+Äerzbistum
+Parverbänn
+Servicer
+Mouvementer
MOBILE
 
Kontakt
 
Plang vum Site
 
Presse
 
Chargement...
Kuckt och ...
 
Lettres pastorales / Hirtenbriefe
De Glawe mateneen deelen - Kateches, en Défi fir d’Kierch
Bëschofswuert fir d’Faaschtenzäit 2004

“Mäin Engagement bei der Virbereedung vu Kanner op d’Eischtkommioun huet mir a mengem eegene Glawe vill bruecht - ech sinn an engem Bibelgrupp a beschäftege mech mat mengem Glawen, wat ech zënter der Schoul net méi gemaach hunn - ech entdecken am Grupp, deen sech ëm drogesüchteg Jugendlech këmmert, datt eis Aarbecht eppes mat eisem Glawen ze dinn huet.”
Sou ënnerschiddlech an hoffnungsvoll Erfahrunge maache Fraen a Männer an eiser Zäit. Dat gët ville Courage, iwwert de Glawen ze schwätzen an de Glawen mat aneren ze deelen.
Glawen mat aneren deelen, mateneen am Glawe wuessen a Glawen verdéiwen: Dat gët an der Kierch zënter den éischte Joerhonnerten “Kateches” genannt. Iwwert Kateches wëll ech mat iech an dësem Bëschofswuert nodenken.

I.

D’Wuert “Kateches” gouf an den éischte chrëschtleche Joerhonnerte gebraucht, fir d’Aféierung an de Glawen an d’Léiere vun de Glawensinhalter ze bezeechnen. Agefouert gouf an de Vaterunser an an de Credo, déi souzesoen e Resumé vum ganze Glawen duerstellen. De Glawesunterrecht war ëmmer verbonnen mat der Aféierung an d’Liewe vun der Kierch a besonnesch an d’Sakramenter.
Vum 16. Joerhonnert un gouf de Katchëssem d’Buch, an deem d’Glaweswëssen mat Froen an Äntwerten duergestallt ginn ass. Meeschtens ass de Katchëssem dann och fir Kanner an der Schoul gebraucht ginn. Doduerch ass et zu enger gewëssen Engführung komm: Kateches gouf op Kanner a Jugendlech beschränkt a war praktesch identisch mat Reliounsunterrecht an der Schoul.
An der Kateches geet et net nëmmen ëm Wëssen, mä ëm eng Aféierung an all Dimensiounen vum chrëschtleche Liewen. Aus enger innerer Dynamik eraus wëll de Glawen gewosst, gefeiert, gelieft an a Gebied iwwersat ginn. Kateches adresséiert sech net nëmmen u Kanner an ass net zu engem bestëmmte Moment ofgeschloss, mä Kateches ass fir all Alter an ass eng permanent Demarche. “Zur Katechese gehört ... alles, was im Laufe eines christlichen Lebens für die Förderung eines reflektierten Glaubensbewusstseins und einer ... entsprechenden Lebensgestaltung nötig ist.” Esou seet d’Gemeinsam Synod vun den Däitsche Bistümer.
“D’Kierch ass do, fir ze evangeliséieren”, seet ganz lapidar de Poopst Paul VI. Am Kader vun der Evangeliséierung ass d’Kateches e wichtigen an entscheedende Moment: Si gët dem Glawen, deen am Häerz vum Mënsch Wuerzel gefaasst huet, eng Form an en Inhalt. D’Gnod vun der éischter Begéinung mat Jesus Christus gët ausgefaalt a verdéift; de gleewege Mënsch gët an d’Gemeinschaft vun der Kierch eragefouert.
D’Zil vun der Kateches ass et, de Mënsch “net nëmmen a Kontakt, mä a Gemeinschaft, a Lieweseenheet mat Jesus Christus ze bréngen”. An der Kateches léiert de Mënsch de Jesus a seng Gutt Noriicht kennen, an der Kateches kritt de Mënsch d’Chance, alle Facette vum chrëschtleche Liewen ze begéinen: gleewen, feieren, biede léieren, schenken a sech engagéieren, Gemeinschaft liewen an Zeechnes ginn.

II.

Mir stinn zur Zäit viru grousse Froen an Defiën: Wéi geet et mam Glawe weider? Wéi kënnen déi jonk Generatiounen nach Glawe léieren a liewen? Wéi steet et ëm eise Glawen? Wéi kënne mir eise Glawen esou liewen, datt Mënschen haut a mar Jesus Christus kenne léieren an zum Glawen un hie kommen?
Dës Froen féieren äis direkt an d’Häerzmëtt vun eisem Glawen; déi franséisch Bëschofe soen: “Aller au coeur de la foi.” Eisen eegene Glawen muss sech erneieren, nei entflamen: A Jesus Christus ass d’Léift an d’Mënschefrëndlechkeet vum Härgott sichtbar ginn fir d’Heel vun de Mënschen. Mir däerfen Dag fir Dag weider buschtawéieren am Buch vum Liewen an dat, wat mer do liesen, ëmsetzen an eisem Liewen, a Schaffen a Verkënnegen, a Feieren an Dosinn fir anerer. Den éischte Schrëtt vu Kateches féiert dofir an eis Gemeinschaften: E groussen Effort vu Vergewësserung am Glawe muss bei äis geschéien. Ech ruffen all kierchlech Gemeinschaften, all Parverbänn, Uerden a Kongregatiounen, kathoulesch Verbänn, Organisatiounen a Gruppen op, Initiativen an deem Sënn ze ënnerhuelen. Mir mussen äis eise Glawe soen, mir mussen Erzielgemeinschafte ginn, Gemeinschaften, an denen d’Helleg Schrëft matenee gelies a meditéiert, studéiert a gebied gët; an denen d’Liewe vun all Dag a Relatioun mam Evangelium bruecht gët; an denen een den aneren am Glawe stäipt a begleed.
Dem Jesus säin Opdrag ass a bleift: “Gitt bei all Vëlker!” , deelt mat aneren, wat iech selwer liewen an hoffen deet! Wéi mir liewen, wat mir maachen a soen, ass entweder eng Invitatioun, fir ze gleewen, oder awer eng Abschreckung an e Contre-Témoignage. Äntwer deem, deen dech no dengem Glawe freet - mä lief sou, dass de no dengem Glawe gefrot gëss!
Mir all si geprägt vun der sougenannter postmoderner Gesellschaft: Pluralismus a Globaliséirung, eng Villfalt vu Liewesëntwërf, Wäertsystemer a méigleche Liewesweeër si nëmmen e puer Stéchwierder, fir dëst gesellschaftlecht Ëmfeld ze beschreiwen. De Mënsch ass an der ganzer Welt doheem, zumindest iwwert d’Medien an d’Internetnetzer; op ville Plazen schafft a lieft hien - a muss sech permanent fir dëst oder dat entscheeden. Dacks feelen him fest Orientéierungspunkten, dacks fillt en sech trotz allem eleng an op sech selwer zréckgeworf. Eng ëmmer méi grouss Zuel vu Mënschen falen och bei äis a materiell Aarmut, an och a psychesch a mënschlech Einsamkeet.
Eise Bléck op eis Welt ka nëmmen de Bléck vum Härgott selwer sinn: e Bléck voller Léift an Zouwendung op d’Mënschen, op hir Suergen an Ängschten, hir Hoffnungen an hir Freed. Mir liewe mat hinnen an dëser Zäit, déi vill Schéines an och vill Onsécheres u sech huet. Mat hinnen wëlle mer de Glawen un dee Gott deelen, “dee sech mat der Erschafung vun der Welt a vum Mensch net zefridde ginn huet, mä sech an de Gläichschrëtt mat sengem Geschöpf gesat huet”. Glawe kann ee net vu bausse bréngen. Mir kënnen d’Mënschen, bei déi mer geschéckt sinn, nëmme vu bannen eraus verstoen a si gären hunn mat hirer Kultur, hire Virstellungen, hiren Erfahrungen, hirer Verantwortung an och mat hire Verletzungen an hiren Hoffnungen.

III.

D’Zil vun all Kateches ass et, de Glawen kennen ze léieren, ze verdéiwen, de Glawen feieren a liewen ze léieren. Dat ass a bleift eng permanent Aufgab fir d’Gemeinschaft vun der Kierch; mä et bleift genee esou eng permanent Verpflichtung fir jidder Chrëscht: Keen ass je um Enn vun deem Wee, deen an d’Häerzmëtt vum Glawe féiert.
Hei zu Lëtzebuerg begéine mer an der Regel Mënschen, déi gedeeft sinn an als Kanner an de Glawen agefouert goufen. Sou kommen Elteren a froen e Sakrament fir hir Kanner; si selwer sinn an hirem Glawen dacks net méi wäit wéi hir Kanner. Hei bitt sech d’Geleeënheet, sech mat hinnen op de Wee vun der Aféierung an de Glawen ze maachen, e Wee vun Initiatioun unzefänken.
Op d’Qualitéit vun eisem Accueil kënnt et un; ob Fraen a Männer e Stéck Wee am Glawen mat äis ginn, hänkt ganz entschidden dervun of, wéi mir mat hirer Fro ëmginn. Wa si d’Sakrament vum Bestiednis fir sech oder d’Daf oder d’Eischtkommioun oder d’Firmung fir hir Kanner froen, da sinn si op fir eng Démarche. Ganz wiesentlech kënnt et drop un, datt mir als kierchlech Gemeinschaft op hir Ufro aginn an e Raum schafen, wou hir Onsécherheten a Froen kënnen zur Sprooch kommen. Un äis ass et, net bei Äusserlechkeeten a Bedingunge stoen ze bleiwen, mä ganz kloer d’Invitatioun vum Evangelium auszespriechen an d’Propositioun vum Glawen ze maachen.
An der Gesellschaft gët vum “lifelong learning” geschwat, vu “formation continue et permanente”. Mënsche sinn an engem lieweslaange Prozess vu Léieren. Léieren heescht da méi wéi sech präzist Wëssen uneegnen; léieren heescht do virun allem “léieren ze léieren”, dat heescht fäheg ginn, sech selwer mat Neiem ausenaner ze setzen an sech et unzëeegnen.
Dat gëllt och fir eng Kateches mat Erwuessenen: Si muss geschéien an engem Dialog tëscht de Persounen, hiren Erfahrungen, Méiglechkeeten a Froen an dem Evangelium. Den Dialog bréngt Mënschen a Bezéiung an Autausch mateneen - a jiddereen ass souwuel deen, dee schenkt, an deen dee kritt. Sou en dialogesche Wee muss dacks nach gesicht an entdeckt ginn: Hien ass awer wuel den eenzege Wee, dee mat Erwuessenen an e verdéifte Glawe ka gaang ginn.
Och wann an der Famill dacks net méi sou vill vu Relioun a Glawen weider vermëttelt gët wéi fréier, wëll ech dach de Bäitrag vun de Familljen eegens ervirhiewen. Alles wat Kanner an der Famill kréien, Gebuergenheet, Léift, Grondwäerter vum Liewen, vun Eierlechkeet, Wourecht, Respekt virun aneren a virun der Natur... si wäertvoll Grondsteng fir eng reliéis Erzéiung, sinn d’Fundamenter, op denen d’Kateches kann opbauen. Duefir encouragéieren ech d’Elteren an och d’Grousselteren, hiert Bescht a Méiglechst ze maachen - an déi ugebuede Geleeënheete fir hiren eegene Glawen ze verdéiwen, ze notzen.

IV.

Ganz vill Fraen a Männer stinn am besonneschen Déngscht vun der Glaweserzéiung vun de Kanner an de Jugendlechen: d’Reliounsenseignants an de Primärschoulen an d’Religiounsprofesseren an de Lycéën. E besonnescht Wuert vun Unerkennung a Merci wëll ech hinne soen: Si leeschten en onersetzlechen a fundamentalen Déngscht fir d’Aféierung vu Kanner a Jugendlechen an de Glawen.
Duerch hiren Engagement an hiren Témoignage komme vill Kanner a Jugendlech fir d’éischt a Kontakt mam Jesus a senger Gudder Noriicht. Well am Reliounsunterrecht dacks buchstäblech bei Adam an Eva ugefaang gët, kann a muss d’Kateches op anere Plazen weidergefouert an ergänzt ginn. D’Gemeinschaft am Parverband muss dat weiderféieren, wat an der Schoul ugefaang gët: “Gemeindekateches”, Kannergruppen, Aféierung an d’Sakramenter an an de Gottesdéngscht, an d’Mass an a konkret Aktiounen vun der Nächsteléift si wichteg a noutwendeg Bausteng.
Op ville Plazen gët et Angeboter vun der Jugendpastoral, wou de Glawen ganz konkret ageübt, gefeiert an an Aktiounen praktizéiert gët. D’Virbereedung op d’Sakrament vun der Firmung ass fir jong Leit ëmmer eng ganz besonnesch Chance, de Glawen besser kennen an och liewen ze léieren. An de Jugendorganisatiounen besteet doriwwer eraus d’Chance, de chrëschtleche Glawen ganz konkret an der Gemeinschaft mat aneren an am Engagement fir anerer ze liewen. E grousse Merci wëll ech dofir hei de Guiden a Scouten, de Jongbaueren a Jongwënzer, der Landjugend an de Massendénger soen.
De Reliounsunterrecht an der Schoul huet méi Ziler, déi e mat ugepassten reliounspädagogesche Methoden sicht ze erreechen.
Reliéis Bildung ass Deel vun der Allgemengbildung, déi an der Schoul vermëttelt gët: Eis europäesch Geschicht a Kultur ass nëmmen ze verstoen an och weiderzeféieren, wann de jüdesch-chrëschtlechen Apport gesinn an unerkannt gët. De Reliounsunterrecht féiert Kanner a Jugendlech an déi grouss Geschicht vu Glawen an, déi mam Abraham ugefaang huet an am Jesus d’Mënschen an eng nei an eemoleg Relatioun mat Gott agefouert huet.
De Reliounsunterrecht ënnerstëtzt Kanner a Jugendlech an hirer Entwécklung zu hirer eegener Identitéit: En hëlleft d’Froe nom Liewen, nom Sënn vum Liewe stellen a proposéiert Äntwerten, déi hire läschte Grond am Härgott an a senger Zouwendung zu de Mënschen hunn.
De Reliounsunterrecht leescht e Bäitrag zu engem Handelen a Liewen, dat de jonge Mënsch a spéider den Erwuessenen ka veräntwerten. E steet am Déngscht vun enger Gewëssenserzéiung, déi fest op dem Buedem vum chrëschtleche Glawen a vun der chrëschtlecher Traditioun steet.
A schléisslech leed de Reliounsunterrecht Kanner a Jugendlecher zu engem chrëschtleche Liewen un: Hien erschléisst hinnen d’Liewen an der chrëschtlecher Gemeinschaft, déi hire Glawe bekennt, feiert an am Engagement fir déi aner lieft a praktizéiert.
D’Schoul ass fir d’Kanner ee wichtige Kader vun hirem Liewen, awer net deen eenzegen. Dofir kann Aféierung an de Glawen a Kateches sech net op Reliounsunterrecht an der Schoul beschränken. Wat do geschitt, muss virun allem an der gleeweger Gemeinschaft ergänzt a weidergefouert ginn: Do gët de Glawe gefeiert an an d’Gebied iwwersat, do gët e praktizéiert an ëmmer neien Erausfuederunge vum Liewen.
Luef a Merci verdingen all déi Leit, déi Joer fir Joer an de Paren a Parverbänn Kanner a klénge Gruppen op d’Eischtkommioun viirbereden: doduerch gi wichteg Bausténg vun enger Gemeindekateches geluecht, déi weider ausgebaut ka ginn.
Ausdrécklech well ech hei déi Effortsën ernimmen, déi di auslännesch Gemeinschaften an der Gemeindekateches maachen; e grousse Merci soen ech deene Fraen a Männer a Jugendlechen, déi sech regelméisseg engagéieren, fir Kanner a Jugendlech op eng flott a lieweg Manéier an de Glawen anzeféieren.

V.

Kateches ass nii nëmmen eng Einbahnstrooss: Wien d’Initiativ ergräift, wien dem aneren am Glawen e Begleeder ass, wien an engem éischte Schrëtt déi aktiv Roll iwwerhëllt, erfiert ëmmer och, datt säi Glawen an dem katechetesche Prozess erweidert a verdéift gët. Et entsteet en Dialog, an deem jiddereen eppes kritt a jiddereen eppes gët. Dat bedäit, datt mir all mateneen um Wee sinn, datt mer äis als “Weggemeinschaft” verstinn, an deër een den anere brauch.
Kateches ass eng Saach vun der Gemeinschaft, déi an der Gemeinschaft hir Plaz huet a fir déi d’Gemeinschaft Verantwortung dréit. All chrëschtlech Gemeinschaft ass beruff, e katechetesche Projet ze hunn: fir hir Memberen, déi am Glawen nach wiesentlech Schrëtt ze maachen hunn, awer och fir hir Memberen, déi permanent um Wee vun der Glawesverdéiwung sinn.
Mat dem Projet “Kierch 2005”, mat dem “remodelage pastoral” si mer um Wee vun der Erneierung, deër hiert Zil eng Kierch ass, déi sech ëmmer nei op de Wee vum Glawe mécht, Glawen deelt a Glawe proposéiert.
Ech stellen eist Beméien ënnert de Schutz vun eiser Patréinesch, dem “Stär vun der Evangelisierung” , a vertrauen et dem Gebied vum hellege Willibrord un.

Lëtzebuerg, op Liichtmesdag, den 2. Februar 2004.

+ Fernand Franck
Erzbëschof vu Lëtzebuerg

 
Fernand FRANCK Mgr
Archevêque . Erzbischof
RTF 133.9 kB, 30. September 2004
 
 
An dëser Rubrik
© Église catholique à Luxembourg Kontakt | Webmaster Tools
 
logo

http://www.cathol.lu//prier-et-celebrer-beten-und-feiern/spiritualite-spiritualitat/bible-bibel/d-evangelium-op-letzebuergesch/joer-a/article/pengschten-um-dag-a-b-c

© Église catholique à Luxembourg
certains droits réservés