+Äerzbistum
+Parverbänn
+Servicer
+Mouvementer
MOBILE
 
Kontakt
 
Plang vum Site
 
Presse
 
Chargement...
Kuckt och ...
 
Lettres pastorales / Hirtenbriefe
Deenen Aarmen eng gutt Noriicht verkënnegen
Bëschofswuert fir d’Faaschtenzäit 2010

Dëst Joer steet an der Europäescher Unioun ënnert dem Leitmotiv vun der Bekämpfung vun der Aarmutt an Ausgrenzung. An Zäite vun enger weltwäiter Finanz- a Wirtschaftskris hätt d’EU hiert Joresthema net méi prägnant a präzis formuléiere kënnen. Weder Aarmutt nach sozial Ausgrenzung sinn natierlech Phänomener, déi dem Mënsch wéi eng Naturkatastroph op de Kapp géife falen.

Wat ass Aarmutt?

Aarmutt ze definéieren ass schwéier. An der Literatur zur Aarmuttsfuerschung ënnerscheed een zwou ënnerschiddlech Approchen. Esou gëtt vun der absolutter Aarmutt a vun der relativer Aarmutt geschwat. Déi absolutt Aarmut gëtt vun de Grondbesoine vum Mënsch hier definéiert. Hei geet et ëm d’Iwwerliewe vum Mënsch selwer, deen emol näischt méi ze iessen huet. Dës radikal Form vun der Aarmutt ass net einfach eng theoretesch Definitioun, well mir wëssen, datt op eiser Äerd ëmmer nach vill ze vill Mënschen duerch dës radikal Aarmutt stierwen. Hinne feelt einfach alles. A senger Sozialenzyklika „Caritas in veritate“ schwätzt eise Poopst Benedikt XVI. mat Recht vun engem Skandal fir d’Mënschheet, datt et esou Forme vun Aarmutt an eiser Zäit an op eiser Welt ëmmer nach gëtt. [1]

Déi aner Form vun Aarmutt gëtt als relativ Aarmutt bezeechent. Hei gëtt verglach, wéivill datt eng Persoun an enger Gesellschaft par rapport zum Mëttelwäert an dëser Gesellschaft iwwreg huet fir ze liewen. Hei weisen sech erschreckend héich Zuelen och fir eng Gesellschaft wéi déi, déi hei zu Lëtzebuerg lieft.

Mir als Chrëschte kënnen äis net einfach zefridde ginn mat der tatsächlecher Aarmutt, weder deër enger nach deër anerer, weder deër bei äis nach deër dobaussen an der Welt. Besonnesch wa Grondbesoine vum Mënsch net befriddegt kënne ginn, ass dëst e Verstouss géint seng perséinlech Dignitéit.

Aarmutt fuerdert jidderee vun äis eenzel an och eis Gesellschaft, grad esou wéi d’Kierch eraus. Iwwert Steiergelder a Contributioune versetze mer de Staat an d’Méiglechkeet, konkret Hëllefsangeboter ze maachen a mat respektiven Organisatiounen duerchzeféieren. Vill Leit ginn awer méi wéi dat, wat si no hirer Steierklass an hirem Akommes mussen an d’Staatskeess abezuelen. Mat hirer Generositéit an hiren Donen droe si am Land a wäit iwwert eis Grenzen eraus zur Solidaritéit tëscht de Mënsche bäi. Iwwert esou fräiwëlleg Solidaritéitsbäiträg geschéie vill gutt Aktiounen, déi d’Aarmutt konkret bekämpfen. Déi drëtt Méiglechkeet, fir sech als Chrëscht oder als Bierger an eiser Gesellschaft un der Lutte géint d’Aarmutt ze bedeelegen, huet mat enger anerer Komponent vun der Aarmutt ze dinn.

Exklusioun an Aarmutt

Wien aarm ass, huet manner Méiglechkeeten, fir um gesellschaftleche Liewen ze partizipéieren. Materiell kann hie manner konsuméieren. Kulturell kann hie sech et net leeschten, an de Kino, den Theater oder de Conservatoire ze goen, Bicher oder Zeitungen ze kafen an ze liesen. Sozial weess hien net, wouhinner datt hie gehéiert an isoléiert sech oder zitt sech zréck an déi Kreeser, deenen et och schlecht geet.

Huet Aarm-ginn an Aarm-sinn also schon aus sech selwer eraus eng Dynamik vum Réckzuch aus der grousser Gesellschaft, sou kënnt vu gesellschaftlecher Säit heefeg nach den Ausschloss derbäi. Froe vu Schold an eegener Responsabilitéit ginn ugefouert, fir ze légitiméieren, datt déi aarm Leit an eiser Gesellschaft keng Plaz fannen. „Si si selwer schold un hirem Misär“, heescht et.

Esou Forme vun „exclusion sociale” sinn e Schlag an d’Gesiicht vun alle Betraffenen a vun der ganzer Mënschheet. Aarm drun ass awer net nëmmen deen, deen ausgeschloss gëtt. Jiddereen, deen en anere Mënsch aus senger Gemeinschaft ausschléisst, ass selwer och, an engem bestëmmte Sënn, en „aarme Mënsch”. E schued sech an dem aneren. E schued der ganzer Gesellschaft. Deem entgéintgesat ass awer d’Kraaft vun der Solidaritéit, vun der Geschwësterlechkeet. Si huet scho vill Barriären an eiser Welt fale gedoen. Denke mer just un d’Berliner Mauer, déi am November 1989 friddlech gefall ass. Vill Gebiet a Geschwësterlechkeet hunn de Wee zu dësem „Fall” fräigemat.

Loosse mir äis als Chrëschten am Gebiet an an der Geschwësterlechkeet zesummefannen, fir géint déi méi subtil Mauere vun der „exclusion sociale” an eiser Mëtt unzekämpfen. Wa mir d’Logik vum Geschenk verstinn, da wuesse mer als eenzel Mënschen an als Gemeinschaften, als Gesellschaft an als Kierch. D’Léift vum Herrgott selwer huet äis an eis Matmënsche geschaf. Äis selwer als Geschenk verstoen an akzeptéieren, bréngt äis méi no bei Gott a méi no bei de Matmënsch, eise Brudder an eis Schwëster. Jesus Christus huet fir äis, fir jidder Mënsch gelieft. Hien ass fir jidder Mënsch gestuerwen. A säi Papp huet hien fir ëmmer bei sech opgeholl, nodeems Mënschen hie verstouss an doutgemat haten. Hie lieft an hien huet äis e Wee gewisen: de Wee vun der Léift, de Wee vun der Léift an der Wourecht, de Wee vu sengem Räich – zum Wuel vum Mënsch.

Dëse spirituellen a reliéisen Zougank zur Wierklechkeet vun enger gemeinsamer a ganzer Mënschheetsfamill schléisst d’Gerechtegkeet ausdrécklech mat an. Dëst gëllt grad och am Kader vun der Entwécklung vun de Mënschen an de Vëlker. Eise Poopst Benedikt XVI. versteet Entwécklung als eng wirtschaftlich, gesellschaftlich a politesch Entwécklung, déi dem Prinzip vun der Onentgeltlichkeit als Ausdrock vun der Bridderlechkeet Raum gi muss. [2]

Loosse mir äis als Kierch, déi zu Lëtzebuerg ass, eiser Beruffung an der Gesellschaft erëm méi bewosst ginn an äis als sozial „Groussbeweegung fir d’Verteidegung a fir de Schutz vun der Dignitéit vum Mënsch” [3] verstoen a betruechten.

Hëllef ass konkret

Als Chrëschten an als Kierch bedeelege mir äis konkret an all Dag op en Neits um Opbau vu méi enger gerechter Gesellschaft.

D’“épiceries sociales“, déi zesumme vun der Lëtzebuerger Caritas an dem Roude Kräiz an d’Liewe geruff gi sinn, gi vum Staat a vu ville klengen a groussen Donateuren ënnerstëtzt. Benevol Mataarbechter a Mataarbechterinne begéinen op dësen neie Begéignungsplaze vu Fairness a Solidaritéit hire gebeidelte Matmënsche mat Respekt a Courage.

Equipë vu Fraen a Mammen, Diakoniegruppen oder sozial Kommissiounen aus de Porverbänn setzen sech konkret an eenzelne Fäll an, fir Mënschen aus hirer Isolatioun erauszehëllefen. D’Einsamkeet ass eng vun de schlëmmsten Forme vun Aarmutt. [4] Ech sinn all dëse benevole Leit an deene verschiddene Veräiner dankbar, datt si Hoffnung a Mënschlechkeet bei déi bréngen, déi eleng sinn. Och am Beräich vu méi Wunnraum fir Mënschen, déi net esou gutt dru sinn, hu mir als Kierch eise Bäitrag geleescht a wäerten och nach weider Ustrengunge maachen. Kierchefabriken an „Oeuvres paroissiales“, Kongregatiounen an d’Caritas sinn derbäi, och nei Forme vu Wunnraum ze schafen, deen der Isolatioun vum Eenzelne soll entgéintwierken.

Aarmutt an der Welt

An eisem „Sozialwuert” hu mir äis verflicht, un der enger Welt matzeschaffen. Mir däerfen d’Nout, déi zu Lëtzebuerg ass an déi an Europa hir Affer fuerdert, net géint d’Nout vun deene ville Mënschen, déi am Süden an Aarmutt liewen, ausspillen.

Eng Nout kann eng aner Nout net opweien oder ophiewen. Trotz groussen Ustrengungen ass d’Aarmutt an Europa net zréckgaangen, am Contraire: Zënter dem Joer 2000 ass d’Zuel vun de Mënschen, déi ënnert der Aarmuttsgrenz liewen, ëm 10 Milliounen an d’Luucht gaangen.

Hei zu Lëtzebuerg ass de Prozentsaz vun deene Leit, déi ënnert der Aarmutts-Risikogrenz liewen, an deene leschte puer Joer konstant bliwwen, am Vergläich zu de Mëtt-90er ass en esouguer liicht an d’Luucht gaangen. Dobäi sinn Auslänner méi wéi dräimol esou staark betraff wéi d’Lëtzebuerger, Leit mat engem niddrege Bildungsniveau sinn och méi wéi dräimol esou dacks betraff wéi Leit mat engem héije Bildungsniveau.

Am schlëmmsten awer trëfft et Famillje mat Kanner, besonnesch mat méi wéi zwee Kanner oder och am Fall vun elengerzéienden Elteren. Eleng an Europa liewen duerchschnëttlech 15% vun der Bevëlkerung ënnert der relativer Aarmuttsgrenz, an den Entwécklungslänner sinn et der onendlechmol méi, déi ënnert der absolutter Aarmuttsgrenz vun 2 Dollar den Dag musse bestoen. Wa bei äis (normalerweis) kee vun Honger stierft, sou sinn dat weltwäit awer pro Joer Millioune vu Matmënschen, a besonnesch Kanner.

D’Wierk Bridderlech Deelen, Adveniat, Missio Lëtzebuerg an aner Wierker fir déi Drëtt Welt leeschten eng virbildlech Aarbecht. An der „Entwécklungskooperatioun” geet et haut net drëms, vun uewen erof ze hëllefen. Projete ginn zesumme mat de Partner aus dem Süden erschafft an ëmgesat. Hei entstinn nei Partnerschaften, nei Solidaritéiten iwwert d’Grenzen eraus a fëllen d’Bild vun der enger Mënschheetsfamill mat Liewen. Och mat all dëse gudden Initiativen bleift dach villes am Uergen. Mir sinn an eiser Verantwortung gefuerdert, als Chrëschten an als Bierger. Et geet drëms, weltwäit an awer och an eiser Gesellschaft matzeschaffen un enger neier humanistescher Synthes, un engem „wahren Humanismus”, wéi eise Poopst sech ausdréckt [5].

Dëser Verantwortung fir d’Welt hei zu Lëtzebuerg a wäit iwwert eis Grenzen eraus stelle mir äis als Kierch, wa mer de Projet vum „Sozialwuert” an eisen Häerzer a mat Häerz, am Gebiet an am konkreten Alldag, weider konkret ëmsetzen.

Aarmutt a sozial Exklusioun si net vereinbar mat engem gudde Liewen. Si sinn e konkrete Verstouss géint d’Würd vum Mënsch, esou wéi e vum Herrgott erschafe gouf. Eisen Asaz fir d’Liewen a senger ëmfaassender Ganzheet bréngt mat sech, datt mer eist Chrëschtsinn als Zeechnes fir eng besser Welt liewen. D’Kraaft heifir kréie mer an der Eucharistie, wa mer d’Brout vu Christus, säi Läif a säi Blutt, mateneen deelen an äis esou an dat grousst Geheimnis vum Glawe mat eranhuele loossen. Da kënne mir op eis Manéier derzou bäidroen, datt „deenen Aarmen eng gutt Noriicht verkënnegt gëtt“ – esou wéi de Prophéit Jesaja et proklaméiert an de Jesus sech et zu eege gemat huet. [6]

Kucke mer zum Schluss op Maria, Patréinesch vu Stad a Land. Si war selwer net vu räiche Leit hir an huet hirer Cousine Elisabeth Gebuertshëllef geleescht, wéi déi si gebraucht huet. Fir déi an Nout geroden Houchzäitsgäscht zu Kana huet si bei hirem Jong Jesus d’Wäiwonner provozéiert. A mat dem Jesus zesummen huet si ënnert dem Kräiz fir d’Mënsche gelidden. Domatter huet si ënner Bewäis gestallt, datt si sech deenen Aarmen an Hëllefsbedürftegen net entzitt, an huet matgehollef, dat ze verwierklechen, wat si an hirem Magnificatlidd esou einprägsam iwwer Gott ausseet: „Déi Damiddeg riicht hien op. Déi Hongreg siedegt hie mat gudde Gowen.“ [7] Maria, d’Mamm vum Jesus, soll och äis zu sozialem Denken an Handelen ermuddegen!

Lëtzebuerg, op Liichtmesdag,

den 2. Februar 2010

[1] cf. Benedikt XVI., Enzyklika „Caritas in Veritate“ Nr. 22

[2] Ibid. Nr. 34

[3] Jean-Paul II., Enzyklika „Centesimus Annus“ Nr. 3,4

[4] cf. Benedikt XVI., Enzyklika „Caritas in Veritate“ Nr 53

[5] Benedikt XVI., Enzyklika „Deus Caritas est“ Nr. 30b

[6] Lk 4,18; cf. och Jes 61,1

[7] Lk 1,52f

 
Fernand FRANCK Mgr
Archevêque . Erzbischof
 
 
An dëser Rubrik
© Église catholique à Luxembourg Kontakt | Webmaster Tools
 
logo

http://www.cathol.lu//archidiocese-erzbistum/l-archeveque-emerite-der/lettres-pastorales-hirtenbriefe/article/bleif-bei-ais-har

© Église catholique à Luxembourg
certains droits réservés