|
Kuckt och ...
|
Lettres pastorales / Hirtenbriefe
Méi Kierch ginn am Dingscht vun de Mënschen
Bréif vum Erzbëschof Fernand Franck un d’kathoulesch Chrëschten zu Lëtzebuerg
Léif Matchrëschten, De Commémoratiounsdag rifft äis déi Lëtzebuerger an Erënnerung, déi a schwéierer Zäit fir d’Fräiheet an d’Heemecht alles ginn hunn. Wat mir haut hunn, verdanke mer hirem grousshäerzegen a couragéierten Asaz. Si hu sech net offonnt mat deem, wat sou iwwermächteg geschéngt huet, si hunn hiert Bescht hier ginn fir eng besser Zukunft a Fräiheet a Fridden.
Als Chrëschten an als kierchlech Gemeinschaften hu mir äis Verantwortung an der Gesellschaft an an der Welt ze iwwerhuelen. Mir hunn e Message, deen och fir d’Mënsche vun eiser Zäit bestëmmt ass. Mir si Kierch fir d’Mënschen, eis Missioun ass ët, d’Evangelium vun eisem Här Jesus Christus op eng lieweg Manéier an d’Gestaltung vum Liewe vun de Mënschen anzebréngen.
“Es gibt keinen Glauben ohne ein Mitglauben mit anderen, mit der ganzen Kirche, mit den Heiligen, letztlich mit Jesus selbst”; sou schreiwt mäi Matbrudder Joachim Wanke, de Bëschof vun Erfurt.
Den 1. Oktober hunn ech en Dekret ënnerschriwwen, dat di 57 Parverbänn an eiser Erzdiözes definéiert. Op muenche Plaze sinn déi Parverbänn scho Realitéit, op anere Plaze sinn éischt Schrëtt an déi Richtung gemaach, op nach anere Plaze gëtt réischt ugefaang an déi Richtung ze kucken.
Bis dohinner sollen an deenen eenzelne Parverbänn konkret Tëschenzieler definéiert a realiséiert ginn. Konkret Projetsen solle geplangt, duerchgeféiert an ausgewäert ginn. An deenen nächste Méint gi vum Bistum Viirschléi gemaach, wéi sou Pastoralprojetsën kënnen ausgesinn an duerchgeféiert ginn. Ziel vun deenen Aktivitéiten ass ët, Paren a Gemeinschaften zësummen ze féieren, eng méi grouss Kommunikatioun méiglech ze maachen an zu méi Kooperatioun ze kommen: matenee gleewen a matenee Kierch sinn hëlleft deem eenzelnen an de Gemeinschaften, den Optrag vu Jesus Christus an dëser Zäit besser ze erfëllen. Eng wichteg Etapp op dem Wee zu méi Mateneen ass d’Schafe vu Parverbandsréit. Mir brauche ganz dringend Fraen a Männer, Jonker an Erwuessener, déi matdenken a matplangen, déi de Projet vu méi Kooperatioun matdroen, déi mat driwwer beroden an am Gespréich anerer kënnen dofir gewannen. Mir brauche Chrëschten, déi sech asetze fir dëse Projet, dee fir d’Zukunft vun eise chrëschtleche Gemeinschafte wichtig a liewensnoutwendeg ass.
An all Parverband soll eng Equipe pastorale opgebaut ginn. Ech weess, datt dat keng einfach Saach wäert ginn. Dofir solle mer ët och d’selwecht maachen, wéi senger Zäits d’Apostelen: fir d’éischt hu si gefaascht a gebiet an duerno deenen d’Hänn opgeluecht, déi fir e bësonneschen Dingscht ausgewielt goufen. Ech invitéieren all Parverband zu sou enger Démarche am Glaf - duerno kommen ech da selwer op d’Plaz a ginn deenen, déi ausgewielt goufen a sech bereet erkläert hunn, en offiziellen Optrag an der Equipe pastorale. An deene nächste Méint kënnt deemno villes op äis duer: am Januar ginn d’Parverbandsréit gewielt - villes muss awer elo ewell viirbereet ginn. Soubal d’Parverbandsréit schaffen, sollen d’Leit fir an d’Equipe pastorale gesicht ginn an d’”personnes-relais” an den eenzelne Gemeinschafte viirgeschloen an op hir Aufgab viirbereet ginn. Ech géng wënschen, datt bis Juli 2003 en éischte Kär vun Equipe pastorale zësumme wär. All di Strukturen, vun deenen hei rieds war, stinn am Dingscht vun engem groussen Ziel: matenee gleewen, fir an eiser Zäit hei zu Lëtzebuerg e glaawwierdegen Temoignage vum Evangelium ze ginn. Eist gemeinsamt Gebiet an d’Fiirsprooch vun eiser Patréinesch a vum hellge Willibrord sollen äis begleeden. Fernand FRANCK Mgr
Archevêque . Erzbischof
|
An dëser Rubrik
|


Circle cathollu
Follow cathollu
Like cathollu

Permalink: http://www.cathol.lu/article44
Uewen


