+Äerzbistum
+Parverbänn
+Servicer
+Mouvementer
MOBILE
 
Kontakt
 
Plang vum Site
 
Presse
 
Chargement...
Kuckt och ...
 
Lettres pastorales / Hirtenbriefe
Den Hellege Geescht, eis Kraft
Bëschofswuert fir d’Faaschtenzäit 2008

Am Erneierungsprozess vun der Kierch, déi zu Lëtzebuerg ass, befanne mer äis an der drëtter Etapp vun eisem Pastoralprojet DräiSchrëtt. No der Neibesënnung op d’Sakramenter vun der Daf an der Eucharistie an deene vergaangenen zwee Joer steet an dësem drëtte Joer d’Firmung am Mëttelpunkt – a mat der Firmung den Hellege Geescht.

Duerch d’Daf kënnt de Mënsch an d’Kierch vu Jesus Christus eran. Ganz zur Kierch an zu hirer Sendung gehéiert de Chrëscht, wann hien an der Firmung duerch dee Geescht, deen him schon an der Daf geschenkt gouf, gestäerkt gëtt. D’Sakrament vun der Firmung schenkt un sech näischt Neies, mä e Plus, eng Festegung a Stäerkung fir dat ze liewen, wat an der Daf grondgeluecht gouf; den Hellege Geescht aktivéiert a belieft d’Liewe vun de Kanner Gottes.

D’Eucharistie ass déi permanent Nahrung fir dat neit Liewen, dat Gott Mënschen fir déi aner Mënschen a fir d’Welt schenkt.

D’Firmung ass d’Sakrament vun deem, dee weess, wat hie geschenkt kritt, dee versteet, wat seng Missioun an Aufgab ass, dee bereet ass, sech deër Sendung ze stellen.

Bei der Daf kënnt een souzesoen an d’Haus vun der Kierch eran – an der Eucharistie setzt ee sech mat de Bridder a Schwësteren un den Dësch, un deen den Här Jesus invitéiert – an der Firmung gëtt een erausgeschéckt, fir d’Kierch opzebauen an an der Welt e glafwierdegen Temoignage ze ginn.

Mam Komme vum Hellege Geescht op Päischten fängt d’Liewe vun der Kierch un.

Mer wëssen et aus der Apostelgeschicht, déi och d’Evangelium vum Hellege Geecht genannt gëtt, datt no der Himmelfahrt vum Jesus d’Apostelen et mat der Angscht ze di kritt hunn. Si hunn sech an dem Abendmahlssall agespaart. Wéi awer do op Päischten de Geescht an der Gestalt vu Feierzongen a mat Stuerm op si erofkomm ass, sinn si eraus an d’Ëffentlechkeet gezunn, fir ouni Angscht op de Plazen zu Jerusalem Zeechnës fir Jesus Christus ofzeleeën. Zu deem Zeechnës si mir och haut verflicht. Duerch näischt kënne mer vun deër Verflichtung entbonne ginn. Mer sinn derzou verflicht als eenzel an der Gemeinschaft mat deenen aneren an der Kierch.

D’Kierch hirersäits ass a bleift Jesus Christus verflicht a steet a sengem Opdrag. Jesus Christus ass d’Mëtt vun der Kierch. Hien huet der Kierch eng Missioun fir d’Welt uvertraut, alle Mënschen déi gutt Nouvelle ze verkënnegen an erfueren ze loossen.

D’Kierch féiert d’Sendung vum Jesus weider. Si ass geschéckt eran an d’Welt fir d’Mënschen. Wann d’Kierch Jesus Christus verflicht ass, da muss si Mooss un him huelen, u sengem Wuert an u sengem Handelen. Hien ass komm, fir deenen Aarmen déi gutt Noriicht ze bréngen, Gefaangener ze befreien, Kranker ze heelen, e Gnodejoer vum Här auszeruffen. [1] Esou wéi de Jesus e Mënsch fir déi aner war, ganz fir déi aner do, esou ass d’Kierch och do fir d’Mënschen. Hiert Markenzeechen muss den Déngscht um Mensch sinn.

D’Kierch ass net Selbszweck, mä wéi dat Zweet Vatikanescht Konzil festgehalen huet, déngt d’Kierch als sichtbart Zeechen ënnert de Mënschen fir d’Räich vum Herrgott a vun der Gerechtegkeet opzebauen. [2]

Et ass den Hellege Geescht, deen d’Kierch inspiréiert an dreift, fir deem Opdrag nozekommen. Et ass hien, deen äis durzou gläichsam habilitéiert.

Äis der Kraaft vum Hellege Geescht nei bewosst ze ginn an äis sengem Feier nei auszesetzen, ass d’Zil vun dësem drëtten DräiSchrëttjoer.

II.

D’Kierch presentéiert den Hellege Geescht ënner verschiddene Biller. Op watfirenger Säit, dat ass net se iwwerhéieren. An der Päischtsequenz kënnt kloer an däitlech zum Ausdrock: “Komm, der alle Armen liebt, komm, der gute Gaben gibt, komm, der jedes Herz erhellt.” Dëse Ruff weist op, wou Gott äis hiféiere wëllt: bei déi Aarm. Den Hellege Geescht wëllt eis Aen, virun allem déi vun eisem Häerz opmaachen, fir déi Mënchen ze fannen, déi an Nout sinn.

Wéi viru bal drësseg Joer d’Mutter Teresa vu Calcutta op den Katholikendag an Däitschland koum, huet si d’Mënschen duerch eng provokativ Fro nodenklech gemat: “Kennt der se, déi Aarm an ärer Stad?”

Kenne mer déi Aarm an eisem Land? D’Aarmut ass och am räiche Lëtzebuerg eng Tatsaach. Et gëtt se, an zwar a verschiddene Formen.

Sécher gëtt et bei äis net nëmmen eng äusser Fassade vu Wuelstand, mä et gëtt ën reëll. Et däerf een awer do sech net täuschen oder verblende loossen. Et gëtt och an eiser Wuelstandsgesellschaft Misär, Nout, Aarmut an och vill verstoppten Aarmut. Dofir musse mer e Bléck hunn.

Eise Poopst Benedikt XVI. huet et a senger Enzyklika “Deus Caritas est” schéin ausgedréckt: “Kirche als Familie Gottes muss heute wie gestern ein Ort der gegenseitigen Hilfe sein und zugleich ein Ort der Dienstbereitschaft für alle der Hilfe Bedürftigen, auch wenn diese nicht zur Kirche gehören.“ [3] ”Das Wesen der Kirche drückt sich in einem dreifachen Auftrag aus: Verkündigung von Gottes Wort (kerygma-martyria), Feier der Sakramente (leiturgia), Dienst der Liebe (diakonia). Es sind Aufgaben, die sich gegenseitig bedingen und sich nicht voneinander trennen lassen. Der Liebesdienst ist für die Kirche nicht eine Art Wohlfahrtsaktivität, die man auch anderen überlassen könnte, sondern er gehört zu ihrem Wesen, ist unverzichtbarer Wesensausdruck ihrer selbst.“ [4]
Eng Gesellschaft, an deër sech kee fir den aneren intresséiert a sech fir hien asetzt, fällt auseneen. Déi Gefoer ass bei äis do, de sozialen Zesummenhalt ass um Zerbriechen. Den Défi hu mer als Kierch opgegraff an duerch d’Sozialwuert hu mer äis an d’Flicht geholl.

III.

Mat dem Sozialwuert hu mir Pisten obgewisen, wéi d’Chrëschten sech kënne konkret an efficace an eiser Gesellschaft engagéieren. Et ass erfreelech, datt esou vill kleng a grouss Initiativen vun Eenzelnen, vu Poarverbänn an Organisatiounen sech an d’Dynamik vun eisem Sozialwuert aschreiwen. Dës gemeinsam Démarche soll eise Bäitrag fir eng méi gerecht Welt sichtbar maachen. Dobäi steet dem Härgott säi Geescht äis bäi als Paraklet, als Fürsprecher.

Datt et Aarmut bei äis gëtt, ass gewosst. Datt se zouhëllt, ass e Skandal an engem esou räiche Land. Vill Leit liewen ënnert der Aarmutsgrenz. Duefir muss a verstäerktem Mooss d’Solidaritéit ausgebaut ginn, an dat op alle Pläng, och strukturell. Leschtlech ass jidderee gefuerdert, nom Motto: Wien ka ginn, dee soll och ginn. Wa mir alleguer zesummenstinn an zesummenhalen, da brauch keen Angscht ze hunn, datt hien aus dem soziale Netz erausfällt oder ausgestouss gëtt.

Eis auslännesch Matbierger an déi Leit, déi bei äis schaffe kommen, däerfe mer net aus dem Bléck verléieren. Si droe mat zur grousser Solidaritéit an eisem Land bäi. Si bréngen hir Lieweserfarung an hir Kultur mat. Esou gi mir och kulturell a mënschlech mat hinnen zesummen méi räich. Integratioun a Kohäsioun ginn Hand an Hand am Zesummenspill vun de Mënschen, déi sech géigesäiteg brauchen an hëllefen. An de leschten 20 Joër huet de Se.So.P.I. (Service socio-pastoral intercommunautaire) eng virbildlech Aarbecht geleescht. Et ass gelongen, e bessert Versteesdemech fir Mënschen mat anere Sproochen a Kulturen ze entwéckelen. Gutt a positiv Usätz fir eng „pastorale intercommunautaire“ si gewuess, wou déi verschidde Gemeinschaften sech an déi eng grouss Gemeinschaft vun der Kierch hei zu Lëtzebuerg kënne kreativ abréngen.

Am Beräich vun der Integratioun an der Kohäsioun leescht och d’Lëtzebuerger Caritas zënter 75 Joër wäertvoll Déngschter. Duerch hiren Asaz mat a fir Flüchtlingen aus aller Welt huet och si zu méi Mënschlechkeet a Wäermt an eiser Gesellschaft bäigedroen. E Merci geet och un den Tricentenaire, deen sech zënter 30 Joer asetzt fir eng respektvoll Begleedung vu Mënsche mat engem Handikap an si spiere léisst, datt si mat hirer déifmënschlecher Erfarung zu deër enger Gesellschaft gehéieren, déi ob jiddereen ugewisen ass.

Zur gesellschaftlecher Solidaritéit gehéiert nämlech jiddereen. Mir däerfen am Liewen, och am Ufank an um Enn vum Liewen, kee Mënsch am Stach loossen oder aus eiser fürsorglecher Solidaritéit ausschléissen – och dann net, wann hien dat gären hätt, a scho guer net, wann anerer dat gären hätten. All Versuch, eis schwéier erschaffte Kultur vum Liewen a fir d’Liewen ze ënnergruewen, muss ob eise Widerstand an ob eise Widersproch stoussen. Gutt Lieweskonditiounen fir all Mënsch schafen, ass d’Zil vun eisem Zesummenschaffen an deër enger Gesellschaft, zu deër mir als Kierch gehéieren. Gottes Geescht stäerkt äis an dësem Engagement fir dee Klengsten a Schwächsten ënnert äis. Grad um Ëmgank mat hinnen gëtt eis Humanitéit gemoosst.

IV.

D’Sozialwuert schwätzt och d’Uleies un, datt Wunnen erëm muss erschwénglech ginn. Dat ass fir vill Leit heizulands net méi de Fall, jo duerch déi héich Präisser geroden si oft an existenziell Nout. Jiddereen sollt iwwerpréifen, ob hien dës Situatioun iere matverschëllt. Zréckbehalen vun Terrainen an der Hoffnung, datt se nach méi hierginn, ass net korrekt. En iwwerhéichte Loyer op engem ugespante Wunnengsmoart froen, ass falsch an ongerecht. D’Kierch steet kloër an däitlech zum privaten Eegentum. Genausou kloër steet si awer och fir Sozialpflichtegkeet vum Eegentum an. An als Kierch stinn och mir selwer, do wou mir Land oder Bësetz hunn, ënnert dem Usproch vun der Gerechtegkeet.

Loosse mer als Chrëschte mam gudde Beispill virgoen an dat deelen, wat mir hunn. D’Deelen mécht net méi aarm. D’Deelen schaaft Gemeinschaft. D’Deelen schaaft Solidaritéit a Gerechtegkeet. En einfache Liewesstil féieren ass haut an eiser Gesellschaft méi schwéier wéi je virdrun. D’Versuchunge si grouss, d’Konsummofferen riiseg. Dës Faaschtenzait soll äis stäerken fir méi en einfacht Liewen, wou mir äis op dat Wiesentlecht konzentréieren. Manner konsumméieren fängt doheem un. Einfach liewen ass net eng Ofso un d’Liewen a seng Freeden, mä de Wee fir besser ze liewen – jiddereen eenzel a mir all zesummen.

An eisem Land ginn et nach ëmmer zevill Mënschen, déi keng Aarbecht méi fannen; anerer verléieren hir. Zesummen mussen mir kreativ ginn, fir Aarbecht ze schafen oder ze deelen, esou datt méiglechst jiddereen, dee fäheg ass, sech kann um Opbau vun eiser Gesellschaft bedeelegen. Hei gëllt et och d’Familljenaarbecht an de Benevolat unzëerkennen an ze valoriséieren.

D’Sucht- an Drogeproblematik weisen äis drop hin, dat munchereen sech net wuel an deër Welt spiert, wou mir liewen. Esou flücht hien sech an eng aner Welt, wou hien säi Gléck vergeblech sicht. D’Ausbeutung vun ofhängege Mënschen ass e schrot Onrecht. Si selwer an hir betraffe Familljen verlaangen zu recht eis Opmierksamkeet a ruffen no adäquater Hëllef.

Kanneraarmut – materieller a kultureller – gëtt et och zu Lëtzebuerg. D’Schoul muss haut villes opfänken, wat soss doheem an der Famill ausgedroe gouf. Vill gëtt dohir vun den Enseignanten, och deene vum Reliounsunterrecht verlaangt. Et gëtt un enger neier Schoul geschafft, wou d’Kand als ganze Mënsch soll am Mëttelpunkt stoen. Dat ass dee gudde Wee. Zum ganze Mënsch gehéiert Relioun a gehéiere Wäerter, och reliéis Wäerter. Esou dréit de Reliounsunterrecht wiesentlech zu enger kanner- a jugendgerechter Schoul bäi, déi sech der Erzéiung vum Mënsch a senger Gesamtheet verflicht weess.

Zum Schluss emfielen ech déi drëtt Etapp vum DräiSchrëtt a besonnesch eis ganz sozial Démarche, zu deër Gottes Geescht äis undreift, dem Hellege Willibrord, deem säin 1350. Gebuertsjoer mer dëst Joer kommemoréieren. Alles leeën ech an d’Hänn vu Maria, der Mamm vum gudde Rot. Esou wéi Päischten, soll si och elo Gottes Geescht op d’Kierch erofruffen. Op hiert Gebied kënne mer zielen.

Lëtzebuerg, de 15. Januar 2008

[1] Lk 4

[2] Cf. Konstitutioun „Lumen Gentium“

[3] DCE 32

[4] DCE 25a

 
Fernand FRANCK Mgr
Archevêque . Erzbischof
 
 
An dëser Rubrik
© Église catholique à Luxembourg Kontakt | Webmaster Tools
 
logo

http://www.cathol.lu//archidiocese-erzbistum/l-archeveque-emerite-der/lettres-pastorales-hirtenbriefe/article/bleif-bei-ais-har

© Église catholique à Luxembourg
certains droits réservés