+Äerzbistum
+Parverbänn
+Servicer
+Mouvementer
MOBILE
 
Kontakt
 
Plang vum Site
 
Presse
 
Chargement...
Kuckt och ...
 
Lettres pastorales / Hirtenbriefe
Maacht d’Diere vun ärem Häerz grouss op fir Christus!

An enger Geschicht erzielt de jüdesche Schrëftsteller Elie Wiesel dës Geschicht. De berühmte Rabbi Baruch hat en Enkel. Eng Kéier koum dee bei hien an d’Zëmmer gerannt an huet haart gekrasch. „Wat ass da geschitt?“, freet de Rabbi en. Den Enkel erzielt sengem Grousspapp, datt hie mat sengem Frënd Verstoppes gespillt huet. „Ech hat eng ganz gutt Stopp fonnt“, sot en, „mäi Frënd huet mech net fonnt. Mä dun ass hien einfach fortgaangen an huet net méi no mer gesicht.“ De Rabbi Baruch fiert dem Jong iwwert de Kapp an e seet em, woubäi him Tréinen an d’Ae kommen: „Gesäis de, mäi Jong, esou geet et och Gott. Hie verstoppt sech, a mer sichen en net.“ Dës Geschicht enthällt eng déif Wourecht. Geet et äis net d’selwecht? Siche mer Gott a wou siche mer en?

Hie weist sech äis a Jesus Christus

Ass et net esou, datt Gott sech äis verstoppt weist? Hu mer dat net op Chrëschdag gefeiert? Dat wat mer do gefeiert hunn, oder besser deen, dee mer gefeiert hunn, kann net méi nüchtern an onsentimental ausgedréckt ginn, wéi et am Prolog vum Johannesevangelium heescht: „ D’Wuert ass Fleesch ginn an et huet säin Zelt ënner äis opgeschloen .“ [1] Dat ass déi eigentlech chrëschtlech Kärbotschaft vum Ereegnës an der Chrëschtnuecht. De Bléck op d’Kand an der Krëpp mécht äis openeits bewosst, datt Chrëschtsinn fir d’éischt an och zulescht Glaf un de Sonn vu Gott ass, deen sech erofgelooss huet, fir Mënsch am Stall vu Betlehem ze ginn. Do gëtt awer weider ausgesot: „ Et ass a säin Eegentum komm, a seng eege Leit hunn et net opgeholl .“ [2] Dat war net nëmmen deemols de Fall, dat geschitt och nach haut. Gott kënnt verstoppt, mä en ass do. Mer mussen e sichen.

A Jesus Christus liicht d’Mënschefrëndlechkeet vu Gott op. A Jesus Christus musse mer Gott sichen, well nëmmen an him kënne mer em begéinen, kënne mer e fannen. Hien huet jo selwer vu sech gessot „ Ech sinn de Wee, d’Wourecht an d’Liewen. “ [3]

Wéi kënne mer dat maachen? Et geet doduerch, datt mer d’Invitatioun vum Poopst Benedikt XVI., déi e bei der Inauguratiounsmass vu sengem Pontifikat esou formuléiert huet, opgräifen : „ Maacht d’Diere grouss op fir Christus !“ Desen Opruff vum Poopst bleift aktuell, an ech wëll iech en um Ufank vun der Faaschtenzäit an ëmgewandelter Form zouruffen : „ Maacht d’Diere vun ärem Häerz grouss op fir Christus !

All Joer gëtt beim grousse Rendez-vous an der Chrisammass deeselwechten Abschnitt aus dem Lukasevangelium verkënnegt. [4] De Jesus ass a Galiläa a geet a senger Heemechtsstad Nazareth um Sabbat an d’Synagog. Hie liest aus der Helleger Schrëft e Passage vir, schléit Buch dann zou, fir den Text ze kommentéieren. An do beriicht de Lukas iwwer d’Haltung vun den Uwiesenden. „ Die Augen aller in der Synagoge waren auf ihn gerichtet.“  [5]

Kéint dat net och eng Haltung sinn, déi mer an dëse véierzeg Deeg vun der Faaschtenzäit anübe kéinten: eis Aen op de Jesus riichten?

Et geet drëm, eis Aen op de Jesus ze riichten, wéi en äis an den Evangelien entgéinttrëtt, duerch dat, wat e gesot a gemat huet.

II. Sech opmaache fir d’Wuert vum Herrgott

Eng vun de bedeitendsten Entwécklungen am Liewe vun der Kierch an eiser Zäit ass d’Erëmentdecken vun der Helleger Schrëft. Net nëmmen d’Theologie huet vun der Bibel hir hir Grondlagen erneiert, mä dat ganzt kierchlecht Liewen huet um Zeréckgoen op d’Helleg Schrëft nei Impulser a nei Australung kritt. Et ass doduerch e neit Sech-Beweege vun der Kierch op Christus hin, hir eigentlech Mëtt, geschitt.

En Héichpunkt an deër Erëmentdeckung war zweifellos d’Bëschofssynod vum Oktober 2008, déi ënnert dem Thema stung „ D’Wuert Gottes am Liewen an an der Sendung vun der Kierch“. D’Resultat vun den Iwwerleeungen vun de Bëscheef huet de Poopst elo kierzlech an engem Apostolesche Schreiwes veröffentlecht. Et dréit den Titel „Verbum Domini“ .

Duerch dëst Schreiwes wëllt de Poopst, wéi en an der Einleitung sech ausdréckt, folgend Zil erreechen: „ Auf diese Weise möchte ich einige Grundlinien für eine Wiederentdeckung des göttlichen Wortes – Quelle ständiger Erneuerung – im Leben der Kirche aufzeigen und hoffe zugleich, dass es immer mehr zum Mittelpunkt allen kirchlichen Handelns werden möge . [6]

Et ass mäi Wonsch, datt dëst Schreiwes, dat wéi e Geschenk vum Hellege Geescht fir d’Kierch an dëser turbulenter Zäit ass, déi mer duerchliewen, zu enger Road-Map an der Kierch zu Lëtzebuerg soll ginn. All Initiativen, déi an deem Sënn ergraff ginn, kann ech nëmme vu ganzem Häerz encouragéieren.

Ganz kloer ënnersträicht de Poopst, ëm wat et an dësem Schreiwes geet oder net geet. Et geet drëm, d’biblesch Pastoral als Séil vun der ganzer Pastoral ze förderen. Behäerzege mer d’Wierder vum Poopst: „ Es geht also nicht darum, in der Pfarrei oder in der Diözese noch weitere Begegnungen hinzuzufügen, sondern es muss sichergestellt werden, dass in den gewohnten Aktivitäten der christlichen Gemeinden, in den Pfarreien und in den Bewegungen wirklich das Herzensanliegen die persönliche Begegnung mit Christus ist, der sich uns in seinem Wort mitteilt. Die Schrift nicht kennen heißt Christus nicht kennen – in diesem Sinne führt die Bibel als Seele der gesamten ordentlichen und ausserordentlichen Pastoral zu einer größeren Kenntnis der Person Christi, der der Offenbarer des Vaters und die Fülle der göttlichen Offenbarung ist .“ [7]

Am zweeten Deel vum Dokument, dat ënnert dem Titel steet „D’Wuert vum Herrgott an der Kierch“, weist de Poopst all déi Felder op, déi sech vum an duerch d’Wuert aus der Schrëft sollen interpelléiere loossen.

Wann s du d’Alphabet an e puer grammatesch Regelen net kenns, da bleifs du e Liewelaang en Analphabet; du kanns net schreiwen trotz Intelligenz a guddem Wëllen. Genee esou bleiwe mir, obwuel mer Chrëschte sinn, Analphabete vum Evangelium, wa mir net ee Wuert nom aneren an äis ophuelen; a mir sinn ni fäheg „Christus ze schreiwen“. Wien d’Wuert net kennt, kennt Christus net.

D’Wuert wëllt awer och zu engem Wuert vu mengem a vun dengem Liewe ginn. Dëst geschitt konkret, wa mer e Wuert auswielen, et liewen; wa mer eis Haltungen an Aktiounen duerno ausriichten. Lueweswäert Initiativen gëtt et a chrëschtleche Mouvementer wéi de Focolarini: Si wielen all Mount ee bestëmmtent Bibelwuert als „Wuert vum Liewen“.

De Poopst weist eng Method op, déi erëm nei entdeckt gouf, déi sougenannt „ Lectio divina“ . Dës Method ass virun allem an der Traditioun vum Mönchtum entwéckelt ginn. Et geet dobäi ëm e biedend Liesen vun der Helleger Schrëft. Dëse bewährte Wee ass souwuel eleng wéi och gemeinschaftlech praktikabel. De Mënsch lauschtert op d’Wuert vum Herrgott, am Gebied äntwert en drop, e léisst d’Wuert op sech wierken an en äntwert drop aus ganzem Häerz. Dës Method kann awer nëmmen duerch e regelrecht Anübe funktionnéieren, an dat Ganzt duerch d’Wierke vum Hellege Geescht.

Et ass nun eben esou, dat een nëmmen am Waasser ka schwamme léieren. Esou geet och d’Liewen aus dem Wuert nëmmen, wann een sech regelrecht an dat Wuert erawërft.

Ech rekommandéieren eise Gruppen an deene verschiddene Poarverbänn, an dat als konkret Faaschtenübung: Fängt keng Reunioun un, ouni virdrun op d’Wuert Gottes gelauschtert ze hunn. Dat betruechtend a biedend Liesen oder Lauschteren op e bibleschen Text ass e Wee fir d’Dier vun ärem Häerz fir Christus opzemaachen. Stellt d’Bibel sichtbar an de Raum, gitt hir eng Éiereplaz a lauschtert op dat, wat de Geescht iech duerch d’Wuert vun der Schrëft fir déi Situatioun, an deër der iech befannt, soe wëllt.

III. Sech opmaache fir den aneren

Wa mer d’Dier vun eisem Häerz fir Christus opmaachen, da geet domat parallell d’Dier vun eisem Häerz opmaache fir de Matmënsch. Dat ass den direkte Wee, fir Gott ze begéinen. Seet de Jesus dach ganz kloer : „ Wat dir fir ee un deene mannste vu menge Bridder gemaach hutt, dat hutt dir fir mech gemaach .“ [8] Ech kann hei nëmme widerhuelen, wat ech a mengem Bréif fir de Lancement vun eisem Pastoralprojet geschriwwen hat: „Deen aneren huet esou vill Gesiichter! Et ass den aneren an der eegener Famill, et ass de Noper an deen, mat deem ech am Gottesdéngscht am Poarverband zesummesinn, et ass den aneren op der Aarbecht, et ass de Friemen, dee vu wäit kënnt an eis Sprooch net schwätzt, et ass deen, deen anescht lieft, dee vum Liewen aus der Bunn gehäit gouf, et ass deen, deen Affer ass vu Katastrophen, vun Honger, vu Krankheet, vu Gewalt, vun Ongerechtegkeet a Rücksichtslosegkeet. Hinnen all en Accueil an eisen Häerzer an an eise chrëschtleche Gemeinschafte bereeden, ass en Défi, deem mer äis net kënnen entzéien!

A kengem Poarverband däerft et un engem Diakoniegrupp feelen, deen derfir suergt, datt jidder eenzelnen an déi ganz Gemeinschaft opmierksam bleift fir den aneren, a besonnesch deen, deen a Nout ass, deen och derfir suergt, datt eis kierchlech Hëllefswierker an hirem Engagement fir déi Aarm an déi Äermst generéis ënnerstëtzt ginn.“ [9]

Ech kann eis Gemeinschaften nëmme staark encouragéieren, sech op fir déi Jugendlech ze maachen. Jonk Leit sinn d’Zukunft vun der Gesellschaft an d’Hoffnung vun der Kierch. Op fir d’Liewen a fir dat Neit, wat virun hinne läit, hunn si hir eegen Denk- an Erfarungswelt; dës manifestéiert sech duerch eng eege Sprooch, Moud, Frisur a Kleedung. Jonk Mënsche stellen sech d’Fro nom Sënn vum Liewen, se wëllen hir Existenz an d’Hand huelen an an de Grëff kréien.

Si sinn op der Sich no engem Liewesprojet a sehnen sech no erfëlltem Liewen, no echter Fräiheet a Gemeinschaft. Villfach loossen si sech interpelléieren duerch d’Nout an der Welt an entdecken hiert Häerz fir déi aner an enger Generositéit, déi Erwuessener munchmol staunen deet. Si erfueren awer och oft schmäerzlech hir Grenzen an hunn Angscht, dass hir Erwaardungen net erfëllt ginn.

Ech si frou, dass och bei äis Jugendlecher sech fir d’Weltjugenddeeg am Summer zu Madrid virbereeden. De Poopst huet dës Deeg ënnert de Motto gestallt: „ Verwurzelt in Christus und gegründet auf ihm, fest im Glauben“. [10] Ech kann eis Poarverbänn nëmmen ermuddegen, de Jugendleche Raum ze ginn, datt si sech ausdrécken an abrénge kënnen. Si sinn net eréischt d’Kierch vu moar, mä si si scho Kierch vun haut. An et hängt vun den erwuessene Chrëschten of, op si sech an deër Kierch doheem fillen an sech an si matabréngen.

Ech kann iech nëmmen opfuerderen, d’Dier vun äerem Häerz a vun äere Gemeinschafte grouss opzemaache fir déi ëmmer méi grouss Zuel vu Mënschen, déi vu bausse bei äis kommen. Dat ass wichteg fir d’Kierch an engem Land, wou schon 42% vun der Populatioun Net-Lëtzebuerger sinn. Egal aus watfirenge Grënn si bei äis komm sinn, si sollen sech hei verstanen, opgeholl an doheem fillen. Grad hir Verschiddenheet ka fir äis eng Beräicherung sinn a fir äis zum Seege ginn.

Och bei äis ginn et vill Mënschen, déi eleng sinn. “ Eine der schlimmsten Arten von Armut, die der Mensch erfahren kann, ist die Einsamkeit ”, schreift de Poopst Benedikt XVI. a senger Enzyklika „Caritas in Veritate“ [11]. Ginn et an eiser Noperschaft net Mënschen, déi eleng sinn? Sollte si net de Jesus op eisem Wee sinn, dee mer siche sollen?

D’Diere vun eisen Häerzer heescht et awer och opmaache fir déi Mënschen, déi a schwierege materielle Situatioune liewen, déi hir Aarbecht verluer hunn. Et sinn der vill, déi als eenzel an als Familljen sozial ausgegrenzt sinn. Do hunn d’Sozialequipen vun eise Poarverbänn e grousst Arbechtsfeld virun sech. D’Sozialwuert vun der kathoulescher Kierch, dat mer 2007 veröffentlecht hunn, ass a sengen Aussoen nach ëmmer aktuell, an a senger Ëmsetzung um Terrain geet et virun. All deene villen, déi do matmaachen a mat iwwerleeën, gëllt mäi Merci a meng Unerkennung.

Stellvertriedend fir aner Gebidder hunn ech dës opgezielt. D’Thema vun eisem Pastoraljoer „ Accueil – pour une Eglise d’accueil et d’écoute“ soll äis an dëser Faaschtenzäit nei Leitlinn sinn op eisem Wee op Ouschteren zou. Kee kann en eleng goen. Et geet nëmmen zesummen, mat Christus an eiser Mëtt. Säi gudde Geescht soll äis leeden, säi Wuert äis inspiréieren.

Riichte mer an dëser Faaschtenzäit, déi als eng nei Chance virun äis läit, de Bléck op Maria, eis Patréinesch. Leeë mer all eis Projet’en an hir Mammenhänn, well si ass jo, wéi de Poopst se an der Iwwerschrëft vum Schlusskapitel vu sengem Apostolesche Schreiwes nennt, d’ „Mater Verbi“ [12] , d’Mamm vum Wuert, dat am Jesus vu Nazareth de Wee mat äis a mat all Mënsch geet.

Lëtzebuerg, op Liichtmesdag,

den 2. Februar 2011

[1] Joh 1,14

[2] Joh 1,11

[3] Joh 14,6

[4] Cf Lk 4,14-22a

[5] Lk 4,20

[6] Apostolescht Schreiwes „Verbum Domini“ Nr. 1

[7] Ibid. Nr. 73

[8] Mt 25,40

[9] Bëschofswuert vum 8. Sept. 2010

[10] Cf Kol 2,7

[11] Enzyklika „Caritas in Veritate“ Nr. 53

[12] Apostolescht Schreiwes „Verbum Domini“ Nr. 124

 
Fernand FRANCK Mgr
Archevêque . Erzbischof
 
 
An dëser Rubrik
© Église catholique à Luxembourg Kontakt | Webmaster Tools
 
logo

http://www.cathol.lu//archidiocese-erzbistum/l-archeveque-emerite-der/lettres-pastorales-hirtenbriefe/article/bleif-bei-ais-har

© Église catholique à Luxembourg
certains droits réservés