Léif Kanner,
Wat mat dir, wann dir äre Frënn an der Schoul oder beim Spille begéint? Dir erzielt hinne vun iech, vun ärem Liewen, vun äre Suergen. Mateneen schwätzen bedeit d’Liewe mateneen deelen.
Dorëms geet et och um Kannermissiounssonndeg. Mat deene ville Kanner op der ganzer Welt wëllt dir d’Liewen deelen – egal wéi wäit ewech datt si sinn. Et ass, wéi wann déi Kanner iech giwe froen: “Erziel mir vun dir!”, a wéi wann dir och si gifft uspriechen: “Erziel du mir vun dir!” Esou heescht duefir och de Motto vum Kannermissiounssonndeg 2008. Mer wëllen ee vun deem aneren eppes wëssen a gewuer ginn. Dat schaft eng grouss Eenheet ënnert äis alleguer.
Mat de Kanner weltwäit deele mer d’Hoffnung op e gutt Liewen. Jo, vill Kanner hoffen esouguer op e bessert Liewen an der Zukunft, well si elo a schwéiere Verhältnisser liewe mussen an net esou gutt dru sinn wéi vill Kanner zu Lëtzebuerg. Mat hinnen deelen, heescht äis fir si intresséieren, heescht un si denken, fir si bieden an och, wann een et maache kann, mat hinnen eise Wuelstand deelen. Duefir proposéiert d’Kannermissiounswierk Iech Projeën, wéi ee Kanner a Nout kann hëllefen – dëst Joer am Beispilland Neu Guinea. Da kréien si d’Liewe méi einfach gemat.
“Yumi toktok – Erziel mir vun dir!” Dat seet och de Jesus zu äis alleguer. An duefir ass hie frou, wa mer an d’Mass kommen a mat him schwätzen. Esou wéi hien och äis eppes seet iwwert sech selwer, wa mer op säi Wuert lauschteren. Dobäi zielt hien äis ganz villes vu sech, a besonnesch datt hien d’Kanner vun der ganzer Welt immens gären huet. Dat Schéinst, wat mir him verziele kënnen ass, datt mir datselwecht och éierlech probéieren.
Zu dëser Léift fir d’Kanner weltwäit wëll och ech iech alleguerten vu ganzem Häerz invitéieren!