cf 4. Eucharistescht Héichgebied

[2] cf. Rom 8,5.9,4; Gal 4,5; Eph 1,5

[3] (cf. Phil 2,7)

[4] Sel. Karl Leisner (1915-1945): “O wie achtet die Liturgie den Menschen in seiner heiligen Würde: der gegenseitige Gruß, das Beräuchern mit Weihrauch, die Vereinigung, die Segnung, der Friedensgruß. Wie ehrfürchtig und groß denken wir in der Kirche vom Menschen!”

[5] cf. Lk 10,37

[6] cf. “Denk drun, du wars Sklav an Ägypten a Gott huet dech befreit, dofir ginn ech dir dës Geboter”, heescht et fir d’Vollek Israel Dt 15,15, 16,12, 24,18, 24,22

[7] cf. de Programm an d’Propositioune vun der Jugendpastoral (www.jugendpastoral.org)

[8] cf. Lk 2,51

 
Fernand FRANCK Mgr
Archevêque . Erzbischof
 
 
An dëser Rubrik
© Église catholique à Luxembourg Kontakt | Webmaster Tools
 
logo

http://www.cathol.lu//archidiocese-erzbistum/l-archeveque-emerite-der/lettres-pastorales-hirtenbriefe/article/bleif-bei-ais-har

© Église catholique à Luxembourg
certains droits réservés