|
Kuckt och ...
|
Lettres pastorales / Hirtenbriefe
Bëschofswuert zur Euthanasie
I. Angscht an Hoffnung Méi ewéi soss ass an de leschte Méint däitlech ginn, datt vill Mënsche sech Suerge maachen iwwer déi lescht Phas vun hirem Liewen. Si fäerten, am Fall vun enger schwéierer Krankheet laang leiden ze mussen; si fäerten och, vu medizineschen Apparater ofhängeg ze ginn, a si fäerte virun allem, eleng mussen ze stierwen. Dacks plädéiere Mënschen och zugonschte vun der Euthanasie, well si am Fall vu schwéierer Krankheet oder am Alter hirer Famill net wëllen zur Laascht falen. An et ass ze fäerten, datt den Drock op Schwéierkranker an op Leit, déi Fleeg brauchen, nach méi grouss gëtt, wann e Gesetz do ass, dat déi Méiglechkeet opmécht. All déi Ängschte si real a musse wierklech eescht geholl ginn. Si kënnen opgefaange ginn duerch eng gutt Informatioun, duerch d’Palliativmedizin an net zulescht duerch déi chrëschtlech Hoffnung. „Die Hoffnung stirbt zuletzt“ – esou heescht et an engem Sprachwuert. Et ass vläicht net d’Hoffnung, fir ganz gesond ze ginn, awer dach d’Hoffnung, weider ze liewen – wann och mat Aschränkungen.
II. Mat der Gesellschaft am Dialog Eist Land ass am richtege Sënn vum Wuert opgerëselt ginn, wéi den 19. Februar 2008 an der Chamber mat knapper Majoritéit e Gesetzesvirschlag iwwer d’Euthanasie an de medizinesch begleete Suizid an éischter Liesung ugeholl ginn ass. Vill Leit hunn eréischt dono realiséiert, iwwer wat do eigentlech ofgestëmmt gi war. Scho viru Joeren, wéi d’Diskussioune ronderëm d’Euthanasie fir d’éischt opkomm sinn, hat d’kathoulesch Kierch sech zu Wuert gemellt a gewarnt, fir op deem Wee virun ze fueren. An de leschte Méint hunn ech mech mat kloeren an dréngenden Appeller un d’Ëffentlechkeet geriicht. Och an der Gesellschaft hu sech no der Ofstëmmung am Parlament vill Männer a Fraen zesummefonnt, fir sech géint d’Euthanasie a fir d’Palliativmedizin anzesetzen. Och hei si vill Chrëschten engagéiert, déi aus hirer chrëschtlecher Verantwortung eraus handelen. Et ass tatsächlech wichteg fir äis Chrëschten, äis an d’Gesellschaft anzebréngen, – grad wann et ëm esou e fundamentale Wäert ewéi d’Liewe geet. Et ass awer grad esou wichteg, zu engem Urteel aus dem Glawen ze kommen. III. De Glawe vun de Chrëschten Bei den Diskussioune ronderëm d’Euthanasie gëtt ëmmer erëm de Begrëff vun der „Dignitéit“ gebraucht. Jiddferee reklaméiert dee Begrëff fir sech. Och déi, déi fir d’Euthanasie sinn, schwätze vun „Dignitéit“ – vu „mourir en dignité“. Dignitéit – Würd – ee Begrëff also, deen dacks onbewosst gebraucht gëtt a wou jiddereen draleeë kann, wat hie grad brauch. Dofir sollte mir als Chrëschten äis driwwer kloer sinn, wat mir dorënner verstinn, wa mir vun der Dignitéit vum Mënsch schwätzen. Als Chrëschte gleewe mir, datt all mënschlecht Liewen e Geschenk vu Gott ass – kee Produkt vum Mënsch selwer an och kee Produkt vum Zoufall. Aus dem chrëschtleche Glawen ergëtt sech eng Optioun fir d’Liewen. Mir gleewen, datt mir an eiser Eenzegaartegkeet vu Gott gewollt sinn, no sengem Bild a Gläichnës. De Schutz vum Liewen ass wiesentlech fir all Gesellschaft. Et ass déi äusserst Grenz. Dat rifft äis schonns dat 5. Gebot „Du sollst nicht töten!“ an Erënnerung. Mir sinn äis dëser Verflichtung fir d’Liewe voll a ganz bewosst. An näischt an der Welt kann äis vum Géigendeel iwwerzeegen. Aus deem, wéi d’Chrëschtentum de Mënsch gesäit – als Bild vu Gott –, ergëtt sech och seng Dignitéit. Si ergëtt sech aus sengem Mënsch-Sinn. An déi Dignitéit ass net ofhängeg vu senger Leeschtung a senge geeschtege Fäegkeeten. De „JO“ vu Gott zu all Mënsch schenkt him seng Eemolegkeet a gëtt him och seng Dignitéit. Dës Dignitéit hëlt keen dem Mënsch ewech, och keng lieweswidreg Ëmstänn um Schluss vum Liewen. Duerfir bleift och dann d’Liewe wäertvoll a schützenswäert. IV. Konkret handelen; palliativ betreien Jiddfer Mënsch ass an den Ae vu Gott onverwiesselbar an net ze ersetzen. Déi héich Wäertschätzung motivéiert äis an eisem Asaz fir eng Gesellschaft, an deer de Mënsch bis zum Doud geschützt a behidd gëtt – bis zum Doud an iwwer den Doud eraus. Als Chrëschten orientéiere mir äis un der Verkënnegung vum Jesus an u senger Aart a Weis ze liewen. A säin éischte Bléck huet der Nout vu senge Matmënsche gegollen. Angscht an Nout gesinn a si bewältegen, dat war e wichtegen Aspekt vu senger Verkënnegung a vu sengem Wierken. Zesummen Nout a Leed ugoen – déi Haltung ass duerch seng Persoun konkret ginn. Zesummen Nout a Leed droen an no Méiglechkeet iwwerwannen – dat ass och säin Optrag un äis, déi mir dem Jesus noginn. Als Chrëschte begréisse mir d’Recht op palliativ Betreiung fir jiddereen. Zu Lëtzebuerg si mir um gudde Wee: D’Palliativmedizin huet sech an de leschte Joeren als e wichtegt Instrument an der Betreiung vu Schwéierstkranken a vu Mënschen déi um Stierwe leien établéiert. Lëtzebuerg huet elo schonns eng grouss Zuel u Palliativbetter – déi palliativ Betreiung doheem gëtt ausgebaut. Loosse mir zesummen déi Entwécklung ënnerstëtzen. Loosse mir déi vill Dokteren, Infirmièren an aner Professioneller ënnerstëtzen, déi sech onermiddlech fir d’Mënschen an hirer leschter Liewesphas asetzen. Loosse mir als chrëschtlech Gemeinschaften och déi Familljen an déi Bénévolen ënnerstëtzen, déi sech ëm déi Mënsche këmmeren, déi krank sinn an déi um Stierwe leien, doheem, a Spideeler a Flegeheimer. A loosse mir dobäi och d’Gebiet net vergiessen: „Lasst nicht nach im Beten!“ (Kol 4,2), wéi et beim Apostel Paulus heescht. Léif Matchrëschten, mir wëllen äis an eisem Land fir e wierklecht „Stierwen an Dignitéit“ an der Verantwortung viru Gott asetzen. Loosse mir dofir déi lescht Weestréck a SENG Hänn leeën! Fernand FRANCK Mgr
Archevêque . Erzbischof
|
An dëser Rubrik
|


Circle cathollu
Follow cathollu
Like cathollu

Permalink: http://www.cathol.lu/article1178
Uewen


