|
Kuckt och ...
|
Lettres pastorales / Hirtenbriefe
Wuert vum Erzbëschof vu Lëtzebuerg zu de «Journées Mondiales de la Jeunesse»
A senge Message weess de Poopst déi Jonk z’iwwerzeege mat senger optimistescher Siicht vun der Zukunft. E ka begeeschtere mat deem, wat hien der Jugend zoutraut. Jo, hie setzt ganz konsequent a voll Vertrauen op d’Kraaft an d’Engagement vun der Jugend, fir den Opbau vun enger méi gerechter, friddlecher a mënschefrëndlecher Welt. Dee Mann, deen trotz Alter a Krankheet onermiddlech seng Missioun weiderféiert, ass fir vill jonk Mënschen e liewegen an éierlechen Témoignage, datt de Glawen u Jesus Christus sech lount. D’Jugend sicht no Virbiller, no authentesche Glawenszeien. An och wa vill Jonker net ëmmer enger Meenung mat der Kierch sinn, grad a moralesche Froën, da gesi si dach a Mënschen ewéi dem Jean-Paul II. lieweg Referenzen. Zënter 1986 rifft de Poopst all 2-3 Joer d’Jugend vun der Welt an eng aner Stad fir d’Weltjugenddeeg - „d’Journées Mondiales de la Jeunesse“ oder kuerz JMJ genannt. Dat sinn all Kéiers Héichpunkten, op deenen d’Eenheet vun der kathoulescher Kierch sichtbar gëtt an zugläich och d’Liewegkeet an d’Vielfalt vum Vollek Gottes. Hei feieren déi Jonk net sech selwer, mee hire Glawen. Jo, esou grouss Jugendtreffen sinn och besonnesch Plazen, wou d’Hoffnung, de Glawen an d’Léift vun der jonker Generatioun gestäerkt kënne ginn, wou déi Jugendlech Kraaft fir hirt Liewe schäffe kënnen, fir esou zu Baumeeschteren vun enger neier Zivilisatioun vun der Léift ze ginn.
Vum 16. bis den 21. August 2005 - an elef Méint also - fannen d’Weltjugenddeeg souzesoë virun eiser Hausdir statt, an zwar zu Köln an Däitschland. Elo schon hu sech Jonker hei vu Lëtzebuerg gemellt, an ech hoffen, datt sech der nach vill vun der Iddi begeeschtere loossen, an d’nächst Joer mat op Köln fueren. Lëtzebuerg - Köln Iwwer d’Struktur vun der „Euregio“, der Zesummenaarbecht vun de kierchleche Jugendservicer aus de Bistümer vun der Groussregioun - der Belsch, Frankräich an Däitschland - ass Lëtzebuerg aktiv agebonnen an déi éischt Etapp vun de JMJ - de sougenannte „Journées en diocèse“ - den Deeg vun der Begéignung an däitschen Diözesen an an hire Partnerdiözese wéi Lëtzebuerg. Dat Agebonnesinn heescht fir äis, datt an den Deeg onmëttelbar virun de JMJ zu Köln, ronn 700 Jonker hei zu Lëtzebuerg vum 10.-15. August 2005 Statioun maachen, ier se hire Pilgerwee op Köln weiderginn. Déi spirituell Dimensioun Am Doum zu Köln ginn d’Reliquie vun den Hellegen Dräi Kinneke veréiert. Dem Evangelium no haten si sech aus dem Orient no Jerusalem opgemaach, fir dem neigebuerene Kinnek vun den Judden hir Reverenz ze erweisen. Um Wee soten se: „Wir haben seinen Stern aufgehen sehen und sind gekommen, um IHN anzubeten“ (Mt 2,2*). - „Wir sind gekommen, um IHN anzubeten“, dat ass och d’Thema vum Weltjugendtreffen zu Köln. Anbetung - oder Adoratioun - heescht, Jesus Christus begéinen, him nokommen, hien u sech eruloossen. Anbetung kann sech a verschiddene Formen ausdrécken - op eng ganz perséinlech a fräi Manéier oder awer iwwer bekannte Gebieder wéi z.B. dem Rousekranz. Am Gebiet an an der Meditatioun ka jiddereen, grad och eis eler Leit, Undeel huelen un dem groussen Uleies vun eiser Kierch: dem Weidergi vun der Gudder Noriicht un déi nächst Generatiounen. Am Hibléck op d’Joer vun der Eucharistie, dat de Poopst fir d’nächst Joer ausgeruff huet, däerf ech Iech elo schon ganz besonnesch d’eucharistesch Anbetung virum Tabernakel a Gemeinschaft oder individuell un d’Häerz leeën - grad och an der Intentioun vun engem gudden a fruchtbare Verlaf vun de JMJ. „Mir wëllen eist Engagement erfëllen!“ Ech si fest dovun iwwerzeegt, datt d’Weltjugendtreffen zu Köln an d’„Journées en diocèse“ hei zu Lëtzebuerg wichteg Kapitelen am reliéise Liewen vun eiser Diözes sinn. Der Wichtegkeet vum Événement entspriechend, wëlle mir äis Zäit a Mëttele ginn, fir d’Virbereedung. Dofir steet och dat ganzt nächst Joer ënner dem Thema vun der Jugendpastoral. Ech soën alle Fraën a Männer, déi un der Préparatioun bedelegt sinn, Merci fir hirt grousst Engagement. Ech denken do besonnesch un déi Jugendlech vun der Caravane, déi zënter Päischten duerch d’Land zitt, fir Mënschen fir d’JMJ ze begeeschteren. Och Iech, léif Schwësteren a Bridder, e grousse Merci fir Äert Gebiet a fir Äere Bäitrag un der Kollekt vun haut. Si ass geduecht, fir en Deel vun de Käschten vun de „Journées en diocèse“ ze decken, wa 700 Jonker aus aller Welt Gäscht hei zu Lëtzebuerg sinn. Äere Bäitrag hëlleft, datt mir eist Engagement erfëlle kënnen. Fernand FRANCK Mgr
Archevêque . Erzbischof
|
An dëser Rubrik
|


Circle cathollu
Follow cathollu
Like cathollu

Permalink: http://www.cathol.lu/article273
Uewen


