Bëschofswuert zum 1350. Gebuertsjoer vum hellege Willibrord
I.
En europäeschen Hellegen
All Joer op en Neits op Péngschtdënschdeg zitt d’Sprangprësessioun Dausende vu Pilger vun heiheem a vun auswäerts virun d’Graf vum hl. Willibrord an der Basilika vun Iechternach. D’nächst Joer - 2008 also – feiere mer dat 1350. Gebuertsfest vun dësem groussen Hellegen, dee 658 an England gebuer a 739 an zu Iechternach gestuerwen ass.
Wann de Willibrord am Alter op säi Liewen zréckgekuckt huet, dann hat hien all Grond, fir glécklech an dankbar ze sinn. Glécklech, well en op e räicht Liewenswierk am Dingscht vu Gott an de Mënschen kucke konnt, an dankbar, well hien ee fir deemoleg Zäiten héicht Liewensalter vun 81 Joer erreecht hat trotz engem ganz risikoräiche Liewe voller Geforen. Vill vu senge Begleeder haten de Märtyrerdoud fonnt.
Motivéiert duerch de Missiounsoptrag vu Christus, hat de Willibrord mat 32 Joer seng Heemecht fir ëmmer verlooss a war vun Irland erfort op den europäesche Kontinent komm. Hie verkénnegt d’Evangelium bei de Friesen, ass Missionar am Gebitt vum heitegen Dänemark an an däitsche Länner, gëtt Bëschof am holländeschen Utrecht a grënnt d’Abtei Iechternach.
De Willibrord ass en Hellegen vun europäeschem Format. A wa mir senger gedenken, dann denke mer un e gewaltege missionareschen Effort, duerch deen d’Chrëschtentum a West- a Mëtteleuropa entscheedend verdéift a gefestegt gouf
Haut, gutt 1300 Joer méi spéit, liewen a schwätze mer vum geeenten Europa. An dat „Haus vun Europa“, wéi mer d’Gemeinschaft vu der Länner vun dësem Kontinent gäeren nennen, wäert nëmmen da fir jidderee bewunnbar bleiwen, wann et op engem zolitte kulturellen a moralesche Fundament vu gemeinsame Werter aus Geschicht an Traditioun opbaut. Dat heescht och, datt Europa seng chrëschtlech Wuerzelen net däerf verleegnen. D’Chrëschtentum huet dëse Kontinent zudéifst markéiert. Mënsche wéi den hl. Willibrord, hunn an der europäescher Geschicht Entscheedendes a Bewegung bruecht.
II.
Nei entdecken, datt de Glawen eist Liewe räich mécht.
Der Kierch heiheem grad wéi och bei eisen Noperen feelt et net u materielle Gidder. Et feelt hir u Motivatioun an u Freed, fir de Glawe weiderzeginn. D’Wuert „Missioun“ huet hautzedags e gewësse Bäigeschmaach no Indoktrinatioun a Beléierung. An dach gehéiert de missionareschen Optrag zur ureegenster Aufgab vun der Kierch an de Chrëschten. Wat ech domadde soe wëll ass, datt mir dërzou opgeruff sinn, dat weiderzesoen a weiderzeginn, wat fir äis zum Räichtum vun eisem Liewe gehéiert. Mir sollen op d’Quell hiwäisen, déi dee Räichtum ëmmer erëm nei speist: d’Evangelium an zoulescht Jesus Christus selwer an d’Liewensgemeinschaft mat him. Mir vertrauen der Daf an der Virbereedung vun de Kanner op d’Sakramenter, fir de Glawen weiderzeginn. Dat sougenanntent Traditiounschrëschtentum gëtt awer méi a méi ofgeléist duerch e Glawen, deen eng perséinlech Entscheedung viraussétzt. An domadde komme mer den Ufäng vum Chrëschtentum an der Zäit vum hl. Willibrord erëm méi no.
Esou wéi zu sénger Zäit, brauche mer och haut Männer a Fraen, déi glafwierdeg Zeie vum Jesus senger Botschaft sinn. D’Evangelium muss ëmmer erëm zu de Mënsche kommen. „Geht zu allen Völkern, und macht alle Menschen zu meinen Jüngern“ [1], rifft den Operstanene Christus senger Kierch och haut zou. An deen Opruff ass och duerchaus esou gemengt.
Léif Schwësteren a Bridder!
Gitt der Léift vu Christus zu de Mënschen e Gesiicht a bréngt se mat Him a mat sengem Evangelium a Beréierung. D’Sprangprëssessioun gläich nom Péngschtfest dréckt vill vun der Liewegkeet vum Hellege Geescht aus. Et ass e Bild vun der Freed, fir mat Läif a Séil Chrëscht ze sinn.
„In Dei nomine feliciter!“ huet den hl. Willibrord an enger Notiz geschriwwen. Loossen och mir äis am Jubiläumsjoer vum hl. Willibrord bewegen a versiche mer mat Gottes Hëllef op en Neits z’entdecken, datt de Glawen eist Liewe räich mécht. Ech sinn zouversiichtlech, datt dat méigelech ass.
Lëtzebuerg, den 10. Oktober 2007