+Äerzbistum
+Parverbänn
+Servicer
+Mouvementer
MOBILE
 
Kontakt
 
Plang vum Site
 
Presse
 
Chargement...
Kuckt och ...
 
Lettres pastorales / Hirtenbriefe
Kanner siche Fridden
Kannermissiounssonndeg, 8. Februar 2009

Der Kindermissionssonntag am kommenden 8. Februar ruft zu Gebet und Solidarität für die Kinder anderer Kontinente auf. Zielland ist dieses Jahr Kolumbien, im von Gewalt gebeutelten Norden Lateinamerikas. Daher das Motto “Kanner siche Fridden”. In allen Gottesdiensten wird für das Kindermissionswerk gespendet. Es unterstützt u. a. zwei Projekte, welche kolumbianischen Kindern ein Schutzprogramm und Ernährung zusichern.

Im letzten Jahr haben Kinder und Erwachsene in Luxemburg insgesamt 178.537,17 Euro gespendet. Investiert wurden sie in Projekte in Papua Neuguinea, Zentralafrika, Togo und Äquatorialguinea.

Spendenkonto: Kannermissiounswierk Lëtzebuerg
CCPL LU69 1111 0171 2351 0000

E Wuert vum Erzbëschof

Léif Kanner,

Eng vun deene wichtegsten Aufgaben besteet doran, sech fir de Fridden anzesetzen. Sträit an Haass maachen d’Liewe schwéier, dat wësst dir och: Wann doheem oder an der Schoul kee Fridden ass, da si mer all bedréckt; da gëtt eist Liewen zur Häll. De Jesus awer wëllt Fridden, an hien nennt déi séileg, déi sech fir de Fridden asetzen.Dee Fridde fängt an eisem Häerz un, wa mer un de Jesus denken an am Gebied mat him schwätzen.

A Kolumbien, dem Beispilland vun dësem Joer fir de Kannermissiounssonndeg, ass vill Onfridden a Gewalt, well Leit sech net mateneen verstinn. Grad Kanner sinn dovu betraff, si gi mat eragezunn an d’Ausenanersetzunge vun deene Groussen. Mä grad Kanner sichen awer och de Fridden, a si brauche Fridden, fir zu gudden Erwuessenen erunzewuessen. Dohir och d’Thema vum Kannermissiounssonndeg 2009: „Kanner siche Fridden“.

Iech alleguer encouragéieren ech, esou wéi si de Fridden ze sichen a Sträit aus der Welt ze schafen, fir dass een sech mat deem aneren neess verdréit. Da gi mer Apostele vum Fridden – esou wéi de Jesus äis et virgemat huet, als Friddenskinnek.

Dir kënnt iech awer och fir de Fridden a Kolumbien ganz speziell asetzen, wann der d’Projeën ënnerstëtzt, déi d’Kannermissiounswierk iech dëst Joer proposéiert. Da maacht der vill Guddes. Vergiesst dobäi net ze bieden fir är kleng Frëndinnen a Frënn an deem Land – an awer och weltwäit. Och esou kënnt dir hinnen hëllefen a mat hinne verbonne sinn. Reeche mir hinnen eis Hand, och iwwer dee groussen Ozean eriwwer, d’Mier soll äis net vun hinnen trennen.

De Fridde vum Herrgott soll mat iech alleguer sinn, elo an ëmmer, all Dag vun ärem Liewen!

Lëtzebuerg, de 6. Januar 2009

 
Fernand FRANCK Mgr
Archevêque . Erzbischof
 
 
An dëser Rubrik
© Église catholique à Luxembourg Kontakt | Webmaster Tools
 
logo

http://www.cathol.lu//prier-et-celebrer-beten-und-feiern/spiritualite-spiritualitat/bible-bibel/d-evangelium-op-letzebuergesch/joer-a/article/pengschten-um-dag-a-b-c

© Église catholique à Luxembourg
certains droits réservés