+Äerzbistum
+Parverbänn
+Servicer
+Mouvementer
MOBILE
 
Kontakt
 
Plang vum Site
 
Presse
 
Chargement...
Kuckt och ...
 
Lettres pastorales / Hirtenbriefe
Fräigi fir Gott a Fräisi fir de Mënsch
Bëschofswuert fir d’Faaschtenzäit 2007

Iwwer de pastorale Projet „DräiSchrëtt“, deen op dräi Joer ugeluecht ass, proposéiert d’Lëtzebuerger Kierch d’Sakramenter vun der Daf, der Eucharistie an der Firmung nei ze entdecken a fir eis Zäit fruchtbar ze maachen. D’lescht Joer stung d’Sakrament vun der Daf zesumme mam Element Waasser am Virdergrond. Wäertvoll Réflexiounen an Erfahrunge ronderëm dest Sakrament, dat um Ufank vum chrëschtleche Liewe steet, konnten an dem éischte Joer gesammelt ginn.
An dësem Joer si mer um Wee, fir dat Sakrament ze verdéiwen, dat e besonnesche Stellewäert ënnert de siwe Sakramenter huet: d’Eucharistie. A wéi d’Element Waasser mam Sakrament vun der Daf verbonnen ass, esou ass d’Äerd mat der Eucharistie, der Kommioun verbonnen: d’Äerd, de Bueden, dee jo d’Käere fir d’Brout an d’Drauwe fir de Wäin wuesse léisst. D’Eucharistie mécht äis op fir d’Schöpfung an d’Welt, déi äis ëmgëtt.
Zënter fréiester Zäit schon – dat heescht schon zu Liefzäite vun den Apostelen – feieren d’Chrëschten den éischten Dag vun der Woch als deen Dag, op deem Christus vun den Doudegen operstanen ass. Si versammelen sech fir gemeinsam d’Brout ze briechen (vgl. Apg 20,7), also fir Eucharistie ze feieren. De Sonndeg an d’Feier vun der Eucharistie si vun Ufank un eng ontrennbar Eenheet.
An dësem Joer ass Lëtzebuerg zesumme mat der Groussregioun Kulturhaaptstad vun Europa. Zënter jehir si Kierchen Träger vu Kultur, net nëmme wat Architektur, Konscht a Musek ubelaangt, mee och wat de Rhythmus an d’Gestaltung vum Liewensalldag ugeet. Ee vun de wichtegste Bäitreg vum Chrëschtentum zur Kultur ass de Sonndeg. Mer schwätze jo och vun der Sonndes-Kultur.
An et bedeit och haut nach vill fir d’Sonndeskultur a fir de festleche Charakter vun deem Dag, datt an de Kierche vun eisem Land esou vill Leit um Sonndeg fir de Gottesdéngscht zesummekommen.

I.
De Sonndeg ass e Kulturgutt

D’Kulturgutt Sonndeg huet sech aus jüdesch-chrëschtleche Wuerzelen entwéckelt als en Dag vun Aarbechtsrou an Erhuelung fir deen eenzelnen, als en Dag fir matmënschlech Kontakter ze knëppen an ze erhalten, als en Dag fir d’Bezéiung zu Gott ze fleegen. De Sonndeg dréit wiesentlech zur Qualitéit vum mënschlechen Zesummeliewe bäi. Déi éischt Chrëschte waren dervun iwwerzeegt, datt een ouni Sonndeg net liewe kéint . Un dee Gedanken knëppt och de Poopst Benedikt XVI. un, wann e beim Angelusgebiet am Mee 2005 seet: „’Ohne den Sonntag können wir nicht leben’. Für dieses Bekenntnis setzten die ersten Christen sogar ihr Leben aufs Spiel. Auch wir sind heute aufgerufen, diese Worte zu wiederholen.“
Vum Sonndeg hir kritt d’Woch hir Richtung an hire Rhythmus. An d’Aarbechtsrou op deem Dag ass e Signal, datt mënschewürdegt Liewen net nëmmen aus Aarbecht a materielle Gidder besteet.
Als Kulturgutt ass de Sonndeg duerch Gesetzer geschützt. Verännerungen an den Aarbechtsprozesser, an der Aart a Weis vun der Fräizäitgestaltung, tendéieren allerdéngs ëmmer méi zu enger Upassung vum Sonndeg un déi aner Wochendeeg. Als Chrëschten droe mer net nëmmen d’Suerg, mee och Verantwortung fir de Sonndeg. De verstuerwene Poopst Jean Paul II. schreift dozou: „Es ist darum natürlich, dass sich die Christen dafür einsetzen, dass auch unter den besonderen Gegebenheiten unserer Zeit die Zivilgesetzgebung ihrer Pflicht zur Heiligung des Sonntags Rechnung trägt.“ Gemeinsam solle mir schützen, wat äis wäertvoll ass an äis liewe léisst.

II.
De Wäert vum Sonndeg fir d’Famill

De Sonndeg ass e wichtege Facteur fir de sozialen Zesummenhalt vun der Famill. An ee Grond, woufir de Sonndeg u Stellewäert an der Woch verluer huet, ass grad och deen, datt d’Netz vun der Famill a vum Familljenzesummenhalt op allzeville Plaze brécheg ginn ass an net méi esou dréit. Op deem Hannergrond loossen sech dann och grondsätzlech Froën ofliesen. Z.B.: Wéivill Gemeinsamkeeten hu mer iwwerhaapt nach? Wéivill Gemeinsamkeet verdroe mer nach? A wéiville Famillje gëtt nach Suerg gedroen, datt sech all d’Memberen eemol am Dag ëm een Dësch versammelen, oder wéinstens eemol an der Woch um Sonndeg? Oder ass et bildlech gesinn esou, datt d’Famill zu enger onverbindlecher Gemeinschaft vun Eenzelgänger ginn ass, déi sech kuerz an der Dir kräizen, ier se erëm an den Auto oder an den nächsten Zuch klammen?
Watfir Facteuren hale Familljen zesummen? – Zäit! Zäit a ville Facetten. Zäit fireneen – fir e Gespréich, fir gemeinsamt Nodenken, fir eng gemeinsam Aktivitéit, fir eng Feier, fir e Besuch bei engem Kranken, bei engem ale Mënsch, fir Zouwendunge villfältger Aart, déi keen Zweck verfollegen, mee déi deen aneren a sech selwer opbléie loossen. Wa mir dorëms beméit sinn, da fanne mir och erëm Zougang zum Gebiet an zur Eucharistie, der Dankfeier vum Liewen.
Ass et wierklech esou wichteg, fir iwwer de Sonndeg ze schwätzen?, denkt dir elo vläicht. Ech mengen, jo. Well ech sinn dervun iwwerzeegt, datt déi zukünfteg Gestalt vum Sonndeg matentscheedend ass fir d’Weidergi vum Glaf un déi nächst Generatiounen an och fir d’Zukunft vun der mënschlecher Kultur iwwerhaapt.
De Sonndeg wäert awer nëmmen dann eng Chance hunn, wann et äis geléngt, deen Dag nei mat gemeinsamen Iwwerzeegungen a Wäerter ze fëllen fir d’Liewenswierklechkeete vun haut – dozou gehéieren och reliéis Inhalter. An do gesi mer äis als Kierch wierklech an d’Flicht geholl.
III.
„Die Kirche lebt von der Eucharistie“

An der Apostelgeschicht heescht et: „Als wir am ersten Wochentag versammelt waren, um das Brot zu brechen (…).“ (Apg 20,7; vgl och Apg 2,42) An der Ufankszäit vun der Kierch gëtt d’Eucharistiefeier „Brout-Briechen“ oder och „Herrenmahl“ genannt (vgl. 1 Kor 11, 17-34 bes. V. 20). De Begrëff „Herrenmahl“ weist op d’Präsenz vu Christus an der Mëtt vun deenen hin, déi sech a sengem Numm versammelen an a sengem Geescht handelen.
D’Kierch lieft vun der Eucharistie. Jo, d’Kierch ass do, wou Eucharistie gefeiert gëtt. Néierens réaliséiert si sech esou wéi an dëser Feier. D’Eucharistie ass liewenswichteg fir d’Kierch; si ass awer och liewenswichteg fir äis all, déi mer duerch d’Daf zur kierchlecher Gemeinschaft gehéieren. Et ass Christus selwer, deen äis un den Dësch vun der Eucharistie invitéiert. A wien do ouni ersichtleche Grond konsequent feelt, bleift Christus eng Äntwert schëlleg an ëntzitt sech der Gemeinschaft. Dat ass keng Bagatell! Gottesdéngscht heescht leschtlech: Mir si fir Gott do, well hie fir äis do ass. Mir huelen äis Zäit fir hien, well hie fir äis Zäit huet.
Am Bëschofswuert fir d’Faaschtenzäit 2005 hat ech op déi zentral Bedeitung vun der Eucharistiefeier innerhalb vum Parverband higewisen. Et huet do geheescht: „Déi gemeinsam Eucharistiefeier um Sonndeg ass d’Häerzmëtt vum Parverband.“ An duefir soll d’Gemeinschaft och bei der Virbereedung an der Gestaltung vun der Sonndesmass an och vu besonnesche liturgeschen Zäiten ewéi d’Faaschtenzäit, d’Helleg Woch oder d’Adventszäit matbedeelegt sinn.

IV.
Eucharistie als „Brout-Briechen“

Beim Wuert „Brout-Briechen“ geet et net ëm e Stéck Brout, et geet ëm de Jesus selwer. Am Bild vum Brieche vum Brout gëtt par excellence d’Liewensbewegung vum Jesus verdäitlecht – et ass eng Ausso iwwert säi Wiesen. Um Brout-Briechen war hien ze erkennen – um Brout-Briechen ass en erëm ze erkennen. Dee Geste stellt net nëmmen den Héichpunkt vun der Léift vum Jesus duer, déi bis zum Doud um Kräiz gaang ass, mee e steet och fir all déi Begéignunge vum Jesus mat de Mënschen. Et steet fir all déi Momenter, bei deenen hien sech zu senge Liefzäiten de Mënschen heelend a befreiend matgedeelt huet. En huet seng Existenz net fir sech gelieft, mee fir déi aner.
An dës Feier vum Brout-Briechen huet ganz praktesch Konsequenzen och fir äis: Well Christus hëllt äis mat eran a seng geliefte Praxis vun der Nächsteléift a vun der Solidaritéit.
A senger éischter Enzyklika „Deus caritas est – Gott ass d’Léift“ sträicht de Poopst Benedikt XVI. den Zesummenhang vun Eucharistie an Déngscht um Nächsten ganz däitlech ervir. Et heescht do: „In der eucharistischen Gemeinschaft ist das Geliebtwerden und Weiterlieben enthalten. Eucharistie, die nicht praktisches Liebeshandeln wird, ist in sich selbst fragmentiert, und umgekehrt wird das ,Gebot’ der Liebe überhaupt nur möglich, weil es nicht bloß Forderung ist: Liebe kann ,geboten’ werden, weil sie zuerst geschenkt wird.“
A jiddfer Eucharistiefeier si mir invitéiert, äis vun deër Bewegung, déi sech äis vu Gott a Christus erschléisst, beschenken ze loossen. D’Geschenk vun der Léift aus der Eucharistiefeier erliewe mir fir d’éischt als Gnod, als Geschenk, an dann an engem zweete Moment als drängenden Appell, als Aufgab fir äis. Mir erënneren äis un d’Wierder vum Jesus am Abendmahlssall: „Tut dies zu meinem Gedächtnis – Maacht dëst als mäin Undenken!” (Lk 22,19) „Ech hunn Iech e Beispiell ginn, fir datt dir och esou handelt, wéi ech un iech gehandelt hunn.”( Joh 13,15).
Déi eigentlech Sënnspëtz läit dodranner, datt mir selwer Mënsche solle ginn, déi sech higinn. Mënschen, déi sech engagéieren, déi eppes mat Häerzblutt maachen, mat Läif a mat Séil souzesoen. Dat fällt wierklech net ëmmer liicht. Normalerweis si mir esou veranlagt, datt mir léiwer d’Saache festhalen. A wa mir eppes ginn an äis selwer asetzen, da maache mir dat gäeren wuel iwwerluecht an doséiert.
Iwwer de Projet „Sozialwuert“ steet d’Lëtzebuerger Kierch zënter September an engem Prozess vu Reflexioun an Échange iwwer de sozialen Zesummenhalt vun der Gesellschaft. Als Chrëschte wëlle mir äis Iwwerleeungen an den ëffentlechen Débat zugonschten vun enger méi gerechter a friddlecher Welt abréngen. Dobäi wësse mer äis besonnesch deene verflicht, déi net vum Liewe verwinnt sinn.
D’Invitatioun fir e „Sozialwuert“ schreift sech gutt an d’Thematik vun der Eucharistie an. Well Brout briechen, Brout a Gemeinschaft briechen, huet mat Deelen ze dinn. Dat ass och en Appell, fir mat der Äerd a mat de begrenzte Ressourcen vun dëser Äerd gerecht a verantwortungsvoll ëmzegoen. Ech invitéieren Iech alleguerten, Iech ze informéieren, Iech nach un deem Prozess ze bedeelegen an e virun allem am Gebiet ze begleeden.

Schluss

Léif Schwësteren a Bridder! Mer hunn et gesot, d’Eucharistie ass e Geschenk an eng Aufgab zugläich. Leschtlech si mer all Dag op en Neits invitéiert, déi Aufgab, déi aus dem Geschenk vun der Eucharistie erwiisst, unzehuelen an dem Herrgott seng Léift zu de Mënsche sichtbar ginn ze loossen duerch dat, wat jiddereen a senger Famill, a sengem Ëmfeld a mat senge Méiglechkeete ka leeschten. Den Herrgott verlaangt näischt Onméigleches, awer dat, wat mer kënnen, musse mer och maachen.
An e puer Woche feiere mer den Ursprung vum chrëschtleche Sonndeg: Ouschteren, d’Fest vun der Operstéiung. Ouschteren ass den Ur-Sonndeg vun eisem Glaf. Vläicht geléngt et äis an de Sonndeger vun der Faaschtenzäit an och op deenen anere Sonndeger, Gott ze fannen an an Him dann och erëm äis selwer. Dobäi sollen eis Patréiner, Maria, d’Tréischterin am Leed, an den hellege Willibrod äis begleeden an äis d’Kraaft vun uewen erbieden.

Lëtzebuerg, op Liichtmesdag, den 2. Februar 2007

 
Fernand FRANCK Mgr
Archevêque . Erzbischof
 
 
An dëser Rubrik
© Église catholique à Luxembourg Kontakt | Webmaster Tools
 
logo

http://www.cathol.lu//prier-et-celebrer-beten-und-feiern/spiritualite-spiritualitat/bible-bibel/d-evangelium-op-letzebuergesch/joer-a/article/pengschten-um-dag-a-b-c

© Église catholique à Luxembourg
certains droits réservés