|
Kuckt och ...
|
Lettres pastorales / Hirtenbriefe
Eise Papp am Himmel
Bëschofswuert fir d’Faaschtenzäit 1999
Mer sin an der onmëttelbarer Viirberedung op d’Joer 2000. Dëst lescht Joër virum grousse Jubiläum kukke mer op Gott, eise Papp am Himmel. Op hien besënne mer äis nom Christusjoër an nom Joër vum Hellege Geescht, well duurch Christus an am Hellege Geescht fanne mer Gemeinschaft mat him. Christus huet äis geléiert, Gott als Papp unzegesin an hien esou unzerieden. De jüdesche Reliounsphilosoph Martin Buber huet emol sënngeméiss gesot: “Wann ët Gott wier, vun deem een nëmme schwätze kënnt, da giff ech nët un e glewen. Well et awer e Gott as, un deen een sech am Gespréich riichte kann, glewen ech un hien.” Dat as wichteg: Gott, eisem Papp, kënne mer äis uvertrauen, mer kënnen him am Gebied alles soen. A wa mer hien ëm séng Hëllef bieden, da si mer gewëss, dass dat Gebied ukënnt, dass dat hie betraffe mécht an dass hien zou äis steet. As Gott eise Papp, da läit doran d’Gewëssheet, dass Gott jidderee vun äis immens gär huet. “Mat éiweger Léift hun ech dech gär!” (Jer 31,3) Dëse Saz as wouer fir äis allegurten. Gott wëllt Kontakt hu mat äis: mat dir perséinlech! Gott rifft dech, Gott huet dech a säin Häerz geschloss, Gott dréit dech a sénger Hand, Gott huet dech erwielt, an zwar laang éier’s du hien erwielt hues. D’Europa-Synod vun 1991 hat folgend Kuurzformel vun eisem Glaf geprägt: “Gott huet dech gär. Christus as fir dech komm.” Dat as d’Léift par excellence: Gott huet säin eegene Jong bei äis geschéckt, fir äis ze erléisen a fir bei äis ze sin bis un d’Enn vun der Welt. Gott as d’Léift. Dat as déi grouss Revolutioun, déi mer Chrëschten der Welt haut gi mussen. Dat as dat Neit Gebot, dat säi Jong Jesus Christus äis gët. Loosse mer, andeems mer op déi iwweraus grouss Generositéit vum Papp am Himmel kukken, all Berechnungen op der Säit loossen an d’Léift versichen ze liewen esou wéi hien, gratis an ouni no Profit ze kukken. “Sidd perfekt wéi äre Papp am Himmel perfekt as”, seet Christus (Mt 5,48). Gott huet äis fir d’éischt gär. De Johannes Bours, fréiere Spiritual am Seminaire zu Münster, huet sech ausenanergesat mat dem Thema “Die Kunst, sich in Gott zu verlieben”. An hie stellt fest, dass et dobäi am Fong manner ëm “die Kunst, sich in Gott zu verlieben” geet, a villméi ëm “die Kunst, sich von Gott lieben zu lassen”. Wéi geet dat, a Gott verléift sin? Et wäert wuel esou goen, wéi et och soss geet, wann ee verléift as: Et muss een sech treffen, et muss een sech austauschen, et muss een oft zesummesin. Duefir sollte mer de Kontakt mam Härgott sichen a flegen: an der Eucharistie, an denen anere Sakramenter, beim Deele vu séngem Wuert, duurch eisen Asaz fir den Nächsten... Misste mer nët sensibel gin fir d’Zeeche vun Zouwendung, déi Gott äis ëmmer erëm schenkt, a fir séng Liebeserklärung, déi doranner zum Ausdrock kënnt? Dëst Joër vu Gott, eisem Papp, weist äis hin op d’Léift vum Härgott. Esou gi mer invitéiert, nët aus der Selbstbehaaptung, nët aus dem Striewen no eegener Autonomie an dem Wuelergoen d’Haaptzil vum Liewen ze maachen, mä fir op déi éischt Plaz Gott ze setzen. Zu dëser Konversioun rifft hien äis op: vun äis ofzegesin a Gott an de Mëttelpunkt ze stellen - dee Gott, deen d’Léift as. D’chrëschtlech Léift, Schwësteren a Bridder, huet nët nëmmen eng Direktioun. Se as op Gott ausgeriicht, awer och op eisen Nächsten. Gottesléift an Nächsteléift sin nët vunenaner ze trennen, dat geet aus dem Jesus sénger Léier an aus séngem Verhalen ervir. Dës duebel Léift as de Kär vum Evangelium. Gott gären hun, deen d’Léift as, a séng Léift duurch eis Léift beäntwerten; eisen Nächste gär hun an äis ënnerenaner gär hun: Maache mer dëst zum Fundament vun eisem Liewen. Heifir wëlle mer neie Mutt schäffen! Sollte mer nët doraus e konkrete Programm maachen, all Dag, all Moment? D‘Léift kann sech ausdrécken a klengen, alldeeglechen Gesten a Servicer - oder a méi laangfristegen Engagementer. Misst een nët heirun eis chrëschtlech Iwwerzeegung erkennen a moosse kënnen? “Kukkt, wéi sin se frou mateneen!” Dat war d‘Visitekaart vun der éischter Kiirch. Brauch et nët och haut Zeie vun dëser Léift? Hei droe mir alleguer Responsabilitéit. Wa mir eise Matmënschen e Bild vum Härgott vermëttelen, an deem sech séng Zouneigung ausdréckt a wou se erfuerbar gët, da kënnen och vill vun eisen Zäitgenossen Feier fänken an hirersäits bereet gin fir en Asaz, deen dës Léift weiderschenkt - am Numm vun deem Gott, deen d’Léift as. Als éischt solle mir gär hun, ëmmer an an all Moment solle mir d’Initiativ vis-à-vis vum Matmënsch ergräifen, an zwar vun all Matmënsch ouni Ennerscheed. D’Léift reagéiert nët eréischt op d’Léift vun deem aneren. Schléisslech geet ët em folgendes: sech mat deem aneren eens maachen, dat heescht op hie lauschteren fir en ze verstoen, fir him zu Dingscht ze sin. Dëst as de Géigendeel vun enger Léift, déi possessiv oder utilitaristesch, dat heescht reng op den Notzen ausgeriicht wier. Alles wäert eng Kéier vergoen, mä d’Léift bleiwt bestoen. A wann alles ging zerbriechen, wat mer an eisem Liewen opgeriicht hun - a wann et duurch en Äerdbeben op ee Coup ging zerstéiert gin - d’Léift, aus deër eraus mer et gemat hun, as onzerstéierbar. Näischt vun deem, wat mer an deër Gesennung gemat hun, as verluer, mä et gët eng Kéier definitiv heemgeféiert. Alles, wat Léift as a wat aus Léift geschitt as, verwandelt sech an Eiwegkeet. Gott as de Papp vun alle Mënschen. Also geet et drëm, esou wéi hien jidderee gär ze hun. Déi echt Léift as universal a kennt keng Ausnahm. Si gëlt dem konkrete Mënsch, deen äis géigeniwwer steet. Si beviirdelegt awer deen, deen an Nout as. Dat gëlt besonnesch fir déi Mënschen, déi um Rand vun der Gesellschaft stin, déi ënnert irgend engem Aspekt aarm sin. Déi viirrangeg Léift fir déi Aarm a fir d’Leit aus Randgruppen erschéngt méi wéi je als Prioritéit fir déi kommend Zäit. De Poopst Jean Paul II. fuerdert äis op, andeems en sech op dat aaltestamentlecht Jubeljoer berifft, d’Jubiläum vum Joer 2000 ze notzen als eng Zäit fir déi international Scholden ze iwwerpréifen an denen aarme Länner dës Scholden ze erloossen. Watfir Efforen ka Lëtzebuerg als eent vun de räichste Länner vun der Welt do maachen - am Numm vun der Solidaritéit mat de manner bemëttelte Vëlker an opgrond vun enger moralescher Flicht, déi mer vis-à-vis vun der grousser Mënschheetsfamill droen? Gären ënnerstëtzen ech déi Sensibiliséirungskampagne, déi verschidde kiirchlech Organisatiounen lancéieren, fir dës Iddi vum Scholdenerlass konkret gin ze loossen. Alleguer si mer um Wee fir bei de Papp. An deem Mooss, wéi mer Gott no kommen, leë mer äis Rechenschaft doriwwer of, wéi wäit mer äis vun him hun ewechdreiwe loossen. Dohir ënnersträicht d’Joër vu Gott, eisem Papp, och den Aspekt vun der Emkéier. D’Emkéier (d’Konversioun) as eng wiesentlech chrëschtlech Haltung a Praxis. Si ka geschéien, wa mer eis Sënde vun Häerze bereien, wa mer Guddes din, d’Wuert Gottes lauschteren oder meditéieren an d’Sakramenter empfänken. Déi déifste Form vu Bekéierung as awer déi, déi äis am Sakrament vun der perséinlecher Beicht geschenkt gët: Do gët d’Gleichnës vum “Verlorene Sohn” fir jidderee vun äis perséinlech aktuell, do gi mer op en neits no eisem Versoen an d’Gebuergenheet vum Papp am Himmel opgeholl. Esou wéi Gott äis vis-à-vis barmhäerzeg as, esou sin och mir opgeruff, säi Verhalen weiderzeféieren. Verzeihung a Verséinungsbereetschaft ze liewen, as nët einfach, et as awer fir äis Chrëschten en Imperativ. Versiche mer een op den aneren zouzegoen, och op deen, deen äis wéigedoen huet. A biede mer ëm d‘Kraaft fir dësen éischte Schrett. Vläicht gët ët méi liicht, wa mer am Gebied positiv un déijéineg denken, déi mer als Feind empfannen. Empfiele mer si an äis dem Härgott séngem Wuelwëllen. Nëmme wa mer äis bekéiere loossen, komme mer deem Gott, deen d’Léift as, méi no; nëmmen esou kann dat Gutt an äis Raum gewannen. An och nëmmen esou kann d’Zivilisatioun vun der Léift vum chrëschtleche Glaf ausgoen an an der Welt Gestalt unhuelen. Dat sollt eise Bäitrag fir d’Mënschheet vu moar sin. Léif Schwësteren a Bridder! Am Credo ruffe mer Gott un als den Allmächtegen, deen Himmel an Äerd geschaf huet. Dëse Schöpfergott seet Jo zu äis. D’Geschicht vun der Welt as d’Geschicht vum Jo vu Gott zu sénge Kreaturen, besonnesch zu séngem Lieblingswiesen, dëm Mënsch. Säi Jo zur Schöpfung huet äis ewerhaapt eréischt an d’Liewe geruff: Déi éischt Säite vun der Bibel soen äis dat. An um Héichpunkt vun der Zäit gouf dëst göttlecht Jo-Wuert un d’Adress vum Mënsch ganz konkret: Gott selwer huet säi Jo a Jesus Christus ausgesprach, an zwar héchst perséinlech. “Well Gottes Sonn, Jesus Christus... as d’Jo zu allem, wat Gott versprach huet. An him as dat Jo verwiirklecht” (2 Kor 1,19): d‘Jo zu Welt a Mënsch, d‘Jo zu jidderengem vun äis eenzel. Dohir as och d’chrëschtlech Liewesastellung déijéinech vum Jo: Jo zu Gott, Jo zur Welt, Jo zum Matmënsch, Jo zu äis selwer - Jo, esouguer nach, wann all d’Zeechen op Neen stin. Dëse Jo as de roude Fuedem vun eisem Glaf. Misste mer nët, andeems mer doriwwer nodenken, neess méi optimistesch gin a méi Freed um Liewe fannen? Vergiesse mer iwwert all eise Suergen nët, dass Gott, eise Papp, äis als séng Kanner ugeholl huet an äis zudéifst gär huet - a Christus. Aus dëser Léift eraus brénge mer dann alles fäerdeg! D’Kiirch as d’Vollek vu Gott, dat ënnerwee as. All zesummen si mer op der Pilgerschaft bis an d’Haus vun eisem Papp. Mer sin ënnerwee als Chrëschten, zesumme mat Mënschen, déi anescht oder nët glewen wéi mär. De Poopst réit un, grad an dësem Joër den Dialog mat denen anere Reliounen ze sichen, besonnesch mat dene vun der monotheistescher Famill, déi de Glaf un deen een Gott mat äis delen, virun allem also Judden a Muslim. Huele Verstännegung, Dialog an Zesummenaarbecht ënnerenaner zou, dann as domat och der Gesellschaft an hirer Kultur e Friddensdéngscht geleescht. Fir d’Kiirch zu Lëtzebuerg as dëst Joer datjéinegt vun der grousser Diözesanversammlung. Déi ënnerlech Reform an eiser Kiirch empfielen ech eisem Gebied, fir dass Gott äis de Wee an d’Zukunft weist, deen hien mat äis goe wëllt; fir dass säi Räich ënnert de Mënsche wuesse kann. Dëst soll Maria, eis Patréinesch, äis erwiirken. Si as dat perfekt Beispill vu Léift vis-à-vis vu Gott a vum Nächsten. Dës Léift vun eiser Mamm kënnt äis zugutt, well si trëtt fir äis an. Si weist äis, wéi een Mënschen a wéi een Gott gären huet. Erfëlle mer, esou wéi si, säin hellege Wëllen, andeems mer duurch d’Zäit pilgeren, bis mer eng Kéier an der éiweger Vollendung ukommen. Lëtzebuerg, um Fest vun der Bekéierung vum Hellege Paulus. Fernand FRANCK Mgr
Archevêque . Erzbischof
|
An dëser Rubrik
|


Circle cathollu
Follow cathollu
Like cathollu
Permalink: http://www.cathol.lu/article47
Uewen


