+Äerzbistum
+Parverbänn
+Servicer
+Mouvementer
MOBILE
 
Kontakt
 
Plang vum Site
 
Presse
 
Chargement...
Kuckt och ...
 
Lettres pastorales / Hirtenbriefe
“Kanner kucke méi wäit”
Bëschofswuert fir de Kannermissiounssonndeg 2007

Léif Kanner,

Oft iwwerleed dir iech: Wat ginn ech, wann ech grouss sinn? Schoulmeeschter oder Schouljoffer, Lockführer, Geschäftsfra oder soss eppes? Dir denkt dann un är Zukunft, dir kuckt méi wäit.

“Kanner kucke méi wäit”, heescht och de Motto vum Kannermissiounssonndeg 2007. D’Kanner um Plakat – et si Kanner aus dem Madagaskar – kucke vun engem Bam erof, och méi wäit. Och si kucken an hir Zukunft, déi awer net ëmmer esou roseg ass wéi bei äis. Dacks kënnen si emol ewerhaapt net an eng Schoul goen a si liewen ganz aarm. Duefir ass et un äis, fir hinnen ze hëllefen. D’Lëtzebuerger Kanner-missiounswierk ënnerstëtzt, mat ärer Hëllef, Projeën am Madagaskar. Esou kréie Kanner eng Ausbildung an domat méi Chancen fir e Beruff a fir eng Zukunft.

“Kanner kucke méi wäit.” Si denken net nëmmen un Iessen, Drénken, wat se hunn a wëlle kréien. Si denken och un déi aner. Kanner hunn e grousst Häerz a wëlle mat aneren deelen. Léif Kanner, hei kënne mir Erwuessen nach vill vun iech léieren. Léiert dir äis, mat deenen anere Mënschen ze deelen. Da kënnen och mir Erwuessener méi wäit kucken – esou wéi dir.

Wa Kanner méi wäit kucken, dann och iwwer dat Alldeeglecht eraus op den Herrgott. Hien wëlle mer net vergiessen an och eise klenge Frënn vun deenen anere Kontinenter schenken, dëst Joer virun allem a Madagaskar. Fir si biede mer, u si denke mer. An eis Ënnerstëtzungsaktioun hëlleft hinnen, och de Jesus besser kennen ze léieren. Da kënnen si nach méi wäit kucken, well da wëssen si sech vum Jesus gedroen a staark gemat. Esou wéi mir.

De Kannermissiounssonndeg um 4. Februar soll äis all d’Méiglechkeet ginn, fir méi wäit ze kucken: een op deen aner, op déi aner Kanner vu ganz wäit ewech, an och op den Herrgott. Well wa mer wäit kucken, da gëtt och eist Häerz méi wäit a méi grouss. A mir ginn dobäi frou a glécklech.

Lëtzebuerg, de 6. Januar 2007

 
Fernand FRANCK Mgr
Archevêque . Erzbischof
 
 
An dëser Rubrik
© Église catholique à Luxembourg Kontakt | Webmaster Tools
 
logo

http://www.cathol.lu//prier-et-celebrer-beten-und-feiern/spiritualite-spiritualitat/bible-bibel/d-evangelium-op-letzebuergesch/joer-a/article/pengschten-um-dag-a-b-c

© Église catholique à Luxembourg
certains droits réservés