+Äerzbistum
+Parverbänn
+Servicer
+Mouvementer
MOBILE
 
Kontakt
 
Plang vum Site
 
Presse
 
Chargement...
Kuckt och ...
 
Lettres pastorales / Hirtenbriefe
Bëschofswuert fir de Kannermissiounssonndeg 2005

Léif Kanner,

Stellt iech emol vir, dir hätt keng Stëmm! Dir kéint net schwätzen, an et wier ganz schwéier, mat ären Elteren, ärem Brudder oder ärer Schwëster, jo ewerhaapt mat anere Leit a Kontakt ze trieden. Well dir awer eng Stëmm hutt, kënnt dir soen, wat dir wëllt soen - da lauschtert een iech no an da gitt dir eeschtgeholl.

Vill Kanner op der Welt ginn awer net eeschtgeholl. Et ass wéi wann si keng Stëmm hätten. Kee lauschtert op si a keen intresséiert sech fir si. Si si verlooss, hunn oft net emol dat Néidegst fir ze liewen a si fillen sech verstouss. Dat gëllt besonnesch fir vill Kanner an Thailand, well op Thailand kucke mer virun allem um Kanner-missiounssonndeg 2005.

Duefir musse mir dëse Kanner hëllefen - fir datt si eng Stëmm kréien, fir datt si eeschtgeholl ginn an e würdegt Liewe kënne féieren. Dozou gehéiert en Ënnerdag an e waarmt Iessen. Dozou gehéiert, datt si op hirer Gemeng ugemellt ginn an eng Carte d’identité kréien - soss ass et, wéi wann se net do wieren. Dozou gehéiert awer och, dass si Jesus Christus kenne léieren a seng Stëmm héieren. Da wëssen si, datt hien si begleed an hirem oft schwéiere Liewen. Dat kann hinne Courage maachen. Da sinn si net méi eleng.

Speziell denke mer un déi Kanner, déi nom Tsunami, deër schrecklecher Flutwell a Südasien, hiert Heem oder hir Eltere verluer hunn. Si stinn eleng do, an hinnen huet et regelrecht d’Stëmm verschloen. Si wëssen oft guer net méi wouhin a wat maachen. Hëllefe mir also vu ganzem Häerz deene Kanner, datt si hier Stëmm erëmfannen.

Ech emfielen iech duefir d’Kannermissiounswierk mat hire Projeën fir dëst Joer. Drot dir mat derzou bäi, fir dass Kanner an Nout gehollef kréien! Vergiesst awer och net fir déi kleng a jonk Chrëschten op der ganzer Welt ze bieden!

All zesummen si mer jo eng grouss Famill: d’Famill vum Jesus. An duefir wëlle mer äis géigesäiteg ënnerstëtzen an droen, een deen aner. An dann zesummen, villstëmmeg, den Härgott luewen!

 
Fernand FRANCK Mgr
Archevêque . Erzbischof
 
 
An dëser Rubrik
© Église catholique à Luxembourg Kontakt | Webmaster Tools
 
logo

http://www.cathol.lu//prier-et-celebrer-beten-und-feiern/spiritualite-spiritualitat/bible-bibel/d-evangelium-op-letzebuergesch/joer-a/article/pengschten-um-dag-a-b-c

© Église catholique à Luxembourg
certains droits réservés