|
Kuckt och ...
|
Lettres pastorales / Hirtenbriefe
Bleif bei äis, Här!
Bëschofswuert iwwer d’Eucharistie, fir d’Faaschtenzäit 2005*
De Poopst Jean-Paul II huet d’Joer vum Oktober 2004 bis zum Oktober 2005 zum “Joer vun der Eucharistie” erklärt. Hie rifft an engem Apostolesche Schreiwes ënnert dem Titel “Mane nobiscum Domine - Bleif bei äis, Här” d’ganz Kierch op, sech am Laf vun deem Joer nei op dëst grousst Geheimnis vun eisem Glaf ze besënnen an sech nei derfir opzemaachen. Firwat e Joer vun der Eucharistie? De Poopst selwer gët d’Äntwert: “Das Brotbrechen, wie die Eucharistie im Anfang genannt wurde, steht von jeher im Mittelpunkt des Lebens der Kirche. Mittels ihr macht Christus durch den Zeitenlauf hindurch das Geheimnis seines Todes und seiner Auferstehung gegenwärtig. In ihr empfangen wir Christus in Person als das ‘lebendige Brot, das vom Himmel herabgekommen ist’. (Joh 6,15) In ihm ist uns das Unterpfand des ewigen Lebens gegeben, dank dessen wir das ewige Gastmahl des himmlischen Jerusalem verkosten können.” [1] I. An der Eucharistiefeier realiséiert sech d’Kierch wéi soss néierens, an dofir seet dat lescht Konzil, dass d’Eucharistie am kierchleche Liewen den absolutten Héiepunkt ass, datt vun hir alles, wat gutt a schéin ass, ausgeet an a si alles zeréckfléisst. [2] D’Eucharistiefeier ass liewenswichteg fir d’Kierch, se ass liewenswichteg fir déi, déi d’Kierch ausmaachen, also fir äis. Bedenke mer eent: D’Mass dréckt all Kéier aus, dass Christus säi Liewen higinn huet - da muss se äis dach eng gutt hallef Stonn bis eng Stonn an der Woch wäert sinn. Da muss si äis och wäert sinn, dass mer äis an d’Nopeschduerf oder -par deplacéieren, wa bei äis selwer kee Gottesdéngscht ka gefeiert ginn; nëmmen dann an d’Mass goen, wann an eiser eegener Uertschaft eng ugebuede gët, erschéngt op dësem Hannergrond ongenügend. Dëse Moment, wou mer am Erneierungsprozess an der Kierch weiderfueren, duerch d’Konkretiséieren um Terrain vun de Poarverbann, ass et wichteg, dass mer äis op dat Wiesentlecht besënnen, op dat, wat och äis zur liewecher Kierch mécht, d’Eucharistiefeier. Déi gemeinsam Eucharistiefeier um Sonndeg ass d’Häerzmëtt vum Poarverband. Si soll dofir och als Feier vun der ganzer Gemeinschaft gestallt ginn. Besonnesch Wichtegkeet kënnt dohir der Eucharistie zou, déi um Sonndeg op engem zentralen Uert vum Poarverband gefeiert gët. Am Fall vu Poarverbänn mat méi wéi engem Zentrum, kann se an zwou Uertschaften besonnesch ervirgehuewe ginn. II. A sengem Apostolesche Schreiwes betount de Poopst: “Die Eucharstie - ein großes Geheimnis! Es ist ein Geheimnis, das vor allem gut gefeiert werden muss. Die heilige Messe muss in die Mitte des christlichen Lebens gestellt werden. Jede Gemeinde soll alles tun, um sie gemäß den Vorschriften würdevoll zu feiern, unter Teilnahme des Volkes, wobei von den verschiedenen Diensten in der Ausübung der für sie vorgesehenen Aufgaben Gebrauch gemacht werden soll.” [3] An der Virbereedung vun der Gestaltung vun dëser Eucharistiefeier solle Memberen vun alle Gemeinschaften matwierken. Duerfir ass et absolutt noutwendeg, dass an all Poarverband eng Équipe Liturgique besteet. Do wou se nach net besteet, soll se bis Ouschteren gegrënnt ginn. Hir éischt Aufgab kéint dann d’Virbereedung vun der helleger Woch sinn. Des Équipe liturgique ass ënnert der Leedung vun dem zoustännegen Paschtouer responsabel fir Planung a Gestaltung vun de liturgesche Feieren am Poarverband. Als wäertvoll Hëllef fir d’Grënnung an d’Schafe vun dësen Équipes liturgiques huet eis diözesan Liturgiekommissioun e Basistext [4] erausginn , deen jidferengem zur Verfügung steet. Ech widerhuele ganz eindringlech d’Invitatioun un déi, déi gudde Wëllen a Freed un der Liturgie hunn, sech fir déi Équipe zur Verfügung ze stellen. Wourëms et do geet, kann een op dem Dépliant fannen, deen d’Liturgiekommissioun publizéiert huet. D’Mass sëtzt äis a Verbindung mat dem Wuert vum Herrgott. Et geet net duer, op dëst Wuert méi oder wéineger opmierksam ze lauschteren. Nëmme wa mer dëst Wuert an eist Häerz ophuelen, kann et eppes an äis bewierken, kann et äis evangeliséieren. Mer trieden an der Massfeier a Kommunioun mat Jesus Christus, hien schenkt sech äis a sengem eucharistesche Läif ënnert der Gestalt vum Brout, fir dann an äis ze liewen an duerch äis an d’Welt eran ze trieden an an d’Welt eran ze wierken. Wéi gedankenlos geschitt oft d’Kommunizéieren! Ier mer zur helleger Kommioun hintrieden, misste mer d’Pauluswuert behäerzegen: “Jidfereen soll sech selwer préifen, an dann eréischt soll e vum Brout iessen an aus dem Kelch drénken.” [5] Mer sinn do alleguerten gefuerdert, an dat ass den eenzege Wee, fir aus der Banaliséierung vum Kommunizéieren erauszekommen, an déi mer erageschliddert sinn. III. D’Kommioun an der Eucharistefeier ass déi déif, jo déi allerdéifst Verbindung mat Christus. Mä well se dat ass, ass se och onweigerlech Kommioun mat de Matmënschen, un éischter Stell mat deenen, wou mer d’Mass feieren. Nëmmen da geschidd dat, woufir Jesus Christus virum Asetze vun der Eucharistie gebiet huet, nämlech Eenheet. An nëmmen duerch d’Eenheet vun de Gleewegen kënnt d’Welt zum Glawen. Dat soll och konkret ginn duerch d’Schafe vun den Diakoniekommissiounen an de Poarverbandsréit. An dëse Kommissiounen sollen déi Matmënsche mat Prioritéit beuecht ginn, déi an eiser Gesellschaft net gutt dru sinn, wéi déi Aarbechtlos, déijéinech déi eis Sprooch net schwätzen, déi déi kee Mënsch hunn, un deen se sech wende kënnen an hirer Nout. No der Massfeier bleift d’helleg Reserve am Tabernakel, eng permanent sakramental Präsenz vu Jesus Christus an eisen Uertschaften. Ee Grond ass sécher, fir esou all Moment de Kranken d’helleg Kommioun kënnen ze bréngen. Mä et ass awer och eng Invitatioun zur perséinlecher oder gemeinschaftlecher Ubiedung. Ech riichten un iech alleguerten en Appel, fir dëser Invitatioun grad am Joer vun der Eucharistie erëm nei nozekommen. Fannt iech privat oder a Gruppen virum Tabernbakel zur Ubiedung an. Ech recommandéieren besonnesch och déi al Traditioun vun der Anbetung um Donneschdeg virun all Eischte Freideg. Iwwerleet, wéi een d’Fronleichnamsfest beliewe kënnt. Bréngt är perséinlech Uleies, mä och déi vun der Kierch, ewéi Priister- an aner kierchlech Beruffer, eis Familljen, de Fridden an der Welt a grad och an de kommende Wochen weiderhin d’Intentioun vun engem gudden a fruchtbare Verlaf vun de JMJ viru Christus am hellege Sakrament. Gët d’Eucharistie zur Ubiedung am Tabernakel opbewahrt, dann huet déi eucharistesch Präsenz an eise Kierchen awer nëmmen dann e Sënn, wann d’Kierchen och am Dag zougänglech sinn. Zu enger eucharistescher Kultur gehéiert och, de Kiercheraum mam Allerhellegsten als e sakrale Raum unzegesinn an an eisem Verhalen, och vir an nom Gottesdéngscht, de néidege Respekt un den Dag ze leën: Mer knéie virum Tabernakel, mer si stëll an der Kierch, mer evitéieren ze schwätzen. T’ass och wichteg, eis Kanner an dës Gesten an Haltungen anzeféieren. Esou éiere mer Christus a sénger erléisender Gegenwart a mer schafen e Klima vu Besënnlechkeet a Gebied an eise Kierchen, dat d’Begéignung mat him fërdert. An etleche Paren gët dat begënstegt duerch de Rousekranz, dee virun der Mass a Gemeinschaft gebied gët. Et geet am Joer vun der Eucharistie net ëm Erfanne vu Neiem, mä et geet drëm, dat wat besteet nei ze beliewen. Ech wënschen eise Poarverbänn an awer och eise reliéise Gemeinschaften dozou Imaginatioun! IV. Zum zweeten sollt et een Uleies vun äis all sinn, fir méiglechst vill Jonker aus Lëtzebuerg op d’JMJ unzespriechen an si ze motivéieren, bei dësem Treffen matzemaachen. D’JMJ, déi souzesoen virun eiser Hausdir stattfannen, sinn eng eemoleg Chance fir eis jonk Leit, um Niveau vun der Weltkierch eng déif a freedeg Erfahrung vun hirem Chrëschtsinn ze maachen. Ech soen elo schon alle Familljen een häerzleche Merci, déi sech bereet erkläert hunn, fir Jonker bei sech opzehuelen. Ech encouragéieren eis Parverbänn, fir Jonker fir d’JMJ ze begeeschteren an d’Beméihungen vun der Virbereedungséquipe ze ënnerstëtzen. Et ass awer och wichteg, dass mir alleguer dëst Uleies an eisem perséinlechen a gemeinschaftleche Gebiet matdroen. Esou wéi d’Faaschtenzäit äis net onverännert léisst, wa mir äis op si aloossen, esou wäerten och d’JMJ all déi positiv veränneren, déi sech heiheem an zu Köln mat ganzem Haerz dru bedeelegen. Maria, déi sech opgemat huet fir bei d’Elisabeth ze goen, si soll och déi Jonk op hirem Wee behidden. An esou wéi si de Jesus, deen si nach am Häerz gedroen huet, hirer Cousine am Ablack vun der Begéignung geschenkt huet, esou soll si hien och ëmmer an iwwerall äis schenken, op am Moment vun der Eucharistie oder vun anere Begéignungen, zu Köln, zu Lëtzebuerg oder wou och ëmmer. Lëtzebuerg, um Fest Epiphanie, dem 2. Januar 2005 * Dëst Wuert soll an alle Kierche virgelies ginn: d’Aleedung an d’Deeler I an II um Sonndeg, den 30. Januar, den III. a IV. Deel um Sonndeg, de 6. Februar 2005. [1] Apostolescht Schreiwes “Mane nobiscum Domine” v. 7.10.2004, Nr. 3. [2] Konzilskonstitutioun “Sacosanctum Concilium” Nr. 10. [3] Mane nobiscum Domine Nr. 17. [4] Das Geheimnis unseres Glaubens feiern und gestalten. Basistext zur Einsetzung von Liturgiekreisen innerhalb der Pfarrverbände. Hrsg. Diözesane Liturgiekommission. Vgl. Kirchlicher Anzeiger 134 (2004) 30ff., Nr. 15. [5] 1 Kor 11,28. [6] Mane nobiscum Domine Nr. 4. Fernand FRANCK Mgr
Archevêque . Erzbischof
|
An dëser Rubrik
|


Circle cathollu
Follow cathollu
Like cathollu

Permalink: http://www.cathol.lu/article432
Uewen


