Fridden! T’ass kaum e Wuert, dat em Neijoeschdag méi gebraucht gët. An eise Réckblécker stelle mer fest, wivill Krich an Onfridden am vergaangene Joer op der Bühn vun der Welt sech ofgespillt hunn, a mer froe mat Baang: Wéi geet et weider an de Krisenheerden, denen alen an neien, vun der Äerd?
Géigesäiteg wënsche mer äis fir Neijoeschdag Gléck a Fridden. De Fridden ass jo eent vun denen héchste Gidder, an en dréit zu eisem Gléck mat bäi. Eng fundamental kathoulesch Iwwerzeegung - ech maache mer se zu eegen - ass déi hei: De Fridde fängt an eisen Häerzer un. Eréischt durno geet en iwwer an d’Welt a kann si prägen.
Fridden am Häerz, Fridden an der Welt! Mir Chrëschten kucken dobäi op Jesus Christus, dee mer als Friddensfürst uruffen. Well fir déi zerrappte Mënschheet ze versöhnen, duefir ass hien an d’Welt komm. “Fridde kënnt an d’Welt, wuer säi Liicht hifällt” heescht et am bekannte Chrëscht-Lidd “Aus dem Himmelssall”.
Esou wéi de Krich sech verbreed, esou verbreed sech och de Fridden. Vun eenzelne Friddensreläen aus, kann hien och aner Häerzer, aner Mënschen, aner Gruppen a Vëlker erreechen. Et gët eng Globaliséierung vum Fridden, well en wéi en Netz ass. An do ass jidderee vun äis e Fuedem an dréit zur Stabilitéit oder Onstabilitéit vum Ganze bäi. Duefir ass et net egal, wéi ech schwätzen a wéi ech mech behuelen.
Fit dat Neit Joer wënschen ech äis all de Fridden am Häerz! Dass en äis zudéifst markéiert an ënnerlech beréiert. An dass mer en iwwergoe loossen vu Mënsch zu Mënsch, an enger grousser Friddensketten, déi all Natiounen a Vëlker emspant.
Da gi mer all, duerch de globaliséierte Fridden, deen äis all e wichtegt Uleies ass, räich beschenkt. Da wiisst d’Mënschheet méi zesummen. Schenke mer äis dëst géigesäiteg fir 2003! An deem Sënn ruffen ech zesumme mat iech dat Neit Joer erbäi, dass et e Joer vu Versteestemech a mënschlechem Zouenaner gët.
Iech alleguer, äre Frënn a Familljen, e glécklecht a friddvollt Neit Joer 2003!