+Äerzbistum
+Parverbänn
+Servicer
+Mouvementer
MOBILE
 
Kontakt
 
Plang vum Site
 
Presse
 
Chargement...
Kuckt och ...
 
Lettres pastorales / Hirtenbriefe
Hoffnung weiderschenken - Bëschofswuert iwwer d’Paulusjoer fir d’Faaschtenzäit 2009

Eise Poopst Benedikt XVI. huet den 29. Juni d’lescht Joer – um Fest vun den Apostele Péitrus a Paulus, an der dankbarer Erënnerung un den 2000. Gebuertsdag vum hellege Paulus, – e Paulusjoer ausgeruff.

De Paulus gehéiert net nëmmen zu de wichtegsten a markanteste Gestalte vun der fréier Kierch, mee hien huet äis och haut nach, vläicht grad an eiser heiteger Situatioun vun der Kierch, vill ze soen. Ech invitéiren Iech dofir mat dësem Faaschtewuert, dem Paulus senge Spueren nozegoen a fir seng Glawesbotschaft op ze sinn.

I.

„…vu Christus ergraff“ (Phil 3,12)
De Paulus – eng Gestalt, déi faszinéiert

Ass et net e bëssen erstaulech: Vu kengen aneren Auteur aus dem Neien Testament héiere mir esou regelméisseg Liesungen am Gottesdéngscht, ewéi aus de Bréiwer vum hellege Paulus. An dach wësse mir dacks net ganz vill iwwer dëse Mann. Wie war dee groussen Apostel, deen och nach de Vëlléckerapostel genannt gëtt? Wat ass seng Botschaft?

Am Liewe vun all Mënsch gëtt et Hoffnungen an Erwaardungen. Déi eng vun hinnen erfëlle sech, anerer ginn enttäuscht. Och de Paulus war e Mann voll Hoffnungen an Erwaardungen. Hie koum aus enger streng-gleeweger jüdescher Famill vun Tarsus an der heiteger Tierkei. Säi jüdeschen Numm war Saulus. Am Juddentum hat hie sech der Richtung vun de Pharisäer ugeschloss, déi an hirem Glawesliewen an an hirer Missioun streng no de Geboter vum Herrgott liewen. Och de Paulus war vum Charakter hier kee Mann vu Kompromësser – mat Konsequenz a perséinlechem Asaz verfollegt hien d’Unfäng vun deem neie Glawen. Well e Glawen, bei deem d’Persoun vun engem gekräizegten an operstanene Messias am Mëttelpunkt stoung, huet hie missten zréckweisen.

Wien un de Paulus denkt, deen denkt wahrscheinlech direkt u seng Bekéierung virun der Stad Damaskus: aus engem gesetzestreien, jo bal fanatesche Gottesgeléierten aus dem Juddentum, deen „d’Jünger vum neie Wee“ bluddeg verfollegt huet [1], gëtt e Missionar vun de Vëllécker, dee bis un d’Grenze vun der deemols bekannter Welt a bis un d’Grenze vu sengen eegene Kräfte gaangen ass [2], fir den Dräifaltege Gott an der Welt bekannt ze maachen. Seng Begéinung mat Christus virun der Stad Damaskus verännert säi Liewen. A sengem Bréif un d’Chrëschte vu Philippi bréngt hien et op de Punkt: „Wéinst senger hunn ech alles opginn (…), well ech vum Jesus Christus ergraff gi sinn“ (Phil 3,8.12).

Mam Paulus gëtt eng Persoun zum Apostel, deen net den irdesche Wee vu Christus matgaangen ass. Dee Paulus ass also ee vun den éischten, déi an enger Situatioun wéi mir selwer sinn: Mir kennen de Jesus dem Geescht no, selwer kenne geléiert hu mir hien net. Och dat verbënnt äis also mam Paulus.

II.

„net méi ech liewen, Christus lieft a mir“ (Gal 2,20)
D’Botschaft vum Apostel Paulus

De Lieweswee vum Paulus impressionéiert äis och haut nach. Déi blëtzaarteg Glaweserfahrung virun der Stad Damaskus kënne mir an hirer Dramatik a vrun allem an hiren Auswierkungen net gewalteg genuch ausmolen. Vun deem Ament u stellt de Paulus sech décidéiert, bewosst a mat ganzer Kraaft op d’Säit vu Christus. Fir den Déngscht u Christus hëlt hie vun do un all méiglech Strapazen op sech, bis hie schliisslech säi Liewe fir säi Christusglaf muss hirginn. De Paulus ass eng ganz authentesch Perséinlechkeet, well bei him Botschaft a Persoun, eegen Erfahrung a Verkënnegung zesummefalen. Wat de Paulus virun der Stad Damaskus erlieft huet, datt gëtt den Zentrum vu senger Botschaft: Jesus Christus, de Gekräizegten, lieft, hien ass operstan a rifft äis an seng Nofolleg.

Fir hie kënnt et eleng drop un, Christus an de Mëttelpunkt vum eegene Liewen ze stellen – „net méi ech liewen, Christus lieft a mir“ (Gal 2,20) – an dee Christus bei d’Mënschen ze droen, oder besser gesot, sech vu senger ënnerer Kraaft bei d’Mënschen droen ze loossen.

De Paulus war dobäi och iwwerzeegt dovun, datt dës gutt Nouvelle net nëmmen un d’Judde geriicht war, mee datt si eng universal Bedeitung huet an un all Mënsch geriicht ass. Well den Herrgott, dee sech a Jesus Christus gewisen huet, de Gott vun all Mënsch a vun der ganzer Schëpfung ass.


III.

„D’Léift vu Christi léisst äis keng Rou“ (2 Kor 5,14)
De Paulus als Missionar
Vum Herrgott gepaakt a vum Glawen un den Operstanenen ergraff, gëtt de Paulus Missionar. De Paulus gëtt jo och nach de Volleksmissionar genannt. Op dräi grousse Missiounsreese verbreet hien de Glawen u Christus. An enger Visioun kritt de Paulus den Optrag, d’Evangelium vun Asien an Europa ze bréngen [3]. A missionareschem Äifer grënnt hien zu Philippi, enger antiker Festungsstad a Mazedonien, esou ëm d’Joer 53 no Christus déi éischt chrëschtlech Gemeinschaft op europäeschem Buedem.

D’Grënnung vu chrëschtleche Gemeinschaften am Mëttelmierraum ass ouni de Paulus net ze denken. Op sengem Wee leet hien Dausende vu Kilometer zu Fouss zréck. Säi Stil ass: Wanderen, Matgoen, Matliewen, Matschaffen, Priedegen … ëffentlech an a privaten Haiser. Net ëmmer ass hie wëllkëmm.

Obwuel hien ee vun de gréissten theologeschen Denker vun der Chrëschtenheet ass, betount hie méi dacks seng Aarbecht als Zeltmécher, säin handwierkleche Beruff also. Hie war kee Beruffspriedeger, wat dacks vergiess gëtt bei dem héigen theologeschen Niveau vu senger Verkënnegung. Seng Theologie ass an engems och d’Theologie vun der fréier Kierch – sou genannt „Gemeindetheologie“.

De Paulus war awer keen Eenezelkämpfer. Hie konnt sech op engagéiert Mataarbechter verloossen. Ongeféier 40 Fraen a Männer sinn aus de bibleschen Texter mat hirem Numm benannt. Et si Mënschen, déi hien op senge Reese begleet hunn oder déi eng Roll an de fréie chrëschtleche Gemeinschafte gespillt hunn. Vun Ufank u gehéiere Fraen zu der Missiounsbeweegung ronderëm de Paulus.

IV.

„…Hoffnung, déi d’Evangelium schenkt“ (Kol 1,23)
Léif Schwësteren a Bridder, vläicht ass esou munnech Plaz nieft Iech an der Kierch fräi, wou dir elo de Gottesdéngscht feiert. Vläicht läit Iech och deen een oder anere Mënsch um Häerz, deen Dir gär géingt hei gesinn: Partner, Kanner, Frënn. D’Fro, wéi mir Mënsche kënne fir de Glawen u Jesus Christus begeeschteren, ass fir äis alleguerten eng wichteg Fro, déi äis interpelléiert. Wéi kënne mir dat, wat mir am Gottesdéngscht feieren – d’Botschaft vum Evangelium – esou weiderginn, datt anerer sech dovun usprieche loossen. Net just haut beweegen äis déi Froen, mee si hu sech och schonns fir den Apostel Paulus gestallt.

De Paulus mécht d’Erfahrung, datt déi Hoffnung, déi hien dréit, him och ëmmer erëm nei Horizonter opmécht. An déi Hoffnung wëllt hien och no bausse vermëttelen. Hie verfällt dofir net engem blannen Aktionismus, mee hie léisst sech vum Herrgott féieren a lauschtert op d’Zeechen, déi vum Herrgott kommen. Ëmmer dann, wann eng Dier zougeet, gesäit de Paulus, datt sech eng aner opmécht. Allzedacks ass et bei äis jo esou, datt mir virun enger Dier, déi zou geet, resignéiert stoebleiwen, amplaz no neie Weeër ze kucken, déi den Herrgott äis haut opmécht a weist.

Ass et bei äis net dacks och esou, datt mir genee ze wësse mengen, wéi eppes ofzelafen huet, a wéi Mënsche sech ze verhale hunn. Wéi dacks soen oder menge mir op d’mannst och, „sou an net anescht ass a war et ëmmer an der Kierch, sou an net anescht muss de Gottesdéngscht oflafen, esou an net anescht muss de Glawe gelieft ginn a sech a Strukture nidderschloen“. Nodenken a Virsiicht ass sécher gebueden, awer wir et net och fatal ze vergiessen oder ze iwwersinn, datt den Herrgott äis ëmmer erëm nei Méiglechkeeten a Weeër weise kann, op déi mer vun äis aus net komm wieren, an déi eis eege Pläng a Weeër vläicht esouguer ze duerchkräize schéngen.

De séilege Poopst Johannes XXIII. huet emol dat hei gesoot: „D’Welt ass grouss. Et gi vill Weeër, fir dem Här ze déngen. Et gëtt och ee fir dech.“ D’Evangelium schenkt äis d’Hoffnung, datt „déi däischter Dier vun der Zäit, d’Zukunft, opgesprengt ass“ [4]. De Poopst Benedikt XVI. gräift dat op a senger Enzyklika iwwer d’Hoffnung.

V.

Näischt „kann äis trenne vun der Léift vum Herrgott, déi a Jesus Christus ass“ (vgl. Röm 8,31-39)

Wéi de Paulus seng Bréiwer schreift, déi mir och ëmmer am Gottesdéngscht héieren, do huet hie sécher nach net domadde gerechent, datt seng Schrëften emol géingen e groussen Deel vum Neien Testament ausmaachen. Seng Bréiwer sinn un déi eenzel Chrëschtegemeinschafte geriicht an u bestëmmten Eenzelpersounen. Si schwätzen ëmmer an eng bestëmmte Situatioun eran. Mat de Bréiwer wëllt de Paulus och duerfir suergen, datt de Kontakt zu den eenzelne Gemeinschaften net ofräisst. Seng Bréiwer gi schliisslech tëschent de Gemeinschaften ausgetosch a weidergereecht.

Ee vun de Grënn fir déi séier Ausbreedung vum Chrëschtentum war sécher och déi „nei Dëschuerdnung“, déi an de jonke chrëschtleche Gemeinschafte praktizéiert ginn ass. „Nei Dëschuerdnung“ wëllt soen: Datt sech an de Gemeinschaften, déi de Paulus grënnt, Mënschen aus alle soziale Schichten zesumme fannen, oder wéi et am Galaterbréif heescht: „(et gëtt) net méi Judden a Griichen, net Sklaven a Fräier, net Mann a Fra, well dir all sidd eent a Christus Jesus“ [5]. A Mënschen aus alle soziale Schichten deele mateneen, wat se hunn: „Et gouf keen ënnert hinnen, deen Nout gelidden hätt“ [6], heescht et an der Apostelgeschicht.
De Paulus huet et wéi keen anere verstan, d’Evangelium vun der Léift vum Herrgott an déi ënnerschiddlechst Liewesfelder vun de Mënschen eran ze iwwersetzen, well hien d’Sprooch vu sengen Nolauschterer geschwat huet: zu de Judde schwätzt hien als Judd, zu de Griichen als Griich, zu de Schwaachen als Schwaachen. [7] Andeems hien d’Mënschen um Wuert Gottes an u sengem eegene Liewen deelhuele gelooss huet, war hien de Mënschen no. Doranner ass a bleift hien e Virbild fir déi ganz Kierch a fir äis alleguer.

Schluss
Léif Schwësteren a Bridder, ech sinn dovun iwwerzeegt, datt de Paulus, deen esou déif vu Christus ergraff war [8], och äis haut nach ergräife kann an all eisem Sichen a Froen – perséinlech, an der Kierch, an der Gesellschaft, an der Welt. Dofir kënne mir eisem Poopst nëmmen dankbar sinn, datt hien äis dësen Apostel als besonnesche Begleeder an dësem Joer zur Säit gestallt huet.

Ech géif gären dëst Bëschofswuert ofschléisse mat de Wierder, mat deenen och den hellege Paulus gär seng Bréiwer ofgeschloss huet: „D’Gnod vu Christus, dem Här, d’Léift vu Gott (dem Papp) an d’Gemeinschaft vum Hellege Geescht sief mat iech all!“ (2 Kor 13,13). - Amen.

[1] Vgl. Apg 9,1f.

[2] Vgl. 2 Kor 1,8.

[3] Vgl. Apg 16,9ff.

[4] Spe salvi 2.

[5] Gal 3,28.

[6] Apg 4,32.

[7] Vgl. 1Kor 9,20f.

[8] Vgl. Phil 3,12.

 
Fernand FRANCK Mgr
Archevêque . Erzbischof
 
 
An dëser Rubrik
© Église catholique à Luxembourg Kontakt | Webmaster Tools
 
logo

http://www.cathol.lu//archidiocese-erzbistum/l-archeveque-emerite-der/lettres-pastorales-hirtenbriefe/article/bleif-bei-ais-har

© Église catholique à Luxembourg
certains droits réservés