+Äerzbistum
+Parverbänn
+Servicer
+Mouvementer
MOBILE
 
Kontakt
 
Plang vum Site
 
Presse
 
Chargement...
Kuckt och ...
 
Lettres pastorales / Hirtenbriefe
Bëschofswuert: Loosst d’Gof vum Hellege Geescht rëm opliewen!

An desen Deeg tëscht Christi Himmelfahrt a Päischten bied d’Kierch ëm d’Kommen an d’Gowe vum Hellege Geescht. Am 3. Joer vum Pastoralprojet DräiSchrëtt biede mir mat nach méi Intensitéit ëm den Hellege Geescht, deen äis an eis Kierch erneiert.

Op dësem Sonndeg ginn an der Kathedral Erwuessener gefirmt, déi an der Ouschternuecht gedeeft goufen. Et ass dat eng Geleeënheet, fir an alle Parverbänn a Gemeinschaften un d’Sakrament vun der Firmung ze erënneren; Erënnerung ass net e Bléck an d’Vergaangenheet; Erënnerung heescht: sech rëm a nei bewosst ginn: ech si gefiirmt! Mir si gefiirmt! De Geescht vum Härgott huet mech ergraff! Ech sinn erfëllt an erneiert vum Hellege Geescht!

Sou wéi den Apostel Paulus sengem Schüler Timotheus geschriwwen huet, sou ruffen ech Iech haut zou: Looss d’Gof vum Hellege Geescht rëm opliewen! Loos d’Flam vum Hellege Geescht rëm brennen! (2Tim 1,6)

Räich beschenkt den Hellege Geescht d’Kierch mat Gowen a Gnoden, mat Charismen an Talenter. Jidderee kritt eppes, kee kritt alles. Dofir kann d’Gemeinschaft nëmmen opgebaut ginn, wa jideree bereet ass, säint derzou bäizedroen. Haut soe mer Merci fir dat, wat jidderee geschenkt kritt huet.

An zugläich maachen ech Appel u jiddereen: Ennerdréckt net d’Wierke vum Hellege Geescht! Verstoppt an haalt net fir Iech, wat Dir kritt hutt zum Wuel vun allen! (cf.1 Thess 5,19)

All Fähegkeeten, all Gnodegowen gi gebraucht, fir d’Kierch opzebauen. Wann di nei Parverbandsréit am Hierscht eriicht a gewielt ginn, dann ass d’Verantwortung vun alle gefrot. Nëmmen zësumme kënne mer Kierch sinn a bleiwen, kënne mer déi Plaz sinn, wou d’Mënschen sech um Härgott freeën, wou Mënschen d’Léift vum Härgott spieren.

Ganz ausdrécklech maachen ech opmierksam drop, datt d’Parverbandsréit hir wichtegst Aufgab doranner hunn, Gemeinschaft mat opzebauen duurch di dräi Grondsténg Gebied a Liturgie, Verkënnegung a Weidergi vum Glawen, Déngscht a Solidaritéit; well vun deenen dräi Gronddimensiounen liewt d’Kierch. Vis-à-vis vun deene Grondsténg sinn all aner organisatoresch a strukturell Aufgaben zweetrangeg.

Ech lueden Iech an, grousshäerzeg ze äntwerten, wann Dir gefrot gitt, fir am Parverbandsrot an och soss am Parverband Verantwortung ze iwwerhuelen an Äert Kënnen anzebréngen zum Wuel vun der Kierch, déi haut an hei zu Lëtzebuerg eng Aufgab an eng Missioun huet.

Den Hellege Geescht ass äis zougesot, an him si mir erneiert, duurch hien kënne mer vill méi, wi mer méngen. Dofir: Läscht d’Feier vum Hellege Geescht net aus mat Ängschtlechkeet, Mutlosegkeet a Middegkeet. Et ass der wäert sech vum Geescht paacken ze loossen an mat ze bauen un enger frouer Kierch, déi Begeeschterung ausstrahlt, déi gudd deet a Guddes deet, déi d’Léift vum Härgott sichtbar mecht.
Komm Hellege Geescht, erneier äis, erneier Deng Kierch – a veränner d’Gesiicht vun der Welt!

Lëtzebuerg, den 8. Abrëll 2008

 
Fernand FRANCK Mgr
Archevêque . Erzbischof
 
 
An dëser Rubrik
© Église catholique à Luxembourg Kontakt | Webmaster Tools
 
logo

http://www.cathol.lu//prier-et-celebrer-beten-und-feiern/spiritualite-spiritualitat/bible-bibel/d-evangelium-op-letzebuergesch/joer-a/article/pengschten-um-dag-a-b-c

© Église catholique à Luxembourg
certains droits réservés