Léif Kanner,
Iwwerleet emol folgendes: Déi allermeescht vun iech hunn en Doheem, wou si gebuerge sinn. Dir gitt an d’Schoul, kënnt spillen an iech esou op ärt Liewen als Erwuessen preparéieren.
Bei ville Kanner op der Welt ass dat awer net esou einfach wéi hei zu Lëtzebuerg. Ganz vill vun hinne musse schaffe goen, fir mat hirer Famill kënnen ze iwwerliewen; soss hätten si näischt ze iessen oder fir unzedinn. Si musse mat upaken. Un dës Kanner, déi musse fir hire Liewesënnerhalt mat upaken, denke mer um Kannermissiounssonndeg. Duefir heescht och de Motto dëst Joer “Mir pake mat un”.
Fir vill Kanner am Peru ass dat zum Beispill de Fall. Duefir wëlle mer äis dëst Joer op si konzentréieren, u si denken, fir si bieden a fir si spenden. Zwee Projeën vum Lëtzebuerger Kannermissiounswierk ënnerstëtzen déi Kanner am Peru, déi mussen schaffen - fir datt si wéinstens donieft eng gutt Erzéiung an eng waarm Zopp kréien, geschützt ginn an op hiert Liewen, och als Chrëschten, kënne virbereed ginn. Ech emfielen iech dës Projeën, grad esou wéi d’Aktioun “Daf Geschenk”. Mat deër kann een Kanner an de frieme Kontinenter hëllefen, gedeeft a chrëschtlech erzunn ze ginn; well Relionsunterrecht esou wéi bei äis gëtt et net iwwerall op der Welt.
“Mir pake mat un.” Dee Saz bezitt sech also net nëmmen op déi friem Kanner dobaussen, déi eis Bridder a Schwësteren sinn. E bezitt sech och op äis. Och mir musse mat upaken - fir hinnen ze hëllefen, fir hinnen d’Liewen méi liicht ze maachen, fir hinnen d’Frëndschaft mat Christus ze erméiglechen.
Duefir wëll ech iech alleguer vu ganzem Häerzen encouragéieren an zouruffen: Pakt och dir mat un! An der wäert gesinn: Wat ee méi deenen aneren hëlleft, wat ee selwer méi frou gëtt. Dann ass dat Geschenk, wat mir hinne maachen, och e Geschenk, dat den Herrgott äis mécht. An deër Freed, déi hie schenkt, si mer dann all mateneen verbonnen - weltwäit!
Déi Freed wënschen ech äis alleguer!
Lëtzebuerg, de 6. Januar 2006