+Äerzbistum
+Parverbänn
+Servicer
+Mouvementer
MOBILE
 
Kontakt
 
Plang vum Site
 
Presse
 
Chargement...
Kuckt och ...
 
Lettres pastorales / Hirtenbriefe
Bëschofswuert fir de Kannermissiounssonndeg 2010

Léif Kanner,

Ass et iech och schon emol passéiert, dass der net méi virukomm sidd? Dass der net méi aus- nach awosst? All Mënsch ergeet dat gelegentlech esou – och alle Kanner, entweder an der Schoul, beim Spillen oder an der Famill... Oft kréie mer da gehollef, munchmol musse mer äis awer och selwer hëllefen.

Ville Kanner op der Welt geet et méi schlecht wéi de Kanner zu Lëtzebuerg. Si hunn nach laang net ëmmer genuch fir ze iessen a fir ze liewen. Dat gëllt fir d’Kanner am Senegal, engem Land an Afrika, un déi mer op dësem Kannermissiounssonndeg extra denken. Si hunn oft net emol dat Néidegst a mussen dowéinst gehollef kréien. Dacks fanne si awer och selwer nei Weeër, fir sech ze arrangéieren. Si hu Phantasie a ginn erfinderesch. Duerwéinst dréit de Kannermissiounssonndeg dëst Joer och de Motto „Kanner fannen nei Weeër“. D’Kannermissiounswierk ënnerstëtzt Projet’en am Senegal, déi d’Kanner derzou bréngen nei Weeër ze goen: sief et fir u proppert Waasser ze kommen, sief et fir en Uewen ze bauen an drop ze kachen. Dës Projet’en emfielen ech iech, esou wéi och allgemeng d’Kannermissiounswierk.

Nei Weeër fannen, dat war schon d’Devis vun den éischte Chrëschten, viru bal 2000 Joer. Si wollten am Liewen, eenzel an och zesummen, nei Weeër goen – an zwar zesumme mat Jesus Christus. Hie selwer hat jo vu sech gesot: „Ech sinn de Wee, d’Wourecht an d’Liewen“ (Joh 14,6). Duefir gouwen déi éischt Chrëschten och esougur genannt „de neie Wee“. Well si hu mussen do, wou et net chrëschtlech zougaangen ass, nei Weeër sichen, fir hire chrëschtleche Glaf trotzdeem ze liewen an hire Wee mam Jesus ze goen.

Dass dir selwer, léif Kanner, mat Him couragéiert nei Weeër fannt fir weiderzegoen an dobäi och anerer mat op dee Wee huelt – op säi neie Wee –, dat ass mäi Wonsch an och mäi Gebied fir iech alleguer!

 
Fernand FRANCK Mgr
Archevêque . Erzbischof
 
 
An dëser Rubrik
© Église catholique à Luxembourg Kontakt | Webmaster Tools
 
logo

http://www.cathol.lu//prier-et-celebrer-beten-und-feiern/spiritualite-spiritualitat/bible-bibel/d-evangelium-op-letzebuergesch/joer-a/article/pengschten-um-dag-a-b-c

© Église catholique à Luxembourg
certains droits réservés